(c) NASA

Mee d’Beschleunegung vum Space Shuttle ass jo schonn un der Limite vun deem, wat de Mënsch aushält! Wéi séier beschleunegt d’Flou dann?

De Space Shuttle ass während der Beschleunegung beim Start während e puer Minutte ëm déi 15 g ausgesat,also der 15-facher Äerdbeschleunegung. D’Beschleunegung vum Space Shuttle ass also 15 mol méi grouss ewéi d’Beschleunegung déi mir erliewe wa mer iergend wou eroffalen, zum Beispill op engem Spill op der Fouer! D’Fléi kenne beim Start awer locker bis zu 300 g ausgesat sinn, awer nëmme während eng knapper Sekonn! Mee dat geet hinnen duer fir hire Sprong, deen iwwregens fir esou e klengt Déier enorm grouss ass!

Wéi mécht d’Flou dat dann fir déi enorm Kraaft opzebréngen?

Dat ass eng gutt Fro, trotz hirer winzeger Mass geet d’Muskelkraaft eleng nämlech net duer, fir esou e Sprong! D’Fuerscher sinn och scho méi laang vun där Fro faszinéiert a si hunn erausfonnt, dass d’Flou Resilin an de Been huet. Dat ass eng elastesch Protein, déi sech wéi eng Fieder kann zesummenzéien an esou enorm vill Energie stockéiert! A wann d’Fieder ausernee geet, da gëtt d’Flou reegelrecht an d’Loft katapultéiert! An esou kann si dann ouni mat den Oueren ze wackelen 300 G erreechen an 20 mol méi beschleunegen wéi de Space Shuttle!

Dat ass dach bestëmmt eng brauchbar Iddi fir an der Technologie anzesetzen! Da wëssen d’Fuerscher jo elo wou se knäipe ginn ... eh pardon, sech inspiréiere ginn!

Auteur: Corinne Kroemmer
Foto © Nasa

Infobox

Mister Science op RTL Radio

1mol d'Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio spannend wëssenschaftlech Kuriositéiten.

     

Auch in dieser Rubrik

Ausserierdesch Signaler Wéi sicht d'Wëssenschaft no ausserierdesche Signaler?

Wat geschitt, wann d'Mënschheet e Signal vun ausserierdeschem Liewen entdeckt? Nei international Richtlinne leeë fest, wéi d'Wëssenschaft da soll virgoen. Mee wéi sicht se iwwerhaapt no Signaler?

FNR
Physik am Alldag Firwat knuppen Diere bei Duerchzuch zou?

Wann Diere bei Duerchzuch zouknuppen, stécht net einfach nëmme Wand dohanner. Entscheedend sinn Drockënnerscheeder, déi Loft a Beweegung setzen – an d'Tatsaach, datt d'Dier d'Loft selwer och beweegt.

FNR
Blëtzableiter Kéint een Energie aus Blëtzer gewannen?

An engem Blëtz stécht dach ganz vill Energie. Kënne mir déi vläicht notzen?

FNR