Lernen

Adobe Stock

Léieren ass jo esou stresseg – virun allem, wann d’Examen ëmmer méi no kommen. Mee viru Kuerzem hunn ech gelies, dass ech rausfanne soll, wéi e Léiertyp ech sinn. Da wier et warscheinlech vill méi einfach, déi ganz Matière a mengem Gehier ze späicheren. Mee stëmmt dat iwwerhaapt? Ginn et wierklech verschidde Léiertyppen oder ass dat e Mythos, Mister Science? 

D’Unhänger vun de Léiertyppe soen: All Mënsch huet e Sënnesorgan, dat e preferéiert an iwwert dat e sech Wëssen am effikassten uneegne kann. Bei munche Leit sinn dëst d’Aen, bei aneren d’Oueren a bei nach aneren d’Hänn.  

Mee fir déi meescht Psychologen a Léierfuerscher ginn et keng wëssenschaftlech Beweiser fir dës Aussoen. Hir Argumenter: Fir dass aus Sënnesandréck Wësse gëtt, musse si fir d’éischt am Gehier verschafft ginn. Just well mir vläicht e friemt Schrëftzeeche verhale kënnen, wësse mir nach laang net, wat et heescht a wéi mir et korrekt benotzen. Dofir ass ee Léierprozess néideg an dee leeft ëmmer op déi selwecht Manéier of – egal, op wéi engem Wee d’Informatiounen an de Kapp kommen.  

En plus hunn déi verschidde Léiertyppe methodesch Schwächten an d’Resultater widdersprieche sech zum Deel. Esou kann et sinn datt een o deem enge Modell en Aemënsch an no engem aneren en Oueremënsch. 

Mee et ginn dach Leit, déi hiert ganzt Wëssen aus Bicher hunn, wärend anerer op Erklärvideoe schwieren an nach anerer virum allem duerch Experimentéiere léieren, oder? 

Dat ass richteg. Allerdéngs handelt et sech hei net ëm Léiertyppen – déi jo am Prinzip ugebuere Preferenze vun engem Sënnesorgan solle sinn – mee ëm Léierstrategië respektiv Léierstiler. An all Mënsch schéngt tatsächlech seng eegen ze hunn, déi hie jee no Situatioun preferéiert an dofir benotzt. 

An ewéi gesäit esou e Stil aus? 

Dozou ginn et eng ganz Partie Modeller. Bei munchen heivun ass tatsächlech am wichtegsten, wéi mir Informatiounen ophuelen – also liesen oder lauschteren oder selwer opschreiwen. Mee opgepasst: Hei ginn déi meescht Wëssenschaftler dovun aus, dass et sech net ëm Muster handelt, déi ugebuere sinn, mee déi ee sech uneegent. Aner Konzepter klasséiere Mënschen a véier oder méi Kategorien. De Modell nom Kolb zum Beispill seet: Den Entdecker beobacht Saachen, betruecht se vun e puer Säiten an denkt duerno driwwer no. Esou kann hien sech d’Wësse quasi virstellen. Den Denker op där anerer Säit péckt seng Beobachtungen am léifsten an en theoretesche Modell. Den Decideur probéiert seng Theorien an Iddien am léifsten an engem Experiment aus. An de Praktiker evitéiert Theorien a verléisst sech op „Trial an Error“, also vu Versuch an Iertum. Allerdéngs stinn d’Léiertheorien, aus deenen eeben esou Stiler ervirginn, och an der Kritik. Well wéi mir Mënschen – an zanter Kuerzem och Maschinnen – wierklech léieren, domat beschäftegt sech d’Wëssenschaft bis haut. An dowéinst bleift d’Fuerschung spannend. 

Infobox

Wéi léiere mir eigentlech? 

Fir op d’Fro ze äntweren, wéi mir léieren, huet d’Wëssenschaft an de leschte Joerzéngten Dosenden Theorien entwéckelt. Déi meescht loosse sech an eng vun den dräi wëssenschaftstheoretesche Stréimungen anuerdnen: de Behaviorismus, de Kognitivismus an de Konstruktivismus. 

Fir d’éischt ass de Behaviorismus am Ufank vum 20. Joerhonnert entstanen. Säin Numm geet op dat englescht Wuert behavior fir Verhalen zeréck. D’Gehier gëtt heibäi als Black Box ugesinn. Et gëtt just beobacht, wéi eng Reizer vu baussen zu wéi engem Verhale féieren. An dëst Konzept fält zum Beispill d’Léiertheorie vun der klassescher Konditionéierung oder och vun der operanter Konditionéierung. Déi éischt ass haut enk mam Numm Iwan Petrowitsch Pawlow verbonnen. De russesche Medezinner huet Hënn trainéiert, andeems hien hinnen nom Bimmele vun enger klenger Schell Fudder ginn huet. No der Trainingsphas ass eleng d’Geräisch vun der Schell duergaang, dass den Hënn d’Waasser am Mond zesummegelaf ass. D’Léierformen am Sproochelabo oder Computerprogrammer, fir Sproochen ze léieren, ginn haut op d’Theorien aus dem Beräich vum Behaviorismus zeréck. 

An der Mëtt vum leschte Joerhonnert huet sech de Kognitivismus etabléiert. Dat Wuert kënnt aus dem Latäin an heescht esou vill wéi Erkenntnis. Bei dëser Stréimung hunn d’Prozesser, déi beim Léieren am Gehier oflafen, en héije Stellewäert. Léiere gläicht hei engem Computersystem, deen Donnéeën ophëlt an dës zesumme mat scho gespäicherten Informatioune verschafft an doraus neit