Joseph Rodesch (FNR)

Ee klengen Trick wéi een a Corona-Zäiten seng Gebuertsdagskäerzen ausblose kann.

Fir d’Käerzen um Kuch sécher aus ze kréien, blose mer mat enger chemescher Reaktioun e Loftballon op an blosen d’Käerzen da mat dem Gas aus dem Ballon aus. 

Material: 

  • Loftballon (däerf op kenger Gebuertsdagsparty feelen) 
  • Eidel Fläsch 
  • Esseg  
  • Bakpolver (am beschte Bicarbonat oder Natron) 

Duerchféierung: 

Fëll zwee Fanger héich Esseg an d’Fläsch.

Fëll ongeféier een Iessläffel Bakpolver an de Loftballon.

Fixéier d’Ëffnung vum Ballon un der Ëffnung vun der Fläsch a kipp de Bakpolver an d’Fläsch.  

Wann de Ballon opgeblosen ass, huel e virsiichteg erof andeems de de Ballon zoupëtz.  

Looss de Gas aus dem Ballon virsiichteg a gezilt a Richtung Käerzen stréimen. 

Erklärung:  

Esseg zersetzt de Bakpolver a bei dëser Reaktioun gëtt de Gas Kuelendioxid fräi. Et entsteet en Drock an der Fläsch an dëse bléist de Ballon op. D’Käerzeflam geet mat dem Gas aus dem Ballon ganz liicht aus, well éischtens déi stréimend Loft d’Flam souwäit ofkillt datt se ausgeet an zweetens well de Kuelendioxid e Gas ass deen d’Flamen erstéckt. 

Auteur: Joseph Rodesch (FNR)

Auch in dieser Rubrik

Mikroskopie Kuck méi genee - mat engem klengen digitale Mikroskop

Mat dësem einfache Mikroskop dat sou grouss ass wéi eng Täscheluucht kanns Du dir op dengem Computer, Tablett oder Smartphone Detailer ukucken, déi fir d’Aen villäicht souguer onsiichtbar sinn.

FNR
Luftdruck Klebe Becher an einen Luftballon – aber ohne Kleber!

Dieser Ballon-Teufel hat ein Grobvakuum zwischen seinen beiden Ohren.

FNR
Kaffee-Experiment Wie funktioniert eine Vakuum-Kaffeemaschine?

Hier zeigen wir Dir die wahrscheinlich spannendste Methode Deinen Kaffee zu brauen.

FNR