(c) United States Marine Corps

Wann’s de alleguer deng Oderen hannereneen hänks, da kenns de op 100.000 km!

D’Äerd huet jo en Ëmfang vun 40.000 km, du kanns deng Oderen also 2,5 mol rondrëm wéckelen!

Wat!? Ech hat elo mat vläit 5 km gerechent, mee 100.000 km??

Jo, eisen Duerchbluddungssystem ass zimlech grouss a komplex! Déi meescht Oderen sinn esou kleng, dass mir se guer net mam bloussen Aan gesinn! Déi grouss Oderen, déi mer zum Deel och duerch d’Haut gesinn, sinn am Fong just do fir déi grouss Distanzen ze iwwerbrécken an d’Blutt tëscht de Longen, dem Häerz an den Organer hin-an hir ze transportéieren. Mee Ziel vun der Duerchbluddung ass et jo, fir d’Organer, an dat heescht all eenzel Zell vun den Organer, mat Sauerstoff an Energie ze versuergen, an Offallprodukter mat ewech ze huelen! Déi grouss Oderen verzweigen sech also esou dacks, fir dass all Zell sou no wéi méiglech bei enger klenger Oder ass. Déi si plazeweis esou kleng, dass just ee roude Bluttkierpercher no deem aner doduerch passt!

Oh freck, jo! Wann ech mech gudd erënnere soos de eng Kéier mir hätten e puer Billiounen Zellen! Wann déi all mussen eenzel versuergt ginn, jo, da brauchs de wuel eng Rei Oderen!

Auteur: Corinne Kroemmer
Foto © United States Marine Corps

Infobox

Mister Science op RTL Radio

1mol d'Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio spannend wëssenschaftlech Kuriositéiten.

     

Auch in dieser Rubrik

Gediechtnes Firwat léiert ee Songtexter méi einfach ewéi Physiksformelen?

Mr Science, wann ech e Lidd eng Kéier héieren, kennen ech de Refrain direkt auswenneg. Firwat verhalen ech d'Songtexter esou einfach, woubäi ech mat thermodynamesche Formelen ëmmer hu misse kämpfen?

FNR
Hühnerei
An d'Schuel geschmass Firwat ginn et wäiss a brong Héngereeër?

Firwat sinn Héngereeër eigentlech wäiss oder brong a wéi kënnt d'Faarf an d'Schuel?

FNR
Optik vum mënschlechen A Wéi vill (Mega-)Pixel huet eist A?

Mr Science, ëmmer méi Bildschiermer a Fotoapparater bidden enorm héich Opléisungen. Wéi vill Megapixel hätten eis Aen eigentlech, wann et Fotoapparater wieren?

FNR