Säit sengem 23 Liewensjoer beobacht d’Jane Chimpanzen an hirem natierleche Liewensraum a probéiert se besser ze verstoen. A seng Resultater geheien d’Welt vun den Antrophologe komplett op d’Kopp!

Bis dohin huet de Mënsch sech vun allen aner Liewewiesen ënnerscheet well e Geschir hiergestallt a benotzt huet. Mee laut dem Jane senge Beobachtunge man d’Chimpanzen dat och. Wat ënnerscheet de Mënsch also vun de Primaten? Et mussen nei Definitiounen erbäi!

Well seng Methoden onkonventionell sinn, erkennt net jiddereen se als wëssenschaftlech un! Hautesdaags steet d’Experiment näämlech am Mëttelpunkt vun der Fuerschung. D’Jane huet awer mat senge Chimpanzen gelieft, sech emotionell un se gebonn an nëmme Beobachtunge gemaach.

Text: Corinne Kroemmer

Infobox

Mister Science op RTL Radio

1mol d'Woch présentéiert de Mister Science op RTL Radio d'Erfindung oder den Entdecker vum Daag.

 

Auch in dieser Rubrik

Technik am Alldag Kann een op enger Induktiounskachplack en Handy oplueden?

Induktiounskachplack a Chargeuren ouni Kabel iwwerdroen alle béid Energie. Trotzdeem kann een op der Kachplack kee Smartphone oplueden. Well hir Technik ënnerscheet sech grondsätzlech.

FNR
sperm and egg cell
Reproduktiounsbiologie Gewënnt bei der Befruchtung wierklech de séierste Spermium?

Vill Leit stelle sech d'Befruchtung vun der Eezell wéi eng Course vir: Dee séierste Spermium gewënnt. Mee eigentlech ass et en Hindernisparcours, bei deem de weibleche Kierper d'Reegele mat bestëmmt....

FNR