Fake News

Adobe Stock

Eng Fake News konzentréiert sech dacks op just een Aspekt oder een Argument, wat meeschtens just eng Meenung ass.

En éischte Reflex sollt sinn: Kléngt dat ze gutt fir wouer ze sinn, oder ze bizar, ze skandaléis? Da sollt ee scho mol skeptesch sinn. Klengt et credibel, kann een trotzdeem nach e puer Saachen iwwerpréiwen.

Zum Beispill?

Et ass z.B. wichteg 3 Saachen z’iwwerpréiwen:

  • wien den Auteur ass,
  • wou d’Informatioun ursprénglech hierkënnt an
  • wat d’Quelle sinn

Méi konkret stelle sech do Froe wéi: Ass den Auteur eng reell Persoun an ass se credibel? Gouf d’Informatioun just op soziale Medien oder op engem Medien- oder Institutiounssite verëffentlecht? A baséieren déi genannte Fakten op iwwerpréifbaren a seriöe Quellen?

Fake News

Infobox

A wéi ass dat bei Fotoen oder Videoen?

Fir Fotoen oder Videoen z‘iwwerpréiwe gëllen änlech Prinzippie wéi bei Text. Bei Fotoe kann een zousätzlech eng ëmgedréite Billerrecherche maachen: sou kann een z.B. erausfannen, ob et sech em eng manipuléiert Versioun vun engem anere Bild handelt. Dat kann ee mat der Reverse Image Search vu Google oder och z.B. TinEye maachen. Bei Videoe kann een mat Hëllef vum YouTube Data Viewer vun Amnesty International iwwerpréiwen, ob et sech em en Originalvideo handelt. 

Dat klengt alles no vill Aarbecht….geet dat net méi einfach?

Et kann een z.B. um Internet mol d’Informatioun aginn plus d‘Keyword „Faktencheck“. Mëttlerweil hu vill Noriichtenagencen, Sozialmedien an och onofhängeg ONG’en Faktencheck-Equippen, déi just Informatiounen, Fotoen a Videoen iwwerpréiwen. Beispiller hu mir an de Quellen uginn.

Hei ass och nach e Link op en Online-Test, deen engem verréit wéi gutt ee selwer am Ëmgang mat Noriichten um Internet ass.

Gëtt et nach eppes, op wat een oppasse soll?

Journaliste si Professioneller, déi an der Reegel methodesch virgi fir Informatiounen ze verschaffen. Si benotze Statistiken an aner Dokumenter an Donnéeën, Zeienaussoen an Aussoe vun Experten, fir en Thema vu méiglechst ville Säiten ze beliichten. Eng Fake News konzentréiert sech awer par konter dacks op just een Aspekt oder een Argument, wat meeschtens just eng Meenung ass.

A wann dat der eegener Meenung entsprécht, gleeft een där Informatioun éischter? 

An et ass wichteg, dass engem dat bewosst ass, an dass dësen Effekt duerch Algorithme vu Sichmaschinnen oder Soziale Medien ëmmer méi verstäerkt gëtt. Dofir: Och skeptesch sinn, wann een eppes proposéiert kritt, wat engem seng eege Meenung rëmspigelt.

Wéi déif een a senger Internetblos stécht kann een iwwregens mat dem Filter Bubble Online-Test vum Zentrum fir politesch Bildung checken. 

Infobox

Wéi mir eis Gehier trainéiere kënnen, Fake News besser ze erkennen

Den uewe beschriwwene „Confirmation Bias“ ass just ee Beispill vun engem Effekt, deen eis Gehier dozou verleede ka falsch Conclusiounen ze zéien.  An dësem Artikel op ZEIT ONLINE weist de Professer fir Allgemeng Psychologie a Kognitiounsfuerschung Markus Knauff am Kontext vum Coronavirus op 9 Effekter a Feeler hin, déi eist Gehier beim Verschaffe vun Informatioune maache kann:

  • „Wann s Du am Netz eppes Neies iwwert de Virus gewuer gëss, denk net direkt dass Du dat virdru scho gewosst häss.“ (hindsight bias)
  • „Wéi eist Gehier eng Behaaptung verschafft, hänkt och vun de Wierder of, déi benotzt ginn.“ (Framing-Effekt)
  • „Sich net no Informatiounen, déi Deng Opfaassungen iwwert de Virus bestätegen.“ (confirmation bias)
  • „Zweiwel un deem, wats Du selwer an anerer iwwert de Virus mengen ze wëssen oder fir richteg halen.“ (Dunning-Kruger-Effekt)
  • „Wann no engem Evenement A en Evenement B kënnt, ginn d’Leit meeschtens onbewosst dovun aus, datt déi zwee zesummenhänken.“ (illusory causality oder Kausalfehler) 
  • „Verlooss Dech am Netz an am Ëmgang mat Medien net op däi ‚gesonde Mënscheverstand‘.“ (gut feeling error)
  • „D’Leit halen Evenementer fir méi warscheinlech, wat se méi disponibel an hirem Gehier sinn.“ (availability error)
  • „Passt op Argumenter op, déi keng sinn.“ (slippery slope argument)
  • „A ganz wichteg: Ënnerschätz d’Wierkung vu Feelinformatiounen net.“

Kéint een also duerch Abrëllswitzer léieren, Fake News besser ze erkennen?

Jo. Wëssenschaftler vun der Uni Lancaster hunn dat och ënnersicht a festgestallt: Abrëllswitzer hu verschidde Gemeinsamkeete mat bewosst gestreete Falschmeldungen, an ënnerscheeden sech op där anerer Säit däitlech vu seriöen Noriichten.

Abrëllswitzer kéinten also hëllefen Algorithmen ze trainéieren, fir Fake News am Internet besser ze erkennen. Och an dësem Beräich gëtt et vill spannend Fuerschung!

Infobox

Ass en Abrëllsgeck eigentlech Fake News?

„Hautzedaags gëllen als Fake News Falschmeldungen, déi glafwierdegem Journalismus änlech sinn, awer komplett fräi erfonnt si, fir Lieser ze täuschen a fir domadder fir Opmierksamkeet, Weiderverbreeden a Publicitéitsrecette fir hier Auteuren ze suergen. Dacks gi se gezielt iwwer Sozialmedie verbreet.“ Sou gi Fake News am Dossier „Desinformation in den Medien“ vu BEE SECURE definéiert.

Och wann Abrëllswitzer genee wéi Fake News Lieser gezielt täusche wëllen, gëtt et awer ee wichtegen Ënnerscheed: si ginn an der Reegel den Dag duerno vum selwechten Auteur/Editeur richteg gestallt. Dat geschitt mat Fake News meeschtens just dann, wa professionell Faktencheck-Equippen se als solch entlarven.

Fuerscher vun der Uni Lancaster hu stilistesch a strukturell Gemeinsamkeeten an Ënnerscheeder vu confirméierten Abrëllswitzer, Fake News a seriöen Noriichte méi genee analyséiert. Si hu festgestallt, datt Abrëllswitzer a Fake News z.B. allebéid eng méi einfach Sprooch benotzen an an der Reegel méi kuerz si wéi seriö Noriichten. Da feele bei Abrëllswitzer a Fake News och dacks konkret Detailer wéi z.B. wou a wéini eppes stattfënnt oder stattfonnt huet. Si benotzen och opfälleg oft Personalpronome wéi „mir“ a widderhuelen Nimm vu Persoune wéi „Hillary Clinton“ oder „Donald Trump“ méi dacks.

Dat Wëssen hu d’Fuerscher benotzt fir en Algorithmus ze trainéieren, dee Fake News am Internet erkenne soll. D’Resultat: wann Abrëllswitzer als Trainingsmaterial benotzt goufen, konnt den Algorithmus 65 vun 100 Fake News korrekt identifizéieren. Wa Fake News als Trainingsmaterial benotzt goufe louch d’Trefferquote bei 72 vun 100. Abrëllswitzer kéinten also an Zukunft vläicht net just witzeg, mee och nach nëtzlech sinn.

Wou kënnt den Abrëllsgeck eigentlech hier?

Wou den Abrëllsgeck hier kënnt, weess een net genee. Et ginn awer e puer Theorien diskuttéiert. Déi am waitste verbreed ass déi vun enger Kalennerreform. 1564 huet de franséische Kinnék Charles IX en neie Kalenner décidéiert, deen den 1. Januar als Neijoersdag definéiert huet. Bis dohinner gouf dat neit Joer ëmmer den 1. Abrëll agelaut. No der Kalennerreform hu Leit aus Witz  ëmmer nach den 1. Abrëll Invitatioune fir Neijoersfestivitéite geschéckt, déi et awer net méi gouf. Ween trotzdem den 1. Abrëll um Fest opgetaucht ass, gouf ausgelaacht.

Et ginn och nach aner, méi religiéis a méi witzeg Erklärungen, déi een hei noliese kann.

Donald Trump: Meeschter am Fake News streeën        

Et ginn och Leit déi bewosst Fake News streeën, fir richteg Noriichten ze diskreditéieren. Esou huet laut dem Faktencheck-Team vun der Washington Post den US-amerikanesche Präsident Donald Trump a senger Amtszäit vu 4 Joer iwwer 30.000 mol falsch oder mëssverständlech Saache behaapt.

Auteur: Michèle Weber (FNR)
Editeuren: Joseph Rodesch, Jean-Paul Bertemes (FNR)

Infobox

Auch in dieser Rubrik

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR