AdobeStock/alvaro

Eng Note seet net alles iwwert dai Potenzial aus.

Mr Science, all Joer gëtt iwwer de Sënn oder d'Sënnlosegkeet vun de Notten an der Schoul gestridden. Firwat gëtt et eigentlech Schoulnotten?

D'Bildungsfuerscher ënnersträiche fënnef Haaptfunktioune vun de Schoulnotten: Se ginn de Schüler eng Réckmeldung iwwer hire Léiererfolleg an dokumentéieren de Léierstand. D'Zensure sollen d'Schüler ausserdeem motivéieren, sech unzestrengen. D'Notten entscheede mat iwwer schoulesch a professionell Parcoursen. An ausserdeem gewinne sech Schüler dank de Schoulnotten dorun, bewäert ze ginn (Lerche, 2023; George et al., 2019).

Dozou muss een awer wëssen, datt d'Schüler zu Lëtzebuerg jee nom Typ vu Schoul ganz ënnerschiddlech bewäert ginn: An de Grondschoule gëtt et zënter e puer Joer keng klassesch Notten a Form vun Ziffere méi. Amplaz schafft d'Léierpersonal mat Kompetenzrasteren, Bilansgespréicher a Bewäertungen a Form vu Buschtawe vun A+ bis D. Am Secondaire dogéint gëllt an der Reegel nach de klasseschen Nottesystem mat maximal 60 Punkten.

Erfëllen d'Notten déi fënnef Aufgaben da gutt?

Nëmmen zum Deel. Wann et drëm geet, Schüler ze vergläichen oder schoulesch Parcourse matzeentscheeden, erfëlle klassesch Nottesystemer – ewéi de 60-Punkte-Modell am Lëtzebuerger Secondaire – eng gewësse Steierungsfunktioun. Mee beim eigentleche Léiere stousse se séier un hir Grenzen.

Déi fënnef genannt Funktioune bezéie sech op éischter Linn op déi sougenannt summativ Bewäertung, also déi ofschléissend Appreciatioun no engem Test, enger Prüfung oder engem Schouljoer. Dobäi gëtt eng ganz Leeschtung mat enger eenzeger Zuel zesummegefaasst. Fir e gudden Apprentissage brauch ee soss eppes: formative Feedback, also Hiweiser doriwwer, wat gutt leeft a wouran ee sech verbessere kann. A genee dat kënnt am Nottenalldag oft ze kuerz. Eng „36 vu 60“ seet net vill doriwwer aus, wéi ee sech verbessere kéint (Lerche, 2023).

E weideren Dilemma: D'Léierpersonal soll fërderen a gläichzäiteg bewäerten. Mee wa Schüler wëssen, datt egal wéi zum Schluss eng Nott do steet, léiere verschiddener net, fir ze verstoen, mee fir d'Moyenne. Eng schlecht Nott wierkt fir vill Schüler net ewéi eng Hëllef, mee ewéi en Urteel. Verschiddener zéie sech dann zeréck, amplaz weiderzeléieren (Fischbach, 2012).

An der Grondschoul zu Lëtzebuerg gouf dogéint e méi staark formative Bewäertungssystem ageféiert. Eng aktuell Evaluatioun weist awer: Och do gëtt en net iwwerall d'selwecht konsequent ëmgesat an an der Praxis feelt oft Zäit fir eng individualiséiert Réckmeldung (OEJQS, 2024).

A wéi zouverlässeg sinn d'Notten?

Schoulnotte wierke jo ganz objektiv. 36 Punkten, dat kléngt prezis. Mee d'Notten hänken oft dovun of, wéi streng oder wéi wuelwëllend eng Léierkraaft bewäert. A verschidde Léierkräfte verginn deels fir déi selwecht Aarbecht ganz ënnerschiddlech Notten. Esouguer eng eenzel Léierkraaft ka jee no Dageslaun anescht bewäerten. D'Notte sinn also net objektiv (Brügelmann, 2006).

