
shotshop.com
Een, zwee, dräi; eins, zwei, drei; un, deux, trois; one, two, three: Haart ziele kann ech a verschiddene Sproochen. Ma wéi eng benotzt een eigentlech ëmmer dann, wann et am Kapp séier goe muss, Mister Science?
Psychologen a Léierfuerscher ginn dovun aus, datt mir fir eis mathematesch Fäegkeeten automatesch déi Sprooch wielen, an der mer dës geléiert hunn. Beim Ziele wier dat an der Mammesprooch, also déi, déi mer ganz fréi am Liewen duerch eis enksten a soziaalt Ëmfeld bäibruecht kritt hunn. Wëssenschaftler schwätzen hei vun der „Éischter Sprooch“, well een déi jo och vum Papp léiere kann.
Wéi ass et da bei Persounen, déi gläichzäiteg bilingual opwuessen, also quasi zwou Mammesproochen hunn?
Also hänke Mathe a Sproochen enk zesummen?
Dat kann een sou soen. Wien huet méi? Wien huet manner? Wéi eng Zuel kënnt no der dräi? Wéi vill Ae weist de Wierfel? D’Grondlage vun der Mathe ginn de Kanner spilleresch iwwer d’Sproch vermëttelt, an zwar scho laang éier si déi éischte Kéier duerch hire Cours gebliedert hunn.
A wat ass, wa mir Mathe spéider an enger anerer Sprooch bäibruecht kréien?
Och bei dësem kulturvermëttelte Rechnen, wéi Fuerscher de Mathescours an der Schoul oder op der Uni nennen, spillt d’Sprooch eng wichteg Roll. Egal ob einfacht Grondrechnen oder komplizéiert Equatiounen – wa mer sou eng Aufgab maache mussen, da léise mer se am beschten an der Sprooch, an der mer se bäibruecht kritt hunn. Dëse Probleem an enger anerer Sproch unzegoen, déi mer zwar och gutt beherrschen, erfuerdert méi Ressourcen. Eng Etüd vum Dr. Amandine van Rinsveld a Prof. Christine Schiltz vun der Universitéit Lëtzebuerg huet gewisen, datt d’Gehier an sou engem Fall nach aner Regiounen aktivéiert. Niewent de Beräicher fir Zuelen a Sproochen, déi normalerweis beim Rechnen aktivéiert sinn, hunn hei och d’Arealer, fir dat bildlecht Denken, bei der Arbecht eng Roll gespillt.
“Am méisproochege Schoulsystem zu Lëtzebuerg beaflosst déi éischt Sprooch, déi am Mathsecours benotzt gëtt, souguer d’Zielen, d’Liesen an d’Erkenne bis an den Erwuessenenalter.“ ergänzt d’Christine Schiltz. „Erwuessener, Jugendlecher a Kanner brauchen sou méi laang fir franséisch Zuelen ze benennen a Kanner maache souguer och däitlech méi Feeler mat franséische wéi mat däitschen Zuelen.“
Infobox
Auteur: scienceRELATIONS/Kai Dürfeld
Editeuren : Michèle Weber (FNR), Christine Schiltz (University of Luxembourg)
Iwwersetzerin: Melanie Reuter (FNR)