© Flickr
Et gëtt kaum e méi perfekt Thema fir eng Diskussioun beim Kaffi, wéi déi genee Kachzäit vun Eeër muss sinn. Ëmmer wann ee mengt, den optimalen Timing fonnt ze hunn, klappt et bei der nächste Kéier dann trotzdem erëm net an d’Ee gëtt ze haart. Wëssenschaftler hunn elo allerdéngs eng Method fonnt, wéi een haart gekachten Eeër erëm mëll maache kann.
Mr. Science, dat klengt jo revolutionär! Wéi funktionéiert dat?
Also éier ech elo hei grouss Hoffnunge maachen: Ech weess net, ob een dës Method jeemools un lues gekachten Eeër uwenne kennen...
Erklär se eis trotzdem!
D’Fuerscher huelen en sou richteg haart gekachten Eewäiss: 20 Minutten hunn se et am Kachdëppe gelooss.
Ok, dat ass garantéiert net méi mëll....
An da léisen se et mat enger chemescher Substanz erëm op, mat Urée oder Harnstoff op Däitsch. Dat ass d’Haaptsubstanz am Urin.
Lo verstinn ech deng Bedenken, punkto Ee moies beim Kaffi!
Domat ass et awer nach net gedoen, si wollten d’Eewäiss wierklech erëm an seng Ausgangsform bréngen. Dofir hunn se et dunn nach 5 Minutten an enger spezieller Zentrifug geschleidert.
Wisou hu se dat da gemaach?
Eewäiss ass näischt anescht wei laang Moleküllketten. Am Original-Zoustand muss een et sech wei eng Spull aus gebéitem Drot virstellen déi an enger wässereger Léisung schwëmmt. Beim Kache ginn dës 3D-Strukturen auserneen, an des Kette verwurrelen a verbannen sech dann ënnerteneen. Heibäi entsteet dann déi fest Eewäissmass.
Mam Harnstoff trennen d’Fuerscher d’Moleküllketten erëm vuneneen a maachen se beweeglech. Duerch dat speziellt Zentrifugéiere ginn d’Eewäissfiedem an d’Längt gezunn an entknujelt. Wann een se dono a Rou léisst, kennen se sech erëm an hier Originalform zeréckbéien et voilà!
Wisou maachen sech d’Fuerscher dës Aarbecht?
Fir verkachten Eeër um Kaffisdësch ze retten, hunn se dës Method net entwéckelt... Mat dem Hénger Eewäiss hunn se et nëmme getest. Dës Method kéint fir d’Biotechnologie immens wichteg ginn, si ass hautdesdaags en Milliardenmarché. Impfstoffer oder aner Medikamenter op Eewäissbasis verklompen nämlech oft bei der Produktioun. An mat dëser Method kéinten se vergläichsweis einfach erëm entklompt ginn.
Dann zeien ech mol de Fazit: Fuerscher entdecke souguer an haart gekachten Eeër Neies.
Genau dofir bleift Fuerschung jo ëmmer spannend!
Autor: Ingo Knopf/scienceRELATIONS
Editeur: Joseph Rodesch
Traducteur: Sophie Steinmetz
Photo: Flickr
Infobox
Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d'Emissioune fënns du hei: https://www.rtl.lu/radio/science