FNR

D’Michèle vu science.lu weist Dir d'Experiment vum Dag.

D’Michèle vu science.lu weist Dir am Experiment vum Dag wéi ee sech mat engem Nol an engem Magnéit e Kompass baut. Wann ee mat engem Magnéit laanscht en Eisenen Nol reiwt, gëtt dëse magnéitesch. Wann‘s de dësen Nol op engem Stéck Kork oder op engem Blat an d’Waasser lees, riicht sech dësen nom Magnéitfeld vun der Äerd aus, a weist dir den Norden.

Wärend der ganzer Zäit vum COVID-19 Homeschooling verfilme mir vu science.lu all Dag ee klengt Experiment fir Dech, wat ee mat wéineg Material doheem nomaache kann. Eis Zieler: Dech virwëtzeg maachen, Dech un d’staunen kréien an Dir d‘Freed um experimentéiere weider ginn.

Kuck net just de Video mee maach d‘Experiment no!

Dat mécht vill méi Spaass an dobäi mécht een dacks nach aner intressant Beobachtungen. Also sich d’Material an da lass!

Heiansdo klappt et net bei der éischte Kéier – dat ass normal – kuck de Video nach emol genee oder sich am Internet no enger anerer Beschreiwung vum Experiment.

Vill Spaass beim nomaachen!

Däin Team vu Science.lu

Auch interessant

Science-Trick En Hiewel hëlleft hiewen

Mat dësem klenge Science-Trick ka souguer e Kand en Erwuessenen „ophiewen“.

FNR
Experiment Looss eng Béchs duerchsichteg ginn!

Eng Béchs besteet dach aus Metall - oder? Wéi soll déi dann duerchsichteg ginn? Ma dat ass guer net sou schwéier an du k...

FNR

Auch in dieser Rubrik