
shotshop.com
Leemmauere suerge fir een agreabelt Raumklima.
Et kéint een net nëmmen, mee et huet een et scho laang gemaach! An Däitschland steet zum Beispill zu Weilburg dat héchst Leemhaus aus Europa, ëmmerhi mat 6 Etagen. Gebaut gouf et viru bal 200 Joer. An an der Géigend ronderëm déi franséisch Metropol Lyon sinn d’Haiser déi virum 2. Weltkrich gebaut goufen aus Leem.
Mee Leem kann dach briechen, wéi kann een doraus fest Mauere maachen?
Et kann een zum Beispill nëmme liicht fiichte Leem tëscht Coffragen afëllen a festdrécken. Dat huet ee Fréier mat der Hand gemaach, haut dacks mat Maschinnen. De Leem gëtt dobäi sou staark kompriméiert, dass fest Maueren entstinn. Dobäi spillen Tounmineralien, déi am Leem dra sinn, d’Roll vum Pech. Si bilden sou winzege Placketten. Fuerscher hunn erausfonnt, dass si vun engem dënne Waasserfilm zesumme gehale ginn. Dat kann een sech wéi ee Koup vu fiichte Spillkaarte virstellen, déi jo och unenee pechen. Esou pechen d’Tounmineralien uneneen an och un deenen anere Bestanddeeler vum Leem wéi Sand oder Stengercher. Mee anescht wéi den Zement am Bëtong bilden dës Mineralien si kleng fest Kristallstrukturen. Leem ass dowéinst nach laang net sou stabil wéi Bëtong, dowéinst musse Leemmaueren och méi déck sinn, sou bis zu 60 Zentimeter.
Mee weeche Leemmaueren net op, wann et reent?
Reen halen si erstaunlech gutt aus. Kritesch gëtt et nëmmen, wann si permanent naass sinn, da ginn si méi mëll. Et muss een si also virun allem ënne schützen, géint Nätzt, déi aus dem Buedem eropkënnt. Et setzt een si dowéinst op Zillen- oder aus Bëtong gegosse Grondmaueren.
Firwat sollt ee mat Leem bauen, wann Zillen oder Bëtong méi stabil oder net sou sensibel sinn?
Leemmauere suerge fir een agreabelt Raumklima. Si kënne ganz gutt Fiichtegkeet ophuelen an erëm ofginn. An si schützen am Summer ganz gutt géint Hëtzt. Mee den Haaptgrond ass een aneren: Zillen oder Bëtong sëtze bei hirer Hierstellung enorm vill klimaschiedleche CO2 fräi. Bëtong ass fir ronn 7% vun der weltwäite CO2-Emissioun verantwortlech.
Dat ass jo enorm!
Jo, dat géif een net mengen! Leem ass par konter näischt aneres wéi Buedem. Idealerweis kann een de Buedem aus dem Baugruef huelen, amplaz deen op eng Deponie ze féieren.
A wann d’Haus iergendwann emol ofgerappt gi muss, kann een d’Leemmauer einfach zerklengere fir esou neit Baumaterial ze hunn?
Genee! Och aus deem Grond intresséieren sech Bauingenieuren a Materialfuerscher fir Leem, a versichen, en als Baumaterial weiderzëentwéckelen. Dofir bleift Fuerschung ëmmer spannend!
Nach e puer aner Froen...
Wéi eng Leembau-Techniken ginn et?
„gréngen“ Leembëtong?
Auteur: Ingo Knopf / scienceRELATIONS
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Iwwersetzerin: Melanie Reuter (FNR)