FNR

D’Melanie vu science.lu weist dir am Experiment vun Dag wéi een e Loftballon laanscht e Seel guidéiert fléie loosse kann. E Ballon ass liicht an d’Kraaft vun der Loft déi erausstréimt geet duer fir en unzedreiwen a wann dësen Undriff laanscht e Seel geet kann dëse richteg wäit düsen. Wéi wäit kanns du e fléie loossen?  

Wärend der ganzer Zäit vum COVID-19 Homeschooling verfilme mir vu science.lu all Dag ee klengt Experiment fir Dech, wat ee mat wéineg Material doheem nomaache kann. Eis Zieler: Dech virwëtzeg maachen, Dech un d’staunen kréien an Dir d‘Freed um experimentéiere weider ginn.

Kuck net just de Video mee maach d‘Experiment no!

Dat mécht vill méi Spaass an dobäi mécht een dacks nach aner intressant Beobachtungen. Also sich d’Material an da lass!

Heiansdo klappt et net bei der éischte Kéier – dat ass normal – kuck de Video nach emol genee oder sich am Internet no enger anerer Beschreiwung vum Experiment.

Vill Spaass beim nomaachen!

Däin Team vu science.lu

#Experimenterdoheem – Concours

Film Dech oder maach eng Foto beim Experimentéieren a probéier bei eisem Concours ze gewannen.
Méi Infoe fënns Du hei:

Auch interessant

Luftdruck Klebe Becher an einen Luftballon – aber ohne Kleber!

Dieser Ballon-Teufel hat ein Grobvakuum zwischen seinen beiden Ohren.

FNR
Kanéil-Effekt Zapp deng Hand an d'Waasser ouni datt se naass gëtt

En Experiment mat deem een sech selwer am meeschten erstaunt. 

FNR
Osmos Erschreck deng Matbewunner mat Ierbessen

Gedréchent Leguminosen (DE : Hülsenfrüchtler) quëllen op wann een se an d’Waasser leed. Mir weisen iech wéi een heimat s...

FNR

Auch in dieser Rubrik

Mikroskopie Kuck méi genee - mat engem klengen digitale Mikroskop

Mat dësem einfache Mikroskop dat sou grouss ass wéi eng Täscheluucht kanns Du dir op dengem Computer, Tablett oder Smartphone Detailer ukucken, déi fir d’Aen villäicht souguer onsiichtbar sinn.

FNR
Luftdruck Klebe Becher an einen Luftballon – aber ohne Kleber!

Dieser Ballon-Teufel hat ein Grobvakuum zwischen seinen beiden Ohren.

FNR
Kaffee-Experiment Wie funktioniert eine Vakuum-Kaffeemaschine?

Hier zeigen wir Dir die wahrscheinlich spannendste Methode Deinen Kaffee zu brauen.

FNR