Fir sech op d’Kannerradionuecht um 100.7 anzestëmmen, weist de Joseph eis e spannend Experiment mat enger selwer gebastelter Flütt, dat hien och an der Sendung presentéiert.

Material

  • Schallimo mat engem méi breeden Duerchmiesser (z. B. Smoothie-Schallimo)
  • Loftballon
  • Scotch
  • E bësse Waasser

Praktesch Tipps

Kriss Du keen Toun aus denger Flütt eraus? Änner d'Positioun vun dengem Mond oder denge Lëpsen. Déi ënnescht Lëps muss iwwert der Ëffnung vum Schallimo sinn. Kuck de Video genee, a probéier et no ze maachen. 

Fir Chrëschtdag 2020 hate mir dëst Experiment mat enger Schallimoflütt gepost: 

Hei kënnt elo eng nei Variant vun der Schallimoflütt. 

Esou bastels Du d'Schallimoflütt 2.0

Fëll e bësse Waasser an de Loftballon. Befesteg de Loftballon dann un engem Enn vum Schallimo mat Scotch. Bloos dann an de Schallimo (sou wéi's Du dat bestëmmt scho mat enger Gedrénksfläsch gemaach hues). Elo misst en Toun entstoen. Dréck da ganz liicht op de mat Waasser gefëllte Loftballon. Den Toun misst sech dann änneren. 

Prinzip

Wann s de an de Schallimo bléis, fänkt d’Loft am Schallimo un ze schwéngen. Wann s de op de Loftballon drécks, kléngt den Toun vun der Flütt méi héich, well d’Loft am Schallimo manner Plaz huet, fir ze schwéngen. D’Waasser wat aus dem Loftballon an de Schallimo klëmmt hëlt der Loft Plaz ewech.

Dat ass eigentlech de Prinzip vun enger Panflütt. Eng Panflütt besteet aus Réiercher vun ënnerschiddleche Längten. An déi maachen da verschidden Téin: e kuerze Réierchen mécht e relativ héijen Toun, e laange Réierchen e méi déiwen Toun. 

Panflütt vun de Solomon Inselen. Foto: Didier Descouens via Wikimedia Commons

En Toun entsteet, wa Loft a Beweegung geréit. Doduerch entsti Schallwellen. An de Réiercher entsteht eng Schallwell, eng sougenannt "stehende Welle". An déi Well kann nëmmen eng gewësse Längt hunn an doduerch gëtt den Toun bestëmmt. Et gëtt och nach en "Iwwertoun" deen entsteet wann ee ganz fest an de Réierche bléist, dat sinn da méi kleng Wellen am Réierchen dran déi awer och genau op d'Längt vum Réierche passen. 

Kuck net just de Video, mee maach d‘Experiment no!

Dat mécht vill méi Spaass an dobäi mécht een dacks nach aner intressant Beobachtungen. Also sich d’Material an da lass!

Auteuren: Joseph Rodesch, Michèle Weber (FNR)
Video: Joseph Rodesch & Sarah Barthel (FNR) 

Auch interessant

Wanter-Experiment Bau e Schnéimännchen ouni Schnéi – a looss e schmëlzen

Bakpolver, Salz, e bëssi Spüli, Waasser, Deko, Esseg – a lass! En einfacht Experiment fir d’Chrëschtvakanz fir virwëtzeg...

FNR
Science-Trick En Hiewel hëlleft hiewen

Mat dësem klenge Science-Trick ka souguer e Kand en Erwuessenen „ophiewen“.

FNR

Auch in dieser Rubrik

Wanter-Experiment Bau e Schnéimännchen ouni Schnéi – a looss e schmëlzen

Bakpolver, Salz, e bëssi Spüli, Waasser, Deko, Esseg – a lass! En einfacht Experiment fir d’Chrëschtvakanz fir virwëtzeg Kanner an Erwuessener.

FNR
Sonnendruck Drucke Muster auf farbiges Papier – mit Hilfe der Sonne

Für dieses Experiment brauchst du nicht unbedingt spezielles Sonnendruckpapier – es geht auch mit farbigem Bastelpapier.

FNR
Chemische Reaktion Lasse einen “Baum” wachsen – mithilfe von Natron und Essig

Dieser „Backpulver-Baum“ funktioniert nach einem ähnlichen Prinzip wie der „Backpulver-Vulkan“.

FNR