FNR

D’Melanie vu science.lu, weist Dir am Experiment vum Dag, wéi een an der Mikrowell en zouene Ballon opblose kann, an deem e bësse Waasser ass. D’Waasser gëtt an der Mikrowell erhëtzt bis et verdämpt an zu Gas gëtt. Gas brauch méi Plaz wéi Flëssegkeet an doduerch gëtt de Ballon ausernee gedréckt – a gëtt méi déck. Wann een de Ballon aus der Mikrowell eraus hëlt killt den Damp séier a gëtt rëm zu Waasser an doduerch schrumpft en erëm. Keng Léisung also fir Leit déi virun enger Party keng Loscht hunn Ballonen opzeblosen. Dëst Experiment kann een awer méi dacks hannert enee maachen.

Wärend der ganzer Zäit vum COVID-19 Homeschooling verfilme mir vu science.lu all Dag ee klengt Experiment fir Dech, wat ee mat wéineg Material doheem nomaache kann. Eis Zieler: Dech virwëtzeg maachen, Dech un d’staunen kréien an Dir d‘Freed um experimentéiere weider ginn.

Kuck net just de Video mee maach d‘Experiment no!

Dat mécht vill méi Spaass an dobäi mécht een dacks nach aner intressant Beobachtungen. Also sich d’Material an da lass!

Heiansdo klappt et net bei der éischte Kéier – dat ass normal – kuck de Video nach emol genee oder sich am Internet no enger anerer Beschreiwung vum Experiment.

Vill Spaass beim nomaachen!

Däin Team vu science.lu

Auch interessant

Science-Trick En Hiewel hëlleft hiewen

Mat dësem klenge Science-Trick ka souguer e Kand en Erwuessenen „ophiewen“.

FNR
Experiment Looss eng Béchs duerchsichteg ginn!

Eng Béchs besteet dach aus Metall - oder? Wéi soll déi dann duerchsichteg ginn? Ma dat ass guer net sou schwéier an du k...

FNR

Auch in dieser Rubrik

Ouschter-Challenge Wéi kritt een e gekachten Ee an eng Fläsch - an och erëm eraus?

Eng duebel Challenge, fir deng Famill oder Frënn Ouschteren erauszefuerderen.

FNR
Weihnachts-Experiment Bringe eine Mandarine zum Leuchten – mit einer Wunderkerze

Dieses Experiment begeistert gerade viele Kinder und Erwachsene in den sozialen Medien. Doch warum funktioniert es?

FNR
Aufbrausend Verwandele herkömmliche Popcorn-Maiskörner in bunte Tänzer!

Die Popcorn-Körner werden über Nacht mit Lebensmittelfarbe eingefärbt und dann mithilfe von Wasser, Backpulver und Essig zum Tanzen bewegt!

FNR