FNR

D'Melanie vu science.lu weist Dir am Experiment vum Dag, wéi een Tënt verschwanne loosse kann an duerno rëm optauche léist. Heivir brauchs Du e Frixion Bic ©, deen ee bal iwwerall am Commerce kritt. An dësem Bic ass eng sougenannten thermochrom Tënt dran, déi op Hëtzt reagéiert. Wann ee mat der Gummirécksäit vum Bic iwwert eppes Geschriwwenes reift gëtt dëst net ausgewëscht mee et entsteet Hëtzt, déi d’Faarf duerchsichteg mécht. D’Tënt bleift awer um Pabeier. Mat engem Fön kann een d’Faarf och verschwanne loossen. Bei Hëtzt entsteet eng chemesch Reaktioun an der Tënt déi een awer och ëmkéiere kann duerch Keelt. Bei Minustemperature kann een d’Tënt erëm siichtbar maachen. Am Freezer oder andeems een eng Äis-Salz-Keeltmëschung op d’Blat leet gëtt d’Reaktioun ëmgedréint an et kann ee rëm alles gesinn. En optimale Bic also fir geheim Bréiwer ze schreiwen.

Wärend der ganzer Zäit vum COVID-19 Homeschooling verfilme mir vu science.lu all Dag ee klengt Experiment fir Dech, wat ee mat wéineg Material doheem nomaache kann. Eis Zieler: Dech virwëtzeg maachen, Dech un d’staunen kréien an Dir d‘Freed um experimentéiere weider ginn.

Kuck net just de Video mee maach d‘Experiment no!

Dat mécht vill méi Spaass an dobäi mécht een dacks nach aner intressant Beobachtungen. Also sich d’Material an da lass!

Heiansdo klappt et net bei der éischte Kéier – dat ass normal – kuck de Video nach emol genee oder sich am Internet no enger anerer Beschreiwung vum Experiment.

Vill Spaass beim nomaachen!

Däin Team vu science.lu

#Experimenterdoheem – Concours

Film Dech oder maach eng Foto beim Experimentéieren a probéier bei eisem Concours ze gewannen. Méi Infoen hei:

Auch in dieser Rubrik

Ouschter-Challenge Wéi kritt een e gekachten Ee an eng Fläsch - an och erëm eraus?

Eng duebel Challenge, fir deng Famill oder Frënn Ouschteren erauszefuerderen.

FNR
Weihnachts-Experiment Bringe eine Mandarine zum Leuchten – mit einer Wunderkerze

Dieses Experiment begeistert gerade viele Kinder und Erwachsene in den sozialen Medien. Doch warum funktioniert es?

FNR
Aufbrausend Verwandele herkömmliche Popcorn-Maiskörner in bunte Tänzer!

Die Popcorn-Körner werden über Nacht mit Lebensmittelfarbe eingefärbt und dann mithilfe von Wasser, Backpulver und Essig zum Tanzen bewegt!

FNR