
Jo, de saueren Reen gëtt et och haut nach – och wann sech de Problem zanter de 90er Joren Richtung Asien verlagert huet (3 a 4). Iwwerdeems déi westlech Industrienatiounen verschidde Moosnamen géint d’Loftverschmotzung effektiv ëmgesat hunn, blosen haut z.B: indesch Kuelekraaftwierker a Stolwierker verstäerkt Schwiefeldioxid an Stéckoxider an d’Loft. (5)
An dodraus gëtt dann de saueren Reen?
Genee. D’Schwiefeloxider an Stéckoxider, Gasen, déi virun allem bei der Verbrennung vu Kuelen an Äerduellech entstinn verbannen sech mat de Waasserdrëpsen an der Loft – doran entsteet Schwiefel- an Salpéitersaier - an dës Drëpsen falen dann als sauere Reen op d’Äerd. Dat ass scho méi laang bekannt. Schon Mëtt vum 19 Jorhonnert huet de Robert Angus Smith, e Chemiker aus Schottland, d’Reewaasser ëm d’Industriestied aus senger Heemecht ënnersicht an de Begrëff agefouert (2).
Wéi extrem d’Auswierkungen vum sauere Reen kënne sinn, huet sech am vergaangen Jorhonnert am Erzgebirge gewisen e Gebidd wat un der däitsch-tschecher Grenz verleeft. Do hunn an de 60er a 70er Joren gespenstesch Bëscher aus ofgestuerwenen Fiichten d’Landschaft markéiert. Et sinn awer och stenge Gebaier an Konstruktiounen aus Metall déi leiden.
Dobäi ass de sauere Reen guer kee neie Phänomen aus eiser Zäit: Vulkanausbréch, Asteroidenaschléi oder Blëtzer loossen den Reen schonn zanter der Entstoung vun der Äerd sauer ginn. Réischt während der Industrialiséierung ass de Mënsch den Haaptschëllegen fir de sauere Reen ginn.
A wéi gutt hu mer de Problem dann elo an Europa am Grëff?
Ufank vun den 80er Joren huet Europa, Nordamerika an déi deemoleg Sowietunioun am Genfer Lofterhalungsofkommes nët nëmme Grenzwäerter, mee och verschidde Géigemoosnamen décidéiert. Zanterhier gëtt Schwefeldioxid aus den Verbrennungsgasen eraus geholl an z.B: als Gips laangfristeg gebonnen.
Bei dem Bensinn an Diesel gëtt de Schwiefel scho virun der Verbrennung, nämlech an der Raffinerie erausgeholl. Méi spéit koumen Regulatiounen fir d’Stéckoxider ze limitéieren. Zesummen hunn dës Moossnamen hier Wierkung gewisen. Op mannst an Europa ass et dohier roueg ëm d’Thema sauere Reen ginn.
Dann ass jo alles gutt oder?
Nët wierklech. Och hei am Land sinn d’Suiten méi laangfristeg. D’Saieren maachen de Biedem et nach ëmmer schwéier. Wéi déi sech regeneréieren an wéi de Mënsch hei am effektiivsten agéieren kéint ass nach bis haut eng vun deenen héisch aktuelle Froen. D’Fuerschung bleift also nach wichteg a spannend.
Wat ass de sauere Reen?
Äerdgeschicht – wéini de Reen richteg sauer war.
Auteur: scienceRELATIONS/Kai Dürfeld
Iwwersetzung an Editioun: Joseph Rodesch (FNR)