© AdobeStock/hriana

Sou fillt een sech no enger Nuecht ouni genuch Schlof

Mr Science, wann ech emol sou richteg schlecht geschlof hunn, gesinn ech den Dag drop aus wéi en Zombie: däischter donkel Aenreefer verschampeléiere da mäi Gesicht... Ma wou kommen dës hir?

Dat wat's de heiansdo Moies am Spigel gesäis si ganz reng Oderen un den Aen. Déi sinn de Grond fir dës Fierwung. D’Odere versuergen déng Aen, an och aner Organer mat Sauerstoff a mat Nährstoffer. A well d’Haut ënnert den Ae besonnesch zaart ass, an de Fetttissu ënnert der Haut besonnesch dënn, gesäit een do heiansdo d’Blutt duerchschéngen. An dat mécht d’Aanreefer.

Jo mee wat huet dat mat mengem Schlofmangel ze dinn?

Wa manner Sauerstoff am Blutt ass, ass d’Blutt méi donkel, an da sinn dës Bluttgefäässer besser siichtbar. Dat kënnt fir, wann een emol schlecht geschlof huet an sech déi ganz Nuecht hin an hier gewänzelt, an onroueg geootmend huet. D’Aenreefer entstinn awer och no iwwerméissegem Alkoholkonsum, no ze vill Zigarette bei Flëssegkeetsmanktem oder bei allergesche Reaktiounen.

Wat kann ech dann dogéint maachen?

Wann dat bei dir seele passéiert da geet et duer sech den nächsten Owend fréi an d’Bett ze leeën an auszeschlofen. Wann et méi heefeg ass, soll een seng Gewunnechten hannerfroen: hun ech genuch a reegelméissege Schlof, drénken ech genuch Waasser oder Téi, soll ech net mat fëmmen ophalen...?  A wann dat net hëlleft soll een den Dokter ëm Rot froen. Aenreefer kënnen och eng Indikatioun op Krankheeten oder eng Mangelernährung sinn.

An da ginn ët Mënschen déi ëmmer donkel Aenreefer hunn: bei deenen hunn sech an der Haut donkel Faarfpigmenter agelagert. An do hëlleft nëmmen: houfreg drop sinn oder iwwerpinselen.

Houfreg drop ze sinn, ass awer guer net sou einfach.

Dat ass richteg. Dofir geet d’Palett u Géigemoossnamen och vu „minimalinvasiven“ Agrëffer wéi Makeup oder Cremen iwwer d’Behandlung mat Laseren oder Chemikalien bis hin zur plastescher Chirurgie, bei där zum Beispill Fett an den Tissu ënnert d’Haut geluecht gëtt. Verschidden vun dëse Behandlungen hunn sech am Réckbléck als geféierlech erausgestallt. Hydrochinon zum Beispill ass eng Chemikalie, déi an Hautcremen fir d’Ophelle benotzt gouf, éier se an der EU wéinst Verdacht kriibserreegend ze sinn aus Kosmetika verbannt gouf. An rezeptflichtegen Medikamenter dierf se zwar nach dran sinn, mee d’Beispill weist, dass net nëmme d’Sich no neie Wierkstoffer wichteg ass, mee och d’Iwwerpréiwung vu bekannte Wierkstoffer op eventuell nach onentdeckte Risiken. An genau dowéinst bleift Fuerschung spannend.

 

Vum „Lästeg sinn“ zu engem Trend an zréck
 
De flüchtege Bléck an de Spigel no enger duerchgemaachter Nuecht ass meeschtens net sou schéin. Nëmme ganz wéineg Leit dierften sech iwwer déi déif donkel Aenringe freeën. Mee hautdesdaags gëtt et kaum eppes, aus deem sech net och en Trend entwéckele kéint. Esou war et Ufanks 2021 och mat den Aenreefer. Et sollt ee Spaass sinn, deen d’TikTokerin Sara Carstens deemools hirem Publikum presentéiert huet. An engem kuerze Video huet hatt gewisen, wéi ee sech täuschend echt Aenringe schminke kann. Anscheinend huet hatt domat e Punkt getraff. Anerer hu sech un him orientéiert an en Hype war gebuer. Wa mer haut op der Plattform nom Hashtag „Augenringe“ sichen, da stinn awer schonn erëm d'Tipps am Mëttelpunkt, wéi een se lass gëtt.
 

Auteur: scienceRELATIONS/Kai Dürfeld
Iwwersetzer an Editeur: Joseph Rodesch

Infobox

Mr Science op RTL Radio

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenn vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch presentéiert de Mr Science op RTL Radio, wat fir eng Fuerschung hanner Objeten aus dem Alldag stécht. All d’Emissioune fënns du hei: http://radio.rtl.lu/emissiounen/science/.

 

 

 

Auch in dieser Rubrik

Klimamodeller Wéi kann ee mat Klimamodeller d'Klima vun der Zukunft projezéieren?

Wéi gi Klimamodeller entwéckelt a wéi ënnerscheeden se sech vu Wiederprevisiounen?

FNR
Emotional Tréinen Firwat kräische mer vu Freed oder Trauregkeet?

Bei staarken Emotioune schéissen eis dacks Tréinen an d’Aen. Mee wéi een Zweck huet dat?

FNR