Lernen

Adobe Stock

Léieren ass jo esou stresseg – virun allem, wann d’Examen ëmmer méi no kommen. Mee viru Kuerzem hunn ech gelies, dass ech rausfanne soll, wéi e Léiertyp ech sinn. Da wier et warscheinlech vill méi einfach, déi ganz Matière a mengem Gehier ze späicheren. Mee stëmmt dat iwwerhaapt? Ginn et wierklech verschidde Léiertyppen oder ass dat e Mythos, Mister Science? 

D’Unhänger vun de Léiertyppe soen: All Mënsch huet e Sënnesorgan, dat e preferéiert an iwwert dat e sech Wëssen am effikassten uneegne kann. Bei munche Leit sinn dëst d’Aen, bei aneren d’Oueren a bei nach aneren d’Hänn.  

Mee fir déi meescht Psychologen a Léierfuerscher ginn et keng wëssenschaftlech Beweiser fir dës Aussoen. Hir Argumenter: Fir dass aus Sënnesandréck Wësse gëtt, musse si fir d’éischt am Gehier verschafft ginn. Just well mir vläicht e friemt Schrëftzeeche verhale kënnen, wësse mir nach laang net, wat et heescht a wéi mir et korrekt benotzen. Dofir ass ee Léierprozess néideg an dee leeft ëmmer op déi selwecht Manéier of – egal, op wéi engem Wee d’Informatiounen an de Kapp kommen.  

En plus hunn déi verschidde Léiertyppe methodesch Schwächten an d’Resultater widdersprieche sech zum Deel. Esou kann et sinn datt een o deem enge Modell en Aemënsch an no engem aneren en Oueremënsch. 

Mee et ginn dach Leit, déi hiert ganzt Wëssen aus Bicher hunn, wärend anerer op Erklärvideoe schwieren an nach anerer virum allem duerch Experimentéiere léieren, oder? 

Dat ass richteg. Allerdéngs handelt et sech hei net ëm Léiertyppen – déi jo am Prinzip ugebuere Preferenze vun engem Sënnesorgan solle sinn – mee ëm Léierstrategië respektiv Léierstiler. An all Mënsch schéngt tatsächlech seng eegen ze hunn, déi hie jee no Situatioun preferéiert an dofir benotzt. 

An ewéi gesäit esou e Stil aus? 

Dozou ginn et eng ganz Partie Modeller. Bei munchen heivun ass tatsächlech am wichtegsten, wéi mir Informatiounen ophuelen – also liesen oder lauschteren oder selwer opschreiwen. Mee opgepasst: Hei ginn déi meescht Wëssenschaftler dovun aus, dass et sech net ëm Muster handelt, déi ugebuere sinn, mee déi ee sech uneegent. Aner Konzepter klasséiere Mënschen a véier oder méi Kategorien. De Modell nom Kolb zum Beispill seet: Den Entdecker beobacht Saachen, betruecht se vun e puer Säiten an denkt duerno driwwer no. Esou kann hien sech d’Wësse quasi virstellen. Den Denker op där anerer Säit péckt seng Beobachtungen am léifsten an en theoretesche Modell. Den Decideur probéiert seng Theorien an Iddien am léifsten an engem Experiment aus. An de Praktiker evitéiert Theorien a verléisst sech op „Trial an Error“, also vu Versuch an Iertum. Allerdéngs stinn d’Léiertheorien, aus deenen eeben esou Stiler ervirginn, och an der Kritik. Well wéi mir Mënschen – an zanter Kuerzem och Maschinnen – wierklech léieren, domat beschäftegt sech d’Wëssenschaft bis haut. An dowéinst bleift d’Fuerschung spannend. 

Infobox

Auteur: scienceRELATIONS/Kai Dürfeld 
Redaktioun: Michèle Weber (FNR), Robert Reuter (Universitéit Lëtzebuerg) 
Iwwersetzung: Danièle di Cato (why vanilla?) 

Infobox

Aussi intéréssant

Enseignement scolaire Apprendre par l’exploration – explorer en apprenant : le projet « Fuerschen Dobaussen » pour les écoles fondamentales

Les écoles luxembourgeoises explorent de nouvelles voies avec un concept d’apprentissage particulier, permettant à leurs...

En eidele Kapp Wat maache bei engem mentale Blackout?

D'Virbereedung op eng Prüfung kann nach esou gutt sinn. Wann et drop ukënnt, dann ass de Kapp heiansdo komplett eidel. W...

FNR
Schoulufank Wat bréngen Hausaufgaben eigentlech?

Hausaufgabe sinn a ville Familljen en desagreabelt a lästegt Thema. Bréngen se eppes beim Léieren– oder sinn se nëmmen e...

FNR

Aussi dans cette rubrique

Hühnerei
An d'Schuel geschmass Firwat ginn et wäiss a brong Héngereeër?

Firwat sinn Héngereeër eigentlech wäiss oder brong a wéi kënnt d'Faarf an d'Schuel?

FNR
Optik vum mënschlechen A Wéi vill (Mega-)Pixel huet eist A?

Mr Science, ëmmer méi Bildschiermer a Fotoapparater bidden enorm héich Opléisungen. Wéi vill Megapixel hätten eis Aen eigentlech, wann et Fotoapparater wieren?

FNR
Zaunkönig
Vullegesang Wéi brénge winzeg Villercher et fäerdeg sou haart ze sangen?

Sangvullen hunn zwou speziell Strukturen an hirem Kierper: Loftsäck an e besonnescht Stëmmorgan.

FNR