Och d'Zesummesetzung vun der Klass spillt eng Roll: E Schüler, deen an enger leeschtungsstaarker Grupp sëtzt, kritt fir déi selwecht Leeschtung oft méi eng schlecht Nott (Weinert, 2002, S. 4-5). E weidere Facteur sinn déi sozial Originnen: Kanner aus bildungsnoe Famille schneide statistesch besser of. Net onbedéngt, well se méi wëssen, mee well se déi onausgeschwate Reegele vum System kennen. Se schwätzen d'Sprooch vun der Schoul, wierke vertraut mat den Erwaardungen – a ginn heiansdo bevirdeelegt (George et al., 2019).

Firwat hale mir dann esou hartnäckeg un de Notte fest?

Well se bei aller Kritik e prakteschen Notzen hunn. Notten hëllefen, Decisiounen ze huelen – zum Beispill: Wien duerf op enger Uni studéieren? Wie kritt eng Bourse? An enger Welt mat begrenzte Plaze brauch et Auswielkrittären – an Notte sinn dofir ëmmer nach dat einfachst Mëttel (George et al., 2019). Se loosse sech séier verginn, si kloer verständlech a wierke vertraut. Eng „45 vu 60“, dat kennt zu Lëtzebuerg jiddereen, deen am Secondaire war. Dofir nennen d'Bildungsfuerscher d'Notten och d'„Alldagssprooch“ vun der Schoul (Lerche, 2023).

Gëtt et besser Alternativen ewéi Notten, fir Schoulleeschtungen ze bewäerten?

Jo. D'Grondschoulen zu Lëtzebuerg gi schonn aner Weeër. Do gëtt mat sougenannte Kompetenzsockelen, Tëschebilanen a Réckmeldungen iwwer d'Ziler (kriteriale Réckmeldungen) geschafft. Och eenzel Lycéeën ewéi de Lycée Ermesinde setzen op alternativ Bewäertungsformen, op d'mannst bis d'Première. Well spéitstens do gräift nees de klassesche 60-Punkte-Scheema. Allerdéngs, vill Schüler a Schülerinne fannen oppe Bewäertungsformater zwar gutt, wëllen trotzdeem unhand vun enger Zuel erkennen, wou se stinn.

A wat heescht dat elo – Notten ofschafen oder net?

D'Fro muss eigentlech anescht gestallt ginn: Wéi gi mir mat Notten ëm a wat erwaarde mer vun hinnen? Notte si weder perfekt nach objektiv. Se sollten net als absolut Referenz gëllen, mee se sinn och net komplett iwwerflësseg. Kombinéiert mat differenzéierter Réckmeldung, individueller Fërderung an echtem Léierfortschrëtt kënne se sënnvoll sinn.

Zu Lëtzebuerg gëtt genau doru geschafft: D'Grondschoul setzt op en differenzéierten, kompetenzorientéierte System – mee am Secondaire kënnt mam 60-Punkte-System meeschtens déi klassesch Nott zeréck. Wéi gutt Kanner a Jugendlecher dësen Iwwergang tatsächlech meeschteren, ass eng aner spannend Fro fir d'Bildungsfuerschung.

Summativ oder formativ – wat ass den Ënnerscheed?

 

Wann d'Léierpersonal eng Nott op en Test oder eng Zensur schreift, schwätzt ee vu summativer Bewäertung. D'Nott soll weisen, wat eng Persoun e bestëmmte Moment kann a gëtt oft fir d'Auswiel oder d'Astufung benotzt. De formative Feedback fonctionéiert ganz anescht: E begleet de Léierprozess, gëtt Hiweiser doriwwer, wéi ee sech verbessere kann an hëlleft dobäi, den eegenen Apprentissage besser anzeschätzen. Studie weisen, datt esou Réckmeldunge fir de Léiererfolleg besonnesch effikass sinn. Ideal ass et, wa béides zesummespillt, mee ofgesi vun de Grondschoulen zu Lëtzebuerg dominéiert am Alldag meeschtens déi summativ Bewäertung.

Auteur: Hannes Schlender (scienceRELATIONS)
Editeuren: Linda Wampach, Jean-Paul Bertemes, Michèle Weber (FNR)
Iwwersetzerin: Nadia Taouil (www.t9n.lu)

Infobox

Quellen

Brügelmann, H. (2006). Sind Noten nützlich - und nötig? Ziffernzensuren und ihre Alternativen im empirischen Vergleich. Eine Expertise der Arbeitsgruppe Primarstufe an der Universität Siegen im Auftrag des Grundschulverbands e. V., Frankfurt (Kurzfassung) - In: Bartnitzky, Horst [Hrsg.]; Brügelmann, Hans [Hrsg.]; Hecker, Ulrich [Hrsg.]; Schönknecht, Gudrun [Hrsg.]: Pädagogische Leistungskultur. Frankfurt am Main: Grundschulverband - Arbeitskreis Grundschule e.V. 2006, S. 17-46 - URN: urn:nbn:de:0111-pedocs-176284 - DOI: 10.25656/01:17628

Fischbach, A. (2012). Educational Assessment – Two Sides of the Same Coin [Dissertation]. Universität des Saarlandes.

Fischbach, A. (2025), mündliches Interview am 16.6.2025

George, Ann Cathrice [Hrsg.]; Schreiner, Claudia [Hrsg.]; Wiesner, Christian [Hrsg.]; Pointinger, Martin [Hrsg.]; Pacher, Katrin [Hrsg.]: Fünf Jahre flächendeckende Bildungsstandardüberprüfungen in Österreich. Vertiefende Analysen zum Zyklus 2012 bis 2016. Münster ; New York : Waxmann 2019, 258 S. - (Kompetenzmessungen im österreichischen Schulsystem: Analysen, Methoden & Perspektiven; 1) - URN: urn:nbn:de:0111-pedocs-174643 - DOI: 10.25656/01:17464

Hattie, J. (2008). Visible Learning. A Synthesis of Over 800 Meta-Analyses Relating to Achievement. London/New York: Routledge.
 (zitiert nach: Lerche, 2023)

Klieme, E., & Warwas, J. (2011). Konzepte der individuellen Förderung. Zeitschrift für Pädagogik, Beiheft 57, S. 805-818.

Lerche, Thomas  (2022): Leistungsbeurteilung an Schulen. München: Lehrstuhl für Schulpädagogik, Ludwig-Maximilians-Universität München. https://epub.ub.uni-muenchen.de/91872/1/Lerche_Leistungsbeurteilung_an_Schulen.pdf

OEJQS – Observatoire national de l’enfance, de la jeunesse et de la qualité scolaire (2024): Évaluation de la réforme de l’enseignement fondamental (2009). Luxembourg: Ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse.
https://men.public.lu/dam-assets/catalogue-publications/statistiques-etudes/themes-transversaux/oejqs-evaluation-reforme-scolaire-2009.pdf

Traub, Silke: Selbstgesteuert lernen im Projekt? Anspruch an Projektunterricht und dessen Bewertung aus Sicht von Lehrenden und Lernenden - In: Zeitschrift für Pädagogik 57 (2011) 1, S. 93-113 - URN: urn:nbn:de:0111-opus-87044 - DOI: 10.25656/01:8704

Weinert, F. E. (2002). Vergleichende Leistungsmessung in Schulen – eine umstrittene Selbstverständlichkeit. In F. E. Weinert (Hrsg.), Leistungsmessungen in Schulen (S. 17–31). Weinheim: Beltz. https://homepage.univie.ac.at/henning.schluss/seminare/053-SE-Diplomandinnenseminar/Texte/weinert-2002-vergl-leistungsmessung.pdf

De Mr Science op RTL Radio

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenn vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch presentéiert de Mr Science op RTL Radio, wat fir eng Fuerschung hanner Objeten aus dem Alldag stécht. All d’Emissioune fënns du hei: http://radio.rtl.lu/emissiounen/science/.

Auch in dieser Rubrik

Gebuertsdag A wéi engem Mount hunn déi meescht Leit Gebuertsdag?

All Dag komme Kanner op d'Welt. Mä an ewéi engem Mount hunn eigentlech déi meescht Leit Gebuertsdag?

FNR
Musik und Psyche
Musek a Psyche Firwat wierkt Musek sou staark op eis Stëmmung?

Musek a Sprooch, dat hu just mir Mënschen. Musek wierkt op eise Kierper an op eis Séil, seet de Mr Science.

FNR
Naturschutz am Gaart Ass en Insektenhotel gutt oder schlecht?

Mr Science, iwwerall stinn dës Insektenhoteller mat Äscht a Bambusréiercher, an deenen Insekten niste sollen. Sinn déi eigentlech wierklech sënnvoll fir den Insekteschutz?

FNR