(c) Chef Pepin

Den 29.05.1919 huet den Charles Strites den Toaster erfonnt, well en es sat hat verbrannten Toast z’iessen!

An dat Erstaunlecht ass dass den Toaster sech säit bal 100 Joer net vill verännert huet! Ausser vläit den Design!

Dat heescht deen huet och scho mat engem Timer funktionéiert an d’Brout ass erausgespronge wann et fäerdeg war?

Genee! Mee dat war emol nach guer net déi richteg Erausfuerderung. De Problem war, fir e Metall ze fannen, dat ënner elektrescher Spannung waarm genuch gëtt fir ze toasten, an zwar ouni a Flamen opzegoen, a séier genuch Hëtzt ze liwweren fir den Toast ze baken , ouni ze verdréchnen. Et huet also fir d'éischt missen eng Metallmëschung aus Nickel a Chrome entdeckt ginn, ier d’Erfindung vun eisem Toaster iwwerhaapt méiglech war!

Auteur: Corinne Kroemmer
Foto © Chef Pepin

Infobox

Mister Science op RTL Radio

1mol d'Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio d'Erfindung oder den Entdecker vum Daag.

 

 

Auch in dieser Rubrik

Stierwen an Doud Wat geschitt mam Kierper nom Doud?

Allerhellege steet virun der Dier. Vill Leit besichen deen Dag d’Griewer vun hire Verstuerwenen an denken un si. An deen een oder anere freet sech dobäi vläicht, wat mat eis nom Doud geschitt.

FNR
Buschtawenzalot Wat ass eigentlech Dyslexie?

Wärend vill Kanner spilles liesen, stolperen anerer iwwer Buschtawen. Wouru läit dat a wat kann een dogéint maachen?

FNR
Gesondheet vun der Fra Wat ass Endometriose a wéi kann ee se behandelen?

Ongeféier all zéngt Fra am gebärfäegen Alter leit ënner dëser chronescher Krankheet, déi mat vill Péng verbonnen ass. Detailer zu Symptomer, Ursaachen, Diagnos, Behandlungsoptiounen a Fuerschung.

FNR