D'Linda vu science.lu weist haut een Experiment.

D’Linda vu science.lu weist dir am Experiment vum Dag wéi een e Gummibierche ka wuessen oder schrumpfe loossen. Et ass en Experiment am Thema Osmos – e Phenomen dat z.B. lieweg Zelle benotze fir z’iessen an ze drénken“.

Wärend der ganzer Zäit vum COVID-19 Homeschooling verfilme mir vu science.lu all Dag ee klengt Experiment fir dech, wat ee mat wéineg Material doheem nomaache kann. Eis Zieler: dech virwëtzeg maachen, dech un d’staunen kréien an dir d‘Freed um experimentéiere weider ginn.

Kuck net just de Video mee maach d‘Experiment no!

Dat mécht vill méi Spaass an dobäi mécht een dacks nach aner intressant Beobachtungen. Also sich d’Material an da lass!

Heiansdo klappt et net bei der éischte Kéier – dat ass normal – kuck de Video nach emol genee oder sich am Internet no enger anerer Beschreiwung vum Experiment.

Vill Spaass beim nomaachen!

Däin Team vu science.lu