Schlafen im Klassenraum

shotshop.com

D’biologesch Auer vu Jugendlechen tickt anescht, wéi déi vu Kanner oder Erwuessenen.

Jo! Dat weise vill Studien, a Schloffuerscher setzen sech dowéinst fir ee méi spéide Schoulufank an. An den 1970er Joren hunn si fir d’éischt festgestallt, dat d’biologesch Auer vu Jugendlechen anescht tickt, wéi déi vu Kanner oder Erwuessenen. Hire Schlofrhythmus ass bis zu 2 Stonnen no hanne verréckelt. Wann si um 8 Auer am Cours nolauschteren oder een Test schreiwe sollen, ass et esou, wéi wann een Erwuessene schonn um 6 Auer geeschteg Héichleeschtung brénge misst.

Missten d’Schüler net einfach éischter an d’Bett goen, fir genuch Schlof ze kréien?

Eng Etüd huet et gepackt, d’biologesch Auer vu Jugendlechen bëssen ze verstellen, sou datt si éischter midd ginn. D’Versuchspersoune sinn awer dofir bezuelt ginn, fir éischter an d’Bett ze goen, a si hu missen engem streng gereegelten Dagesrythmus nogoen an hunn wärend dem Schlofe Masken ugedoen, fir an der Nuecht och wierklech kee Liicht méi ofzekréien. D’Liicht ass ee wichtegen Taktgeber fir eisen Dages- a Nuechtrhythmus. Et war also genuch Opwand noutwenneg.

Am richtege Liewe komplett onrealistech…

Genee. Eltere sollten trotzdeem probéieren, hier Kanner dozou ze bréngen, net bis spéit an d’Nuecht op den Ecran ze kucken, wat d’Aschlofen nämlech nach méi schwéier mécht. Ma géint d’Biologie kämpfen ze wëllen, wier awer sënnlos. Besser wier et, de Schoulufank no hannen ze verréckelen, sou géint 9 Auer.

Wéi eng Auerzäit schloen d’Wëssenschaftler da vir?

Jugendlecher brauchen tëschent 8 an 10 Stonne Schlof. Dovu kann een dann zeréckrechnen. Bei engem Schoulufank um 8 Auer, eng hallef Stonn Schoulwee an eng dräivéierel Stonn fir opzestoen a Kaffi ze drénken, missten si um véierel vir 7 opstoen. Jee nom individuelle Besoin u Schlof missten si schonn um véierel vir 10 d’Luucht ausmaachen. Dacks ginn si wéinst hirem verréckeltem Schlofrhythmus awer eréischt géint 11 Auer midd. Wann een dat a Kaf hëlt, da misst d’Schoul eréischt géint 9 Auer ufänken.

Dann verréckelt sech awer de ganze Schouldag no hannen an et bleift keng Zäit méi fir Hobbyen a Sport!

Dowéinst gëtt mat Auerzäiten dotëscht experimentéiert. An Amerika ass de Schoulufank an engem Fall vun hallwer 8 op véierel vir 9 verréckelt ginn. Den Zäitgewënn hunn d’Jugendlecher zwar net komplett a Schlof ëmgewandelt, ma ëmmerhin hunn si am Duerchschnëtt 30 Minutte méi laang geschlof an d’Notten hunn sech och verbessert. Och eng Schwäizer Studie konnt weisen, datt wann een de Schoulufank ëm nëmmen 20 Minutten no hanne géing verréckele positiv Auswierkunge fir d’Dagesform vun de Schüler huet.

Ee méi spéide Schoulufank kéint sech also laangfristeg positiv op déi geeschteg Performance vum Land auswierken?

Dat kinnt sinn. Fir dat sécher ze wëssen, muss d’Fuerschung awer weider un dëser Fro schaffen. Dofir bleift Fuerschung ëmmer spannend!

Wéi vill Schlof brauche Kanner a Jugendlecher

Déi optimal Schlofdauer ass individuell: déi eng brauche méi, déi aner manner Schlof. All Etüden weisen awer, datt hautdesdaags déi meescht Leit, a besonnesch Jugendlecher, ee Schlofdefizit hunn. Puppelcher sollten tëschent 12 a 16 Stonne schlofen, Kanner bis zwee Joer reegelméisseg tëschent 11 a 14 Stonnen. Kanner bis 5 Joer 10 bis 13 Stonnen a vu 6 bis 12 Joer dann 9 bis 12 Stonnen. Jugendlecher brauchen ëmmerhin nach 8 bis 10 Stonne Schlof. Dës Donnéeën si vun der Amerikanescher Akademie fir Schlofmedezin, déi vu villen europäeschen Expert-Firmen iwwerholl goufen.

„Éiweg“ Summerzäit a Schoulufank

D‘EU-Kommissioune vun 2018 huet eng Online-Ëmfro organiséiert, an do hunn sech iwwer 80% vun de Participante fir d’Ofschafung vun der hallefjäreger Zäitëmstellung ausgeschwat. D’Majoritéit huet fir eng „éiweg“ Summerzäit gestëmmt. Dat géif fir Schüler bedeiten, datt si gefillt nach éischter opstoe missten, well et grad am Wanter dann nach méi spéit hell gëtt. Obwuel d’Walbedeelegung nëmmen an Däitschland, Éisträich a Lëtzebuerg iwwer ee Prozent louch, haten nach ni sou vill Bierger an esou enger EU-Ëmfro deelgeholl. Dat weist, wéi vill d’Thema Auerzäit d’Mënsche beschäftegt. Zënterhier huet och d’EU-Parlament fir eng Ofschafung vun der Zäitëmstellung gestëmmt. Wann d’Summerzäit „gewannen“ sollt, gëtt da wahrscheinlech och den Diskussiounsbedarf méi grouss, de Schoulufank no hannen ze verréckelen.

Auteur: Ingo Knopf / scienceRELATIONS
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Iwwersetzerin: Melanie Reuter (FNR)

Infobox

Mr Science op RTL Radio

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d'Emissioune fënns du hei: http://radio.rtl.lu/emissiounen/science