De 5. Juni 2012 gëtt eng Innovatioun viergestallt: WillowTMglass. Sou dënn wéi e Blat Pabeier, liicht, robust, a virun allem flexibel. WillowTMglass vum Rullo soll an Zukunft an all Zort vu Bildschierm integréiert ginn, fir ëm all méiglech Forme kënnen ze ginn.

Mee et geet awer net nëmmen ëm de Smartphone!

Nee, d’Potential ass enorm. D’Flexibilitéit vum Glas, déi zum Beispill Bildschiermer a Solarzelle mat komplexe Formen erlaabt, ass nëmmen eng Eegenschaft vu villen. D’Glas kann och rondrëm Strukture gewéckelt gi fir d’Material an d’Elektronik ze isoléieren an ze schützen: virun Hëtzt, Fiichtegkeet, Sauerstoff a vill anerem.

Wou sinn se dann haut dru mat deenen Innovatiounen?

2 Joer ass net vill Zäit, mir mussen eis nach e bësse gedëllegen. Mee den amerikaneschen Nationallabo fir erneierbar Energie schafft z.B. u flexibele Solarzellen. Well d’WillowTMglass esou robust ass, wëllen si d’Daachzillen einfach ganz duerch Solarzellen aus WillowTMglass ersetzen. Si hoffen doduerch d’Käschte vu Solarzellen ze reduzéieren.

Auteur: Corinne Kroemmer
Editeurs: Joseph Rodesch a Jerry Wagener
Foto © Superdiddly

Infobox

Mister Science op RTL Radio

1mol d'Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio d'Erfindung oder den Entdecker vum Daag.

 

 

Innovatioun

Corning launches ultra-thin felxible glass:  http://www.corning.com/news_center/news_releases/2012/2012060401.aspx