D’Melanie vu science.lu weist dir am Experiment vum Dag wat passéiert wann een e Stéck Seef an d’Mikrowell erhëtzt. Dat wiist! Seef geet op well ëmmer nach e bëssen Waasser dran ass. Dëst gët waarm, doduerch gëtt Seef Mëll an dann verdämpt et mee d’Seef léist d’Gasblosen awer net eraus. Si geet op wéi e Kuch. Duerno kanns de nach bëssen witzeg dekoréieren a färedeg ass däi Seefemonster.
Wärend der ganzer Zäit vum COVID-19 Homeschooling verfilme mir vu science.lu all Dag ee klengt Experiment fir dech, wat ee mat wéineg Material doheem nomaache kann. Eis Zieler: dech virwëtzeg maachen, dech un d’staunen kréien an dir d‘Freed um experimentéiere weider ginn.
Kuck net just de Video mee maach d‘Experiment no!
Dat mécht vill méi Spaass an dobäi mécht een dacks nach aner intressant Beobachtungen. Also sich d’Material an da lass!
Heiansdo klappt et net bei der éischte Kéier – dat ass normal – kuck de Video nach emol genee oder sich am Internet no enger anerer Beschreiwung vum Experiment.
Vill Spaass beim nomaachen!