
FNR
Fir dass eppes brennt, brauch een eng Hëtztquell a Sauerstoff!
Dat hängt vum Feierläscher of. Do ginn et dräi Zorten. Déi eng sprëtzen e Gas, Kuelendioxid, an déi aner entweder Waasser oder e Pudder, wat a verschiddene Feierläscher ähnlech ass wéi Bakpolver.
Waasser ass jo logesch. Mee wéi kann een da mat Kuelendioxid oder Bakpolver e Feier läschen?
Fir dass eppes brennt, brauch een nieft brennbarem Material zwou Saachen: eng Hëtztquell a Sauerstoff! D’Hëtztquell kann e Fonke sinn, oder staark Sonnestralen zum Beispill. Sauerstoff ass an der Loft, deen ass also automatesch do. Fir d’Feier ze läschen, muss een also entweder d’Hëtzt oder de Sauerstoff ewech huelen.
An ech huelen emol un dass d’Waasser de ganze Buttek ofkillt.
Genee. A mam Kuelendioxid kann een dem Feier de Sauerstoff ewech huelen. Deen ass nämlech méi schwéier wéi de Sauerstoff a verdrängt dee rondrëm der Hëtztquell. Et erstéckt een d’Flam also, an d’Feier geet aus.
Déi Feierläscher, déi Pudder enthalen, ënnerbriechen d'Verbrennungsreaktioun a läschen sou d'Feier. Bei verschiddene Feierläscher schmeltz de Polver a leed sech op d'Flamen, erstéckt se also och.
A wéi ee Feierlächer funktionéiert dann am beschten?
Dat hängt dovun of wat brennt! Waasser ass zimlech praktesch, ausser wann et eng Flëssegkeet ass déi brennt, wéi Benzin zum Beispill. Da verdënnen ech de Benzin just a kann nach méi eng grouss Iwwerfläsch ustiechen. Meeschtens huet een dofir doheem oder am Auto e Feierlächer, deen direkt Kuelendioxid sprëtzt.
Mee wann d’Feier natierlech ze grouss ass, huet ee besser et bréngt ee sech a Sécherheet a rifft d’Pompjeeën!
Text: Corinne Kroemmer
Bild: Gustav b (via Wikimedia Commons)