Dallas: Office of the City Secretary (Wikimedia Commons)

Dat heite sinn dem Lee Harvey Oswald seng Fangerofdréck

Fir Scotland Yard ass de Fangerofdrock näischt Neies! Si hunn esou guer e Service dee sech nëmmen dorëm këmmert. Mee et war awer nëmmen en Hiweis, bis haut virun 674 772 Stonnen. Deen Dag huet d’englescht Geriicht nämlech fir d’éischt an der Geschicht e Fangerofdrock als eenzege Beweis an engem duebele Mordfall zougelooss. Et war net nëmmen en duebele Mordfall, mee och eng duebel Sensatioun ! Éischtens ass de Fangerofdrock fir d’éischt an engem schwéiere Fall zougelooss  ginn – net nëmmen en Teenager deen a Pak Knätsch geklaut huet – mee et ass och déi éischte Kéier wou en als Beweis, an zwar als eenzege Beweis, zougelooss ginn ass. Duerno ass déi Technik an der Police hiren Alldag iwwergaang an ass bis haut net nëmmen di meescht genotzte forensesch Technik, mee och déi eelst déi nach benotzt gëtt.

Waart 674 772…. 1905? Dat heescht d’Englänner waren déi éischt?

Jo, genee. D’Amerikaner hunn de Fangerofdrock eréischt 1910, also 5 Joer méi spéit, unerkannt, an d’Fransousen souguer nach e Joer méi spéit, 1911.

Wat giff CSI nëmmen ouni Fangerofdrock maachen?

Jo, et ass erstaunlech dat esou eppes banales nach ëmmer esou unerkannt ass. Natierlech hunn d’Investigateuren an der Tëschenzäit nach vill méi Méiglechkeete fir Fäll ze léisen, haaptsächlech dank der ADN.

Text: Corinne Kroemmer
Foto
Dallas: Office of the City Secretary (via Wikimedia Commons)

Infobox

Mister Science op RTL Radio

1mol d'Woch présentéiert de Mister Science op RTL Radio d'Erfindung oder den Entdecker vum Daag.