Fuß eingeschlafen

shotshop.com

Dat onangenehmt Kribbelen am Fouss ass een Zeechen datt d’Nervefaseren erëm ufänken, elektresch Impulser weider ze leeden.

Jidderee kennt et: en ageschlofene Fouss a scho kann een net méi optrëppelen. Et spiert een säi Fouss praktesch net méi… Mr Science, wéi kann dat kommen?

Wann een ongënschteg sëtzt, da kann et sinn, dass een Nerven ofdréckt, déi am Fouss sinn.

Mee wéi verschwënnt dann dat Gefill am Fouss, wann en Nerv ofgedréckt ass?

D‘Nerve bestinn aus ganz villen Nervenfaseren. Verschiddener gi Befeeler vum Gehir un eis Extremitéiten weider. Zum Beispill, wann‘s du deng grouss Zéif beweege wëlls. Anerer ginn Stimulatiounen vum Fouss un d’Gehir weider: iwwer d’Positioun vum Fouss oder och wann eppes Wéi deed.

D’Nerve leeden d’Informatioune weider, an deem winzeg elektresch Impulser iwwer d’Nervenfasere lafen. Déi gi vu Faser zu Faser bis un d’Zil weider. Wann s du den Nerv ofdrécks, ass d’Weiderleedung vun den Impulser ënnerbrach – de Fouss gëtt daf an du spiers en net méi.

Wat bedeit dat dann, wann dat komescht an onangenehmt Kribbelen an de Fouss kënnt?

Dat ass ee gutt Zeechen, dass däi Fouss erëm erwächt. D’Nervefasere fänken erëm un, elektresch Impulser weider ze leeden. Als éischt entstinn do spontan Impulser, och wann do eigentlech kee Reiz vu baussen virläit. Dat ass d’Kribbelen a Pieksen, dat een da spiert. Dat hält jo awer glécklecherweis séier erëm op an da kanns du däi Fouss erëm wéi gewinnt spieren a beweegen.

Nach e puer aner Froen...

Firwat schléift d’Nues net an?

Féiss an Hänn schlofen heiansdo an. Mee d’Nues mécht dat awer ni. Dat läit dorun, dass verschidden Nerve relativ gutt geschützt déif am Tissu verlafen oder duerch Schanke geschützt sinn. Zum Beispill d’Nerven, déi am Gesiicht verlafen. Tissu a Schanke amortiséieren den Drock, dee vu baussen awierke kann. Dee kënnt net bei den Nervebündelen un, an déi ginn och net ofgedréckt. Dat bescht Géigebeispill ass d’geckeg Knippchen am Ielebou: Dee Nerf läit direkt ënnert der Haut: scho relativ schwaach Beréierunge suergen dofir, dass dëse staark gereizt gëtt – an ee „Musek am Aarm huet“.

Kribbelen als Warnsignal

Normalerweis ass een ageschlofene Fouss eng Saach vun e puer Minutte – dann ass erëm alles wéi et war. Kribbelen an de Féiss, Been, Hänn oder Äerm kann awer och ee Warnsignal vum Kierper sinn: et kann sech em een Unzeeche vun engem Schlag handelen, wann eng ongënschteg Kierperhaltung ausgeschloss ka ginn. Wee sou eppes u sech feststellt, soll onbedéngt een Dokter em Rot froen.

Auteur: scienceRELATIONS/Hannes Schlender
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Iwwersetzerin: Melanie Reuter (FNR)

Infobox

Mr Science op ELDORADIO

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldoradio eng Fro.

Auch in dieser Rubrik

Stoffwiessel Firwat ass Kacka brong?

Iwwer dat, wat mir op der Toilette ausscheeden, schwätze mer net oft, obwuel et vill iwwer eis Gesondheet verréit. Firwat ass Stull eigentlech brong? A firwat ass Urin giel?

FNR
Summerzäit Wat sinn d’Vir- an Nodeeler vun der Zäitëmstellung?

Zweemol am Joer stelle mir d’Auer ëm – am Fréijoer an am Hierscht. Vill Leit froen sech: Firwat maache mir dat eigentlech? A bréngt d’Summerzäit wierklech Virdeeler, Mr Science?

FNR
Plackentektonik Wéi gesinn d'Kontinenter an enger Millioun Joer aus?

D'Kontinenter bleiwen net fix op enger Plaz. Se driften – lues, mee konstant. Wéi wäit komme se an enger Millioun Joer? A wou läit dann de Grand-Duché? E Bléck an déi geologesch Zukunft.

FNR