FNR

An dësem Experiment weist de Mister Science wéi een e Loftball mat enger Orangëschuel zum platze bréngt. 

Fir dëst Experiment brauchs de just eng Schuel vun enger Zitrusfruucht an e Loftballon. Blos de Ballon op, komm mat der Schuel bei de Ballon an dréck emol kräfteg op d’Schuel. Bannen e puer Sekonne wäert de Ballon wéi vu Geeschterhand platzen. 

Erklärung 

Wann een eng Orange oder eng aner Zitrusfruucht schielt richt een e schonn: den äthereschen Ueleg Limonen. Dëse a gëtt virun allem als Doftueleg benotzt, mee et ass och eng Flëssegkeet an där ee Saachen opléise kann. Naturkautschuk ka sech net a Waasser opléisen mee am Limonen. Wann de Limonen mam Ballon a Kontakt kënnt, frësst dësen e Lach an de Ballon bis e platzt. De selwechten Effekt kann een mat Bensinn erzielen.

Auteur: Joseph Rodesch (FNR)

Auch interessant

Luftdruck Klebe Becher an einen Luftballon – aber ohne Kleber!

Dieser Ballon-Teufel hat ein Grobvakuum zwischen seinen beiden Ohren.

FNR
Kanéil-Effekt Zapp deng Hand an d'Waasser ouni datt se naass gëtt

En Experiment mat deem een sech selwer am meeschten erstaunt. 

FNR
Osmos Erschreck deng Matbewunner mat Ierbessen

Gedréchent Leguminosen (DE : Hülsenfrüchtler) quëllen op wann een se an d’Waasser leed. Mir weisen iech wéi een heimat s...

FNR

Auch in dieser Rubrik

Mikroskopie Kuck méi genee - mat engem klengen digitale Mikroskop

Mat dësem einfache Mikroskop dat sou grouss ass wéi eng Täscheluucht kanns Du dir op dengem Computer, Tablett oder Smartphone Detailer ukucken, déi fir d’Aen villäicht souguer onsiichtbar sinn.

FNR
Luftdruck Klebe Becher an einen Luftballon – aber ohne Kleber!

Dieser Ballon-Teufel hat ein Grobvakuum zwischen seinen beiden Ohren.

FNR
Kaffee-Experiment Wie funktioniert eine Vakuum-Kaffeemaschine?

Hier zeigen wir Dir die wahrscheinlich spannendste Methode Deinen Kaffee zu brauen.

FNR