Adobe Stock

Dass mer vu Kaffi monter ginn, läit um Koffein. Dëst natierlecht Opputschmëttel geet aus dem Blutt an d’Gehier iwwer an dockt do u bestëmmt Recepteuren un. Dës sinn eigentlech fir den Adenosin geduecht, engem kierpereegenen Transmitter, deen eis midd mécht. Blockéiert Koffein den Transmitter, kann den Adenosin seng Aarbecht net méi maachen a mir bleiwe wakereg. Ausserdeem bréngt Koffein eise Kierper dozou, méi Stresshormoner ze produzéieren. Dat reegt de Kreeslaf nach méi un. Vun der éischter Schlupp Kaffi bis zu deem Moment, wou dësen Effet antrëtt, dauert et tëschent enger Véirel- an enger hallwer Stonn. Zwou Stonne méi spéit léisst d’Wierkung nees no.  

Dat héiert sech jo bal un, wéi wa Kaffi eng Drog wier? 

Allerdéngs. Well Koffein gehéiert zu de psychotrope Substanzen, beaflosst also eis Psych. Dobäi wierkt e virun allem als Opputschmëttel. Drénkt een allerdéngs reegelméisseg Kaffi, gewinnt sech de Kierper drun. Well wann de Koffein d’Adenosin-Recepteure blockéiert, da produzéiert de Kierper méi vun dësen Undockplazen. Dat féiert dozou, dass mir méi Koffein brauchen, fir eng Wierkung ze spieren. A wéi bei aneren Drogen och, mierkt een, wann een op Koffeinentzuch ass: De Kapp deet wéi, d’Ae falen zou, mir si gläichzäiteg genervt a midd. No engem bis zwee Deeg mierke mir dat am meeschten. Wien zirka néng Deeg aushält, ass clean – bis déi nächst Taass Kaffi. 

Also ass Kaffi guer net gutt fir eise Kierper? 

Dat gouf tatsächlech emol ugeholl. Well en anscheinend dem Kierper Waasser entzitt oder no enger Etüd Longekriibs verursaacht. Am 18. Joerhonnert duechte munch Leit, Kaffi wier en déidlecht Gëft. Mee dëst Bild huet sech an der Lescht geännert. Kaffi reegt zwar d’Nieren un a mir mussen effektiv éischter op d’Toilette. Mee am Ganze scheede Leit, déi Kaffi gedronk hunn, net vill méi Urin aus ewéi Leit, déi Waasser gedronk hunn. D’WHO koum 2016 zu der Conclusioun, dass et „keng schlësseg Beweiser dofir ginn, dass Kaffi eng kriibserreegend Wierkung huet“. No méi rezenten Etüde kann esouguer ugeholl ginn, dass de Genoss vu Kaffi de Risiko vun enger Partie Krankheete reduzéiere kann. Aus deem Grond schlussfollgere munch Wëssenschaftler haut, dass déi positiv Wierkunge vu Kaffi op eise Kierper méi grouss sinn ewéi déi negativ. 

Wat sinn dann dës positiv Wierkungen? 

Et ginn Hiweiser dofir, dass et fir Persounen, déi reegelméisseg Kaffi drénken, manner warscheinlech ass, Liewer-, Haut- oder Gebärmutterkriibs ze kréien, ewéi fir Mënschen, déi kee Kaffi drénken. D’Wëssenschaftler huelen un, dass d’Antioxidantien am Kaffi heibäi eng Roll spillen. Dës Stoffer fänken aggressiv Moleküllen am Kierper, déi eis Zelle schiedegen, an. Och schützt Kaffi warscheinlech d’Geenen a reduzéiert DNA-Bréch – en unerkannten Indikator fir gesondheetlech Risiken. Op den Zockerstoffwiessel soll en och eng positiv Wierkung hunn, esoudass ugeholl gëtt, dass Kaffi e gewësse Schutz virun Diabetes bitt. Ausserdeem huelen d’Wëssenschaftler un, dass Kaffi d’Muskelregeneratioun ënnerstëtzt. Iwwregens: Iwwer dausend Stoffer hunn d’Wëssenschaftler schonn am Kaffi fonnt. Wéi vill et der nach sinn, wéi se all zesummen am Kierper genee wierken an ob dat weider Vir- oder vläicht och Nodeeler fir eis Gesondheet huet, ass awer nach laang net ganz gekläert. A grad dowéinst bleift d’Fuerschung spannend. 

Waarm Kiischt 

Kaffi wiisst op Straicher, klenge Beem an heiansdo och als Kletterplanz. Ursprénglech kommen d’Planze warscheinlech aus Afrika, si fille sech awer och an de waarme Géigenden an Asien, Mëttel- a Südamerika doheem. Aus de wäisse bis rosae Bléien entsti knallrout Kiischten. Ënnert hirem séisse Fruuchtfleesch verstoppt sech déi begiert-beléift Kaffisboun. Si ass gréng a kritt eréischt duerch d’Fermentéieren an d’Réischteren hir charakteristesch Faarf an hiren Aroma. Bis elo sinn 124 Aarten aus der Gattung Coffea bekannt. Zirka 60 Prozent dovu riskéieren auszestierwen. Ronn 96 Prozent vun eisem Kaffi staamt vun den zwou Aarten Arabica a Robusta, vun deenen nach emol verschidden Zorten ugebaut ginn. 

Merde alors! 

Beim „Kazekaffi“ Kopi Luwak, engem vun den deierste Kaffie vun der Welt, geet d’Boun wuertwiertlech duerch de Mo. An zwar laang, ier se verkaaft gëtt. Well d’Kaffiskiischte ginn an Indonesien vu Fleckemusange gefriess, déi déi onverdauten, mee fermentéiert Bounen ausscheeden. Aus dem Kazekacka erausgefëscht a weiderverschafft, soll dësen exklusive Kaffi e ganz eedelen Aroma hunn. An dat huet dann och säi Präis: tëschent 180 an 1.100 Euro de Kilo. 

De Wee vum Black Ivory Coffee féiert och vum Kéipchen an d’Taass. Well dës nach relativ nei Spezialitéit aus Thailand passéiert fir d’éischt de Mo an den Daarm vun Elefanten, ier e geschéckte Barista se exklusiv an enger Hotelschaîne an Asien zoubereet. Eng Taass kascht do dann zirka 40 Euro. 

Auteur: scienceRELATIONS/Kai Dürfeld 

Infobox

Quellen