stottern

shotshop.com

Kanner fänken dacks op ee mol un ze tuddelen. Meeschtens kënnt dës Schwätzstéierung virum 6. Liewensjoer. Vill gi vun hire Schoulkomerode gehänselt an och erwuessen Tuddeler hunn et net einfach. Mee wat ass eigentlech d’Ursaach vum Tuddelen?

Laang huet ee geduecht, datt d’Elteren dofir verantwortlech wieren. Ze streng oder och ze lax Erzéier géifen d’Tuddele begënschtegen. Och sproochlech Iwwer- oder Ënnerfuerderunge sinn als méiglech Grënn genannt ginn. Dat ass awer mëttlerweil alles widderluecht ginn. Haut wëssen d’Fuerscher, datt d’Genen eng grouss Roll spillen, ob een ufälleg fir Tuddelen ass oder net. Awer eng genee Ursaach oder Ausléiser hu si bis elo net fonnt. Och Gehirscanner bréngen si bei der Ursaachefuerschung net wierklech weider. Si weisen zwar, datt am Gehir vu Leit déi tuddele beim Schwätzen deelweis aner Gehirberäicher aktivéiert si wéi bei Leit déi net tuddelen. Mee d’Fro bleift, ob dat d’Ursaach vum Tuddelen ass oder nëmmen d’Resultat dovun.

Ech hunn awer héieren, datt extrem psychesch Evenementer Tuddelen ausléise kënnen.

Jo, dat stëmmt. Mee dat kënnt nëmme ganz seele vir a meeschtens eréischt no der Pubertéit. D’Tuddele weist sech dann an der Reegel direkt no engem dramateschen Erliefnis. Och Gehirverletzungen duerch Accidenter oder ee Schlag kënnen Tuddeler ausléisen. An och bei verschiddene geeschtege Behënnerungen, wéi dem Down-Syndrom, kann Tuddelen ee vun de Symptomer sinn. Dës Form vun Tuddelen ënnerscheet sech awer vum heefegen Tuddelen, dat ouni erkennbar Ursaach optrëtt. Sou tuddelt ëmmerhin all zwanzegst Kand iergendwann ee mol am Laf vu senger Entwécklung.

Wat kann ee géint d‘Tuddele maachen?

Bei jonke Kanner waarden op Tuddele spezialiséiert Dokteren dacks of, ob d’Tuddelen ënnerhalb vun engem hallwe Joer erëm verschwënnt. Wann dat net de Fall ass, sollt een awer séier behandelt ginn! Medikamenter hëllefe leider net, mee et gëtt e puer erprouften Therapien. Bei klenge Kanner léieren d’Elteren, si fir flëssegt Schwätzen ze luewen an et duuss drop opmierksam ze maachen. Eeler Kanner, Jugendlecher oder Erwuessener kënnen zum Beispill a verschiddene Forme vu Schwätz-Therapië méi flëssegt Schwätzen üben. No der Pubertéit ass een zwar seele komplett geheelt, mee dacks loossen sech och dann nach d’Schwätzschwieregkeete verbesseren.

Technësch Anti-Tuddelhëllef

Niewent den erprouften Tuddel-Therapië kënnen och Geräter oder Software applizéiert ginn, déi a munch Fäll hëllefen. Bei enger Method dréit een een Héiergerät oder ee Kopfhörer, duerch deen een dat eegent Schwätze selwer héiert. Allerdéngs fir ongeféier ëm eng Zéngtel-Sekonn méi lues oder mat enger verännerter Tounhéicht. Dacks ginn och béid Tounveraabeschtunge kombinéiert. Dësen akustesche Feedback verbessert bei munch Patienten de Schwätzfloss. Sou Approche sollten awer ëmmer nëmmen no enger Berodung duerch ee spezialiséierten Dokter oder Therapeut agesat ginn. An der Reegel gi si mat aneren Therapieforme kombinéiert.

Auteur:  scienceRELATIONS/Ingo Knopf
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Iwwersetzerin: Melanie Reuter (FNR)

Infobox

De Mister Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldoradio eng Fro.

Auch in dieser Rubrik

Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR
Den Toun mécht d’Musek Sinn eis Museksinstrumenter falsch gestëmmt?

Huet Musek mat engem Grondtoun vu 432 Hz e speziellen Afloss op Kierper a Geescht?

FNR