FNR

Video vum Experiment

Infobox

Material
  • Plastikstut
  • schwéiert Buch

Duerchféierung

Lee eng Plastikstut flaach op en Dësch, sou datt d’Ëffnung vun der Tut iwwert de Bord vum Dësch erauskuckt. Lee dann e schwéiert Buch op d’Plastikstut drop. D’Buch soll awer net iwwert de Bord vum Dësch erauskucken. Lee deng Hand ronderëm d’Ëffnung vun der Tut a blos fest dran. Kriss du dat schwéiert Buch esou opgehuewen? Kanns du eppes nach méi Schwéieres esou ophiewen?

Erklärung

Wann s du an d’Tut bléis, fëllt dës sech mat ëmmer méi Loft, d’Tut deent sech aus sou wäit se kann an d’Loft gëtt an der Plastikstut gefaangen a kompriméiert. Den Drock vun dëser kompriméierter Loft ass staark genuch, fir e schwéiert Buch (oder souguer nach méi schwéier Saachen) opzehiewen.   

Dat selwecht geschitt, wann een z. B. Loft an d’Pneue vum Vëlo pompelt. Den Drock vun der Loft am Pneu ass esou staark, datt souguer e schwéiere Camion eleng duerch d’Loft a senge Pneue an der Luucht gehale gëtt.  

Auteur: Michèle Weber (FNR)
Video: Michèle Weber (FNR)
Musik: Tuesday by Sascha Ende (https://filmmusic.io/song/2992-tuesday, License: https://creativecommons.org/licenses/by/4.0/legalcode)

Auch interessant

Schallimoflütt 2.0 Bastel eng Flütt - mat engem Schallimo an engem Loftballon

Fann eraus, wéi den Toun vun enger selwer gebastelter Flütt méi héich oder déif gëtt jee nodeems wéi vill Plaz d’Schwéng...

FNR
Science-Trick En Hiewel hëlleft hiewen

Mat dësem klenge Science-Trick ka souguer e Kand en Erwuessenen „ophiewen“.

FNR

Auch in dieser Rubrik

Joseph playing a flute
Schallimoflütt 2.0 Bastel eng Flütt - mat engem Schallimo an engem Loftballon

Fann eraus, wéi den Toun vun enger selwer gebastelter Flütt méi héich oder déif gëtt jee nodeems wéi vill Plaz d’Schwéngunge vun der Loft hunn, déi den Toun mécht.

FNR
Sonnendruck Drucke Muster auf farbiges Papier – mit Hilfe der Sonne

Für dieses Experiment brauchst du nicht unbedingt spezielles Sonnendruckpapier – es geht auch mit farbigem Bastelpapier.

FNR
Chemische Reaktion Lasse einen “Baum” wachsen – mithilfe von Natron und Essig

Dieser „Backpulver-Baum“ funktioniert nach einem ähnlichen Prinzip wie der „Backpulver-Vulkan“.

FNR