Dat hänkt vun der Regioun of. Zu Lëtzebuerg zum Beispill kommen déi meescht Puppelcher am Mee op d'Welt – an duerno am Januar an am Juli. An Amerika ginn et besonnesch vill Gebuerten am September. An d'Fuerschung huet och en Zesummenhang tëschent dem Gebuertsdag an der geographescher Lag fonnt. Wärend an den nërdleche Géigenden déi meescht Gebuerten am Fréijoer an am Summer sinn, verschiibt sech den Héichpunkt méi am Süden éischter a Richtung Hierscht. An op der Südhallefkugel sinn d'Muster anscheinend ëm sechs Méint verréckelt.

Firwat ass dat esou?

De Mënsch kann d'ganzt Joer iwwer Kanner kréien. Dass d'Gebuertsdeeg ronderëm d'Welt trotzdeem net gläichméisseg verdeelt sinn, ka sozial, awer och biologesch Grënn hunn. D'Längt vum Dag kéint en Afloss drop hunn, wéini déi meescht Kanner gemaach ginn. Eng Etüd huet erausfonnt, datt op der Nordhallefkugel vill Kanner virun allem tëschent September an Dezember gemaach ginn. Bei néng Méint Schwangerschaft wieren déi meescht Gebuerten deemno tëschent Juli a September.

Huet dat elo mat der Biologie oder mat eise soziale Gewunnechten ze dinn?

Warscheinlech ass et eng Mëschung aus béidem: An enger nach net evaluéierter Etüd hu Wëssenschaftler:innen Daten aus enger App fir Fraegesondheet mat Gebuerteregëstere kombinéiert. D'Resultat: D'Fruchtbarkeet schwankt iwwer d'Joer, ass op der Nordhallefkugel awer an de Wanterméint méi héich. An d'sexuell Aktivitéit ass iwwer d'Feierdeeg méi héich, wat mat de Gebuertsspëtzten zesummenhänke kéint.

Infobox

De Rhythmus vun der Natur

Munch Mamendéiere kënne sech just eemol am Joer reproduzéieren – monoöstresch nennt d'Wëssenschaft dat an zielt beispillsweis Réi a Hirschen an dës Kategorie. Déi paare sech am Hierscht, esou datt déi Kleng op d'Welt kommen, wann am Fréijoer ganz vill frëscht Gréngs wiisst. Diöstresch Déieren ewéi zum Beispill eis Hënn kënnen zweemol am Joer fir Nowuess suergen. Wéini dat genee ass, hänkt bei hinnen awer méi vun der Rass ewéi vun de Joreszäiten of. An da ginn et och nach polyöstresch Déieren. Kanéngercher, Raten, Hausschwäin an de Mënsch hu méi Sexualzyklussen am Joer. Mir sinn also net déi Eenzeg, deenen hir Gebuertsdeeg sech iwwer d'Joer verdeelen. Eppes ass bei eis dann awer speziell: Wärend d'Reproduktiounszyklusse vun deene meeschten anere Mamendéiere sech vun der sexueller Maturitéit bis zum Doud widderhuelen, geet d'Fruchtbarkeet vu Mënschefraen ëm d'50. Liewensjoer op en Enn.

Neien Takt

Fir eng Etüd hu Fuerscher:inne wäit an der Zäit zeréckgekuckt – méi ewéi 3.000 Joer, fir genee ze sinn. Fir 166 Regiounen op der Welt hu si de Joresrhythmus vun de Gebuerten analyséiert. Dëse schéngt an de verschiddene Regiounen a Wellen ofzelafen: Dëst Wellemuster war – vu klenge Schwankungen duerch besonnesch historesch Evenementer ofgesinn – och ganz laang stabel. An der jéngster Geschicht huet et sech awer geännert.

Zu dëser Conclusioun koumen och polnesch Wëssenschaftler:innen, déi d'Gebuertsdate vun de leschten 110 Joer vu knapp 50 Millioune vun hire Landsleit ausgewäert hunn. Gouf et tëschent 1950 an 1979 nach zwou Gebuertsspëtzten d'Joer – eng am Fréijoer an eng am September –, huet sech de Babyboom zanter 1990 allerdéngs op Juli a September verlagert.

Bei enger anerer Etüd koum eraus, dass d'Dageslängt e wichtegen Afloss op den Empfängnistaux bei eis Mënschen hat – zumindest bis d'Joer 1930. Dono ass d'Temperatur méi wichteg ginn. D'Verännerungen an de leschte Joerzéngten erklären d'Fuerscher:innern ënner anerem domat, datt de Mënsch ëmmer méi onofhängeg vun natierlechen Ëmstänn ewéi Dagesliicht a Baussentemperature ginn ass.

Auteur: scienceRELATIONS/Kai Dürfeld
Editor: Michèle Weber (FNR)
Iwwersetzerin: Danièle Di Cato (why vanilla?)

Infobox

De Mr Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldoradio eng Fro.
 

Quellen

 

Auch in dieser Rubrik

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR