Eidechse ohne Schwanz

Adobe Stock

Eidechse werfen hire Schwanz of, wann e Feind dono gräift.

Nee, dat kënnen net just Eidechsen – aner Déiere kënnen esouguer nach vill méi ewéi just hire Schwanz ofwerfen. An dës Strategie rett hinnen an esou munche Situatiounen d’Liewen.

Eidechse werfen hire Schwanz of, wann e Feind dono gräift. Mee de Kierperdeel geet net just lass, en zuckt och nach eng Zäitchen a lenkt de Feind of, fir dass d’Eidechs séier fortlafe kann.

Hire Schwanz wiisst normalerweis innerhalb vun e puer Wochen nees no. Meeschtens ass en dann awer net esou laang wéi deen éischten. Tatsächlech sinn Eidechsen net déi eenzeg Déieren, déi esou eppes kënnen, a gi vun där enger oder anerer Déierenaart esouguer nach iwwertraff.

Wat der Jomer ass dann nach méi beandrockend, wéi einfach mol e Kierperdeel falen ze loossen?

Net just de Schwanz oder d’Been, och Deeler vum Häerz oder dem Gehier kann den Axolotl, de bekannte Schwanzlurch aus Mexiko, regeneréieren. Dass hien d’Bee regeneréiere kann, hänkt warscheinlech mat senger Kannerstuff zesummen. Well virun allem an hirer Jugend knabbere sech d’Déieren oft géigesäiteg hir Extremitéiten of. Dass sech d’Häerz an d’Gehier och regeneréieren, kéint éischter en Nieweneffekt heivu sinn.

D’Fuerscher huelen esou eppes Änleches och beim Zebrafësch un. Egal ob Schwanzfloss, Häerz, Réckemuerch oder Sehnerv – säi Reparaturprogramm ass zimmlech beandrockend. Well en e ganz beweegleche Schwëmmer ass, kënnt et ëfters vir, dass e sech iwwerustrengt an dobäi blesséiert. Hei mussen d’Muskelen an d’Nerve séier reparéiert ginn, wat iwwregens bei all de Fësch, déi bis elo ënnersicht goufen, ganz gutt geléngt.

A bei Wierm ass „geteiltes Leid, halbes Leid“. Well wann e Stéck vun hirem hënneschte Kierper ofgetrennt gëtt, da kann de viischten iwwerliewen an de Rescht nei bilden. Hei déngen d’Autotomie an d’Regeneratioun och dozou, fir virun hongerege Raiber fortzelafen. Si se a Gefor, da kënnen d’Déieren hiren hënneschte Kierperdeel esouguer selwer ofwerfen.

Nach méi beandrockend ass d’Fäegkeet, déi eng Ekipp vu Fuerscherinne bei Sacoglossa-Mieresschleeke beobacht huet. D’Déiere käppe sech heiansdo selwer. A wärend deen ale Kierper inklusiv d’Häerz stierft, léisst sech de Kapp einfach en neie wuessen. Firwat si dat maachen? De Wëssenschaftlerinnen hir Hypothees: Ass de Schleekekierper vun ze vill Parasitte befall, da muss en eebe fort.

Mol ofgesinn dovun, dass et wierklech cool ass – firwat genee interesséiert sech d’Wëssenschaft fir dës Phenomeener?

Wa mir Mënschen en Aarm oder e Bee verléieren, da feelt eis op där Plaz fir ëmmer eppes. Well wärend d’Regeneratiounschampionen aus dem Déiereräich et hikréien, d’Zelle vun hirem Bindegeweebe an e stammzellänleche Stadium zeréckfalen ze loossen, bréngt eist Bindegeweebe just eng Narb fäerdeg. Deemno ze verstoen, firwat sech munch Liewewiese selwer heele kënnen, ass de Schlëssel zu der regenerativer Medezin. Well dann – esou d’Hoffnung vun de Wëssenschaftler – ass et vläicht enges Daags méiglech, dass och fir ganz schlëmm Verletzunge beim Mënsch Therapien entwéckelt ginn. A genee dowéinst bleift d’Fuerschung spannend.

Infobox

Auteur: scienceRELATIONS/Kai Dürfeld
Redaktioun: Michèle Weber (FNR)
Iwwersetzerin: Danièle Di Cato (why vanilla?)

Mir soen dem Catherina Becker e ganz léiwe Merci. Si huet eis virun allem iwwer de „Firwat?“ bei dem Axolotl, Zebrafësch a Reewuerm opgekläert. Si ass Alexander von Humboldt-Professesch op der TU Dresden an Direktesch vun der Ekipp „Neural Development and Regeneration“ beim Zentrum für Regenerative Therapien Dresden (CRTD).

Infobox

Auch interessant

Gesondheetsschutz Wéi geféierlech sinn Zecken?

Zecken iwwerdroe Krankheeten. Mee: Et kann ee sech mat einfache Mëttele géint Zeckestéch schützen. Och d'Fuerschung entw...

FNR
Neuer immuntherapeutischer Ansatz Katzenallergien: Hohe Dosen eines Hilfsstoffs erhöhen die Immuntoleranz und lindern Allergiesymptome

Forscher des LIH verfolgen bei der Behandlung schwerer Katzenallergien einen neuen Therapieansatz, mit dem die wesentlic...

LIH
Gewinner des nationalen Jonk Fuerscher Wettbewerbs Beerobot: ein Nachkomme für Bestäuber

Was passiert nach dem Bienensterben? Gonçalo Rafael Fonseca Correia erfindet einen Roboter, der die Rolle der Bestäuber ...

Auch in dieser Rubrik

Zaunkönig
Vullegesang Wéi brénge winzeg Villercher et fäerdeg sou haart ze sangen?

Sangvullen hunn zwou speziell Strukturen an hirem Kierper: Loftsäck an e besonnescht Stëmmorgan.

FNR
D'Wierkunge vun der Spermaflëssegkeet Ass Sperma gesond?

Bei ville Koppele gehéiert Oralverkéier beim Sex dozou. Zum Schluss kënnt d'Ejakulatioun. Ass et eigentlech gesond, de Sperma ze schlécken?

FNR
Physik vum Schifueren Firwat kënnt ee mat moderne Schi esou einfach an d'Kéier?

Mister Science, vill Lëtzebuerger si grad an der Schivakanz. Fréier, mat mengen ale Schi, hat ech den Androck, datt d'Kéierefuere vill méi schwéier war ewéi elo mat moderne Schi. Wéi kann dat sinn?

FNR