eisbaden

shotshop.com

Kann ee sech u Keelt gewinnen?

Also mäi Wëlle wär dofir definitiv net staark genuch! Awer am Eescht: wéi wichteg de Wëllen ass, fir Keelt auszehalen, hunn och Fuerscher sech gefrot. An si hunn ee fréieren Äiswierfel-Rekordhaler, den Hollänner Wim Hof, an engem Gehierscanner ënnersicht. Fir d'Keelt auszehalen, huet hie säi Kierper scho zanter laangem un d'Keelt gewinnt a benotzt ausserdeem eng speziell Otemtechnik a Meditatioun. D'Wëssenschaftler konnten erkennen, wéi d'Meditatioun bestëmmte Regiounen a sengem Gehier aktivéiert. Awer ob en dowéinst méi resistent géint Keelt ass wéi normal Leit oder ob seng Otemtechnik entscheedend ass, dat konnte si net klären.

Zu där Fro koum eng Etüd an engem tibetanesche Klouschter awer weider. Do praktizéieren Nonnen a Mënchen eng speziell Meditatiounstechnik, déi Tummo-Meditatioun heescht. Tummo bedeit op tibetanesch "ënnerlech Hëtzt oder ënnerlecht Feier". Nodeems déi Geeschtlech mindestens dräi Joer laang geüübt hunn, musse si hiert Kënnen an enger Opnamzeremonie beweisen. Dofir gi si e puer Stonne laang bei ronn minus 25 Grad ronderëm hiert Klouschter spadséieren an dréchnen dobäi naass Dicher, déi si ronderëm hire plakegen Uewerkierper gewéckelt hunn.

Dat kléngt mindestens genausou krass wéi Äisbueden...

Déi tibetanesch Meditatiounstechnik gläicht och där vu bekannte Leit déi am Äis bueden, wéi dem Wim Hof. A béide Fäll ass nieft der Meditatioun eng speziell Otemtechnik entscheedend. Dobäi muss een déif anootmen, den Otem e puer Sekonne laang unhalen an dobäi d'Muskele vum Uewerkierper uspanen. Dann otemt ee kräfteg aus. Dobäi schaffen d'Muskele vum Broschtkuerf besonnesch staark a wiermen d'Blutt an den dënne Bluttgefäässer vun der Long. D'Häerz pompelt dann dat opgewiermte Blutt duerch de ganze Kierper. D'Fuerscher konnten noweisen, datt een och ouni Meditatioun, also eleng duerch d'Otemtechnik, d'Kierpertemperatur no uewen dreiwe kann. Awer mat der Meditatioun klëmmt se nach e Stéckelche weider, bis an de Beräich vu liichtem Féiwer. Et kann een also soen: E staarke Wëlle ka mat hëllefen, méi resistent géint Keelt ze ginn.

A wéi ka Meditatioun d'Kierpertemperatur beaflossen?

Bis elo ass een dovun ausgaang, datt nëmmen eist autonoomt Nervesystem d'Kierpertemperatur regléiert. Wéi den Numm et scho seet schafft et selbststänneg, also ouni datt mir et bewosst beaflosse kënnen. Wann et eis ze waarm ass, schweesse mir zum Beispill, wa mir fréieren, ziddere mer, fir datt eis Muskelen eis wiermen. Wéi een an des kierperlech Prozesser bewosst agräife kann, ass nach komplett onkloer. Dofir bleift d'Fuerschung ëmmer spannend!

Infobox

Kënne Selbsthypnose oder Autosuggestioun wiermen?

Dës Fro gouf ëmmer erëm gestallt, awer ouni wierklech kloer Resultat. Hypnose oder änlech Technike kënnen dozou féieren, datt een a bestëmmte Kierperdeeler Wäermt spiert, déi ee souguer moosse kann. Et ass awer net kloer, ob des Erwiermung op d'Kraaft vun de Gedanken zréck ze féieren ass. Elleng d'Entspanung kann dozou féieren, datt d'Duerchbluddung besser ass an et engem esou méi waarm gëtt. An eng Etüd féiert d'Erwiermung op d'Beweegung vu Muskelen zréck.

Kann ee sech u Keelt gewinnen?

Op dës Fro gëtt et eng kloer Äntwert: Jo! An et gewinnt een sech souguer zimmlech séier drun, Keelt ze erdroen. Schonn no e puer Mol an der Keelt gëtt ee manner empfindlech géint Keelt. Et gewinnt een sech awer och kierperlech drun: de Kreeslaf an de Stoffwiessel, awer och den Hormonhaushalt passe sech un an hëllefen, méi Wäermt ze produzéieren. Am Extremfall kann ee sech souguer sou gutt u Keelt gewinnen, datt een net méi mierkt falls ee riskéiert ze erfréieren. Dat hunn zumindest Fuerscher aus Finnland bericht.

Auteur: Ingo Knopf/scienceRELATIONS
Iwwersetzerin: Michèle Weber (FNR)

Infobox

Quellen
Mister Science op RTL RADIO

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d’Emissioune fënns du hei : http://radio.rtl.lu/emissiounen/science/