Adolf von Baeyer: den Numm seet engem zwar net onbedéngt eppes, mee ouni hie géifen et keng Jeansboxe ginn! Op mannst keng blo!

Den Här von Baeyer war en däitsche Chemiker, dee sech virun allem fir Pigmenter interesséiert huet. Et ass him als éischt gelonge fir syntheteschen Indigo hierzestellen. Dat ass dee bloe Faarfstoff dee geholl gëtt fir Jeansboxen ze fierwen. Virdrun huet de Faarfstoff missen ëmständlech aus enger Planz extraktéiert ginn, déi an Indien wiisst. Dofir war Indigo ëmmer en Zeeche vu Luxus a Räichtum.

Dem von Baeyer seng Entdeckung huet awer nach net zum bloe Boom gefouert, well seng Method onpraktesch an ze vill komplizéiert war. Trotzdem war et deen éischte Schrëtt an déi richteg Richtung an huet him en Nobelpräis abruecht. D’Chimie-Industrie huet weider doru geschafft a schlussendlech eng aner Method entwéckelt, déi aus engem natierleche Luxusprodukt e synthetescht Masseprodukt gemaach huet.

Text: Corinne Kroemmer

Infobox

Mister Science op RTL Radio

1mol d'Woch présentéiert de Mister Science op RTL Radio d'Erfindung oder den Entdecker vum Daag.

Auch in dieser Rubrik

Hühnerei
An d'Schuel geschmass Firwat ginn et wäiss a brong Héngereeër?

Firwat sinn Héngereeër eigentlech wäiss oder brong a wéi kënnt d'Faarf an d'Schuel?

FNR
Optik vum mënschlechen A Wéi vill (Mega-)Pixel huet eist A?

Mr Science, ëmmer méi Bildschiermer a Fotoapparater bidden enorm héich Opléisungen. Wéi vill Megapixel hätten eis Aen eigentlech, wann et Fotoapparater wieren?

FNR
Zaunkönig
Vullegesang Wéi brénge winzeg Villercher et fäerdeg sou haart ze sangen?

Sangvullen hunn zwou speziell Strukturen an hirem Kierper: Loftsäck an e besonnescht Stëmmorgan.

FNR