FNR
De Jhemp vu science.lu weist Dir am Experiment vum Dag wéi een, mat Hëllef vu (ganz haarder) Musek, Flamen danze loossen, oder souguer ausblose kann. Alles wat een dofir brauch si Käerzen, Lautsprecher a wann een een doheem huet, och ee Bass. Musek si Schallwellen, also Drockwellen, déi sech duerch d'Loft verbreeden, an do duerch d'Flamen zum Beweege bréngen. Wa lo dës Drockwelle staark genuch sinn, oder duerch en Triichter gebündelt ginn, da kann ee souguer eng Käerz domat ausblosen.
Wärend der ganzer Zäit vum COVID-19 Homeschooling verfilme mir vu science.lu all Dag ee klengt Experiment fir dech, wat ee mat wéineg Material doheem nomaache kann. Eis Zieler: dech virwëtzeg maachen, dech un d’staunen kréien an Dir d‘Freed um experimentéiere weider ginn.
Kuck net just de Video mee maach d‘Experiment no!
Dat mécht vill méi Spaass an dobäi mécht een dacks nach aner intressant Beobachtungen. Also sich d’Material an da lass!
Heiansdo klappt et net bei der éischte Kéier – dat ass normal – kuck de Video nach emol genee oder sich am Internet no enger anerer Beschreiwung vum Experiment.
Vill Spaass beim nomaachen!
Däin Team vu science.lu