Fake News

Adobe Stock

Eng Fake News konzentréiert sech dacks op just een Aspekt oder een Argument, wat meeschtens just eng Meenung ass.

En éischte Reflex sollt sinn: Kléngt dat ze gutt fir wouer ze sinn, oder ze bizar, ze skandaléis? Da sollt ee scho mol skeptesch sinn. Klengt et credibel, kann een trotzdeem nach e puer Saachen iwwerpréiwen.

Zum Beispill?

Et ass z.B. wichteg 3 Saachen z’iwwerpréiwen:

  • wien den Auteur ass,
  • wou d’Informatioun ursprénglech hierkënnt an
  • wat d’Quelle sinn

Méi konkret stelle sech do Froe wéi: Ass den Auteur eng reell Persoun an ass se credibel? Gouf d’Informatioun just op soziale Medien oder op engem Medien- oder Institutiounssite verëffentlecht? A baséieren déi genannte Fakten op iwwerpréifbaren a seriöe Quellen?

Fake News

Infobox

Dat klengt alles no vill Aarbecht….geet dat net méi einfach?

Et kann een z.B. um Internet mol d’Informatioun aginn plus d‘Keyword „Faktencheck“. Mëttlerweil hu vill Noriichtenagencen, Sozialmedien an och onofhängeg ONG’en Faktencheck-Equippen, déi just Informatiounen, Fotoen a Videoen iwwerpréiwen. Beispiller hu mir an de Quellen uginn.

Hei ass och nach e Link op en Online-Test, deen engem verréit wéi gutt ee selwer am Ëmgang mat Noriichten um Internet ass.

Gëtt et nach eppes, op wat een oppasse soll?

Journaliste si Professioneller, déi an der Reegel methodesch virgi fir Informatiounen ze verschaffen. Si benotze Statistiken an aner Dokumenter an Donnéeën, Zeienaussoen an Aussoe vun Experten, fir en Thema vu méiglechst ville Säiten ze beliichten. Eng Fake News konzentréiert sech awer par konter dacks op just een Aspekt oder een Argument, wat meeschtens just eng Meenung ass.

A wann dat der eegener Meenung entsprécht, gleeft een där Informatioun éischter? 

An et ass wichteg, dass engem dat bewosst ass, an dass dësen Effekt duerch Algorithme vu Sichmaschinnen oder Soziale Medien ëmmer méi verstäerkt gëtt. Dofir: Och skeptesch sinn, wann een eppes proposéiert kritt, wat engem seng eege Meenung rëmspigelt.

Wéi déif een a senger Internetblos stécht kann een iwwregens mat dem Filter Bubble Online-Test vum Zentrum fir politesch Bildung checken. 

Infobox

Kéint een also duerch Abrëllswitzer léieren, Fake News besser ze erkennen?

Jo. Wëssenschaftler vun der Uni Lancaster hunn dat och ënnersicht a festgestallt: Abrëllswitzer hu verschidde Gemeinsamkeete mat bewosst gestreete Falschmeldungen, an ënnerscheeden sech op där anerer Säit däitlech vu seriöen Noriichten.

Abrëllswitzer kéinten also hëllefen Algorithmen ze trainéieren, fir Fake News am Internet besser ze erkennen. Och an dësem Beräich gëtt et vill spannend Fuerschung!

Infobox

Auteur: Michèle Weber (FNR)
Editeuren: Joseph Rodesch, Jean-Paul Bertemes (FNR)

Infobox

Aussi dans cette rubrique

Schoul a Léieren Wat schwätzt fir a wat géint Schoulnotten?

Lëtzebuerg huet sech an der Grondschoul vun de klasseschen Notte getrennt mee am Secondaire gëllt meeschtens de 60-Punkte-System. Wat seet d'Fuerschung iwwer de Sënn an d'Limitte vun de Schoulnotten?

FNR
Gebuertsdag A wéi engem Mount hunn déi meescht Leit Gebuertsdag?

All Dag komme Kanner op d'Welt. Mä an ewéi engem Mount hunn eigentlech déi meescht Leit Gebuertsdag?

FNR
Musik und Psyche
Musek a Psyche Firwat wierkt Musek sou staark op eis Stëmmung?

Musek a Sprooch, dat hu just mir Mënschen. Musek wierkt op eise Kierper an op eis Séil, seet de Mr Science.

FNR