FNR, RTL, crossfire agency

An der Moyenne falen all Dag 1000 Tonnen Weltraumsteng op eis Äerd. Dës si mini Asteroiden, déi beim Antrëtt an eis Äerdatmosphär vergléien, a mir gesinn se munchmol als Stäreschnäizen. Vill méi seele kënnt et vir datt eis méi déck Asteroiden treffen. Et si momentan eng 20 grouss Brocke bekannt, déi mat enger Wahrscheinlechkeet vun 1 zu enger Millioun eis Äerd treffe kéinten. 20000 méi „klenger“ sinn och ënner Beobachtung.

Projet DART vun der NASA

Am Joer 2021 start d’NASA zesumme mat der ESA e Projet wou se fir d’éischt an der Weltraumfuerschung d’Bunn vun engem Asteroid wëlle beaflossen. Dëst wëllen se erreechen andeems se eng Rakéit mat héijer Vitesse an en Asteroid knuppe loossen, fir en sou ofzebremsen. Et ass e Versuch un engem Asteroid, deen eis Äerd net treffe wäert. Den Impakt vun der Rakéit wäert d’Bunn och nëmme ganz minimal verännere kënnen, mee iwwer Jore mécht sech dee minimale Changement awer bemierkbar. Dës Asteroidenofwiertechnik klappt awer just bei klengen Asteroiden, déi nach wäit vun eis ewech sinn.

Chicxulub Asteroid

Den Chicxulub Asteroid, deen d’Dinosaurier an 75% vun allen Aarten op der Äerd ausgeläscht huet, hat en Duerchmiesser vun iwwer 10 Kilometer, e Gewiicht vu mindestens 1015 Tonnen an eng Vitesse vu 70‘000 km/h. Am Fall wou sou ee Brocken a Richtung Äerd ënnerwee ass an en plus no bäi ass, ass eis beschte Chance fir eng grouss Atombomm nieft dem Asteroid explodéieren ze loossen, fir en sou ëmgelenkt ze kréien. 

Wéi een sech dat virstelle kann, a wéi eng Challengen sou e Versuch mat sech bréngt erkläert de Mr Science a sengem Video.

Diffusioun: 30/6/19
Auteur: Joseph Rodesch (FNR)
Produktioun: crossfire agency (JJ Pardilla, Ben Andrews)
Dekor: Julieta Fernandez

Merci‘en
Mark Boslough, PhD UNM faculty, LANL physicist
Andre Mousset
Patinoire olympique d’Amnéville
Patinoire de Kockelscheuer
Curling club Luxembourg
Melanie Reuter

Infobox

PISA Wëssensmagazin

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Télé fir d'Emissioun Pisa Wëssensmagazin produzéiert. D'Sendung kënnt eemol de Mount Sonndes ab 19:00 op RTL Télé Lëtzebuerg. Déi ganz Sendung fënns de op pisa.rtl.lu.

Auch in dieser Rubrik

Klimamodeller Wéi kann ee mat Klimamodeller d'Klima vun der Zukunft projezéieren?

Wéi gi Klimamodeller entwéckelt a wéi ënnerscheeden se sech vu Wiederprevisiounen?

FNR
Emotional Tréinen Firwat kräische mer vu Freed oder Trauregkeet?

Bei staarken Emotioune schéissen eis dacks Tréinen an d’Aen. Mee wéi een Zweck huet dat?

FNR
Schlofmangel Firwat kréie verschidde Leit donkel Reefer ënnert d’Aen?

D’Nuecht war kuerz, an da leien d’Ae Moies an donkelen Hielen. Wou kommen dës Aereefer hier? A wat kann een dogéint maachen?

FNR