Copyright: AdobeStock/Wlad Go

Modern Carving-Schi optiméieren d’Kraaftiwwerdroung beim Schifueren duerch hir tailléiert Form.

Dat läit un der Form vun de moderne Schi. Dat si sougenannt Carving-Schi. Den entscheedende Virdeel vun de Carving-Schi ass hir tailléiert Form, de Sidecut: Déi Schi si vir an hanne méi breet ewéi an der Mëtt. Fréier sinn d'Kante vun de Schi bal duerchgeeënd parallel verlaf.

De Sidecut huet zanter den 1990er-Joren d'Aart a Weis, wéi mir haut Schi fueren, revolutionéiert: E produzéiert eng natierlech Kéierlinn am Schnéi, wann s de op der Kant fiers. D'Schi glëtschen dann ewéi op Schinnen duerch d'Kéier – kannerliicht. D'Kant gräift an de Schnéi a „schneit“ reegelrecht doduerch. Esou entsteet e stabillen an energieeffiziente Beweegungsoflaf – déi perfekt Kéier.

Am Géigesaz dozou huet ee fréier op Schi mat paralleller Kanteféierung méi Kraaft gebraucht, fir an d'Kéier ze kommen, an eng Technik, déi op Rutschen a Géigesteiere berout huet.

Wat geschitt da physikalesch, wann ech op Schi eng Kéier fueren?

Beim Schifuere wierken eng Rei Kräften zesummen, fir eng Kéier ze erméiglechen. Dozou gehéieren d'Zentrifugalkraaft, déi de Schifuerer no baussen dréckt, de Grip vun der Schikant am Schnéi an d'Neigung vum Schifuerer. Modern Carving-Schi optiméieren dës Kräften duerch hire Sidecut: Déi tailléiert Form suergt dofir, datt d'Kant bei Kantenasaz méi eng grouss Kontaktfläch mam Schnéi huet an d'Kräften effikass laanscht d'Schilängt verdeelt ginn.

D'Material, aus deem d'Schi bestinn, spillt awer och eng wichteg Roll. Et muss eng gutt Kombinatioun aus Steifegkeet a Flexibilitéit bidden. Déi ideal Kéierfaart kriss de fäerdeg, wann s de d'Schi esou op d'Kant drécks, dass de déi ganz Krëmmungslinn vum Sidecut benotz. D'Schi glëtschen dann ouni säitlech ze rutschen duerch d'Kéier.

Wéi kritt d'Schikant et fäerdeg, beim Carving esou prezis am Schnéi ze gräifen?

De Grip tëschent der Schikant an dem Schnéi ass entscheedend fir eng stabil Kéierfaart. Dobäi spillen zwee Facteuren eng wichteg Roll: d'Reiwung an den Drockopbau. Wann s de d'Schi op d'Kant drécks, erhéicht sech den Drock op déi schmuel Beréierungsfläch. Dat verstäerkt de Kontakt tëschent der Kant an dem Schnéi. Gläichzäiteg suergt d'Reiwung dofir, datt d'Schi säitlech net ewechrutschen. Modern Schi sinn ausserdeem esou gebaut, datt se ënner der Belaaschtung net verdréien – Fachleit schwätze vun enger héijer Torsiounssteifegkeet. Dat maximiséiert de Grip, an d'Schi bleiwen esouguer bei héije Vitessen an enke Kéiere sécher an der Spuer.

Huet d'Geometrie vun de Schi och en Afloss op d'Breet vun der Kéier?

Jo, an esouguer e ganz groussen! Wat de Carving-Schi an der Mëtt méi schmuel ass, wat d'Kéier, déi s de mat de Schi liicht fuere kanns, méi enk ka sinn. Ausgedréckt gëtt dat mam sougenannte Sidecut-Radius. Typesch Wäerter reeche vun 12 bis 25 Meter, jee nodeem, wou d'Schi agesat ginn: Slalom-Schi hunn e klenge Radius fir enk Kéieren. All-Mountain- oder Freeride-Schi sinn dogéint fir méi breet Schwéng ausgeluecht.

A wat kann ech mir an der Zukunft vu Schi erwaarden?

Schi kéinten an Zukunft mat dynamesch upassbare Sidecuts equipéiert sinn. Se passe sech dann un d'Pente an d'Vitess un. An och d'Elektronik kënnt an d'Spill: Sensore kéinten Donnéeën ewéi d'Vitess, d'Pente an d'Textur vum Schnéi moossen, fir d'Schi optimal anzestellen. Dat kéint och manner geüübte Schifuerer d'Gefill vun enger perfekter Kéier vermëttelen. Et bleift also spannend an der Fuerschung!

Vun Holzbrieder zu Hightech-Carving-Schi
Schifueren huet eng laang Traditioun, déi hiren Ursprong a prehistoreschen Zäiten huet. Scho viru méi ewéi 8.000 Joer hu Jeeër a Skandinavien a Russland Holzbrieder benotzt, fir sech op Schnéi virunzebeweegen. Am 19. Joerhonnert ass Schifueren dunn als Sport populär ginn.

En entscheedende Moment war d'Entwécklung vun den Telemark-Schi an Norwegen ëm 1850. Et waren déi éischt Schi mat enger Krëmmung ënner der Bindung. Déi huet d'Manövréieren e gutt Stéck vereinfacht. An den 1920er-Joren hunn Neierungen ewéi Metallkanten déi nächst Revolutioun du mat sech bruecht: Schi mat Metallkanten hunn e bessere Grip op äisege Pisten a méi Kontroll bei héije Vitessen erméiglecht.

Eng entscheedend Ännerung koum awer an den 1990er-Joren duerch d'Carving-Schi. Hire Sidecut – déi tailléiert Form mat schmueler Mëtt – mécht enk, prezis Kéiere méiglech, ouni datt Schifuerer hir Schi queeschstelle mussen. Dat huet net nëmmen d'Technik vum Schifuere verännert, mee och d'Ufuerderungen un d'Material: Modern Schi bestinn aus liichte Kompositmaterialien ewéi Carbonfaseren, déi Flexibilitéit a Stabilitéit gutt matenee kombinéieren. Haut ass Schifueren also net nëmmen e Sport, mee och eng Hightech-Disziplin vun de Materialwëssenschaften.

Auteur: Hannes Schlender (scienceRELATIONS)
Redaktioun: Joseph Rodesch, Michèle Weber (FNR)
Iwwersetzerin: Nadia Taouil (t9n.lu)

Infobox

Quellen

Jentschura, Ulrich & Fahrbach, Florian. (2003). Physics of Skiing: The Ideal-Carving Equation and Its Applications. Canadian Journal of Physics. 82. 10.1139/p04-010.

The physics of skiing : skiing at the Tripie Point 1 David A. Lind, Scott P. Sanders.-2nd ed. S. 98 ff.

De Mr Science op RTL Radio

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenn vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch presentéiert de Mr Science op RTL Radio, wat fir eng Fuerschung hanner Objeten aus dem Alldag stécht. All d’Emissioune fënns du hei: http://radio.rtl.lu/emissiounen/science/.

Auch in dieser Rubrik

Wanterblues Hëlleft méi Liicht géint Wanter-Depressioun?

Wann et dobausse gro an dréif gëtt, geet bei ville Leit d’Stëmmung an de Keller. Ka méi Liicht dogéint hëllefen?

FNR
E-Auto vs Verbrenner  Ass den Elektroauto méi ëmweltfrëndlech?

De Mr Science analyséiert d'Wëssenschaft hannert dëser Fro a kuckt sech den CO2-Foussofdrock iwwert d'Liewensdauer vun deenen zwee Autostypen un.

FNR