Magenknurren

shotshop.com

Net nëmmen de Mo, mee och den Daarm ka grommelen.

Alles ass roueg. Jidderee lauschtert gespaant, wat gläich passéiert. An da mellt sech op eemol engem säi Mo. E grommelt wéi e Bier. Dat kann zimmlech penibel sinn. Awer wéi entstinn dës Geräischer, Mr Science?

De Mo ass eng Zort Sak mat réngförmege Muskele ronderëm. Des zéien sech a rhythmesche Beweegungen zesummen an entspanen sech erëm. Wann de Mo voll ass gëtt den Iessensbräi doduerch gedréckt a kënnt duerch eng kleng Ëffnung an den Dënndaarm. Wann eng Zäit näischt méi nokënnt ass de Mo just mat Loft gefëllt an dann hu mer am Bauch en Huelkierper dee klénge/schwénge kann. Beim Verdauen passéiert et awer ëmmer nees datt och Loft mat an den Dënndaarm gedréckt gëtt an dës Loft kann dann duerch dat dënnt Lach tëschent Dënndaarm a Mo zeréckstréimen an mécht dobäi en änlecht Geräisch wéi e Loftball aus deem een d’Loft erausléisst. Dës Vibratioune iwwerdroen sech op den Huelraum vum Mo a ginn sou verstäerkt. Datt d’Loft aus dem Dënndaarm zréckstréimt passéiert méi heefeg – mee bei gefëlltem Mo héiert een dat manner. Dëst sinn awer éischter Hypotheesen well net besonnesch vill Fuerschungsgelder fir sou een Thema ausgi ginn ?

Haha mee et ass also e Signal, datt de Mo eidel ass. An elo, wou ech drun denken, grommelt e gläich nach vill méi...

Jo, wann een Iesse richt, oder e gedeckten Dësch gesäit oder nëmmen un Iessen denkt, da kënnt de Verdauungssystem schonn an d'Gäng. Déi Réngmuskelen gi da schonn aktiv, et gëtt Loft hin an hier gedréckt, an d'Fanfare an eisem Bauch spillt drop lass.

A firwat setzt sech mäi Mo iwwerhaapt a Beweegung?

Net nëmmen am Mo, mee och an allen Deeler vum Verdauungstrakt - vum Oesophage bis bei den Enddarm - suerge Muskele fir rhythmesch Beweegungen. Sou gëtt den Iessbräi weider transportéiert an e gëtt och uerdentlech mat Mosaier, Gal a Sekreeter aus der Bauchspeicheldrüs gemëscht. Dat nennt ee Peristaltik. Réischt doduerch kann de Kierper d'Iessen grëndlech opsplécken an och benotzen.

Infobox

Alles grommelt

Net nëmmen de Mo, mee och den Daarm ka grommelen. Dofir ass och Loft responsabel, wa se vum Mo aus de Wee bei den Hënneschte mécht. "Knurrdarm" heescht ee gutt zwee Meter laangen Deel vum Dënndaarm, dee sech un de Mo uschléisst a fir seng Grommel- a Guergelgeräischer bekannt ass.

De Mënsch ass awer net dat eenzegt Liewewiese mat Musek am Bauch. Och bei villen Déieren suergt d'Loft am Mo fir sou munch Geräischer. Eng Aart stécht dobäi eraus an déi heescht Ocypode quadrata. Déi gehéiert zu de Geeschter- oder Reiterkrabben an huet de Mo voller klenger Zänn. Wann d'Déier attackéiert gëtt, léisst et des wéi an enger Mille laanschtenee reiwen. Potenziell Feinde gi sou vun deem grujelege Raaspelgeräisch op Distanz gehalen.

Roueg elo!

Et gi Situatiounen, an deenen e Mo dee grommelt lästeg oder och nawell penibel ass. Dat kann een awer einfach verhënneren. Wee reegelméisseg ësst, huet en déckflëssegen Iessbräi am Mo an dee geréit da kaum a Schwéngung. Ween dann och nach beim Iesse roueg ass, schléckt manner Loft of, déi zu de Geräischer féiert. Genuch drénke kann de Verdauungstrakt berouegen. A fir d'Andacht net ze stéieren, ware Fenschelsomen am Mëttelalter en Hausmëttel. Well deenen hier ätheresch Ueleger entspanen d'Muskulatur. Sou verléiert d'"Signalhorn" am Bauch seng Kraaft.

Iwwregens: E Mo dee grommelt ass fir sech eleng normalerweis kee Fall fir den Dokter. Wann awer zousätzlech Symptomer optrieden, wéi z.B. Péng am Uewerbauch, kann d'Grommelen en Hiweis op eng entzünt Moschläimhaut sinn. Vum Klang hier ass et e bësse méi dompf wéi d'Grommelen am Hannergrond. Mee och séilesche Stress kann zu Geräischer am Bauch féieren. Well de Kapp bréngt Mo an Daarm zousätzlech a Beweegung.

Auteur: scienceRELATIONS/Kai Dürfeld, Joseph Rodesch (FNR)
Editeur: Joseph Rodesch (FNR), Michèle Weber (FNR)
Iwwersetzerin : Michèle Weber (FNR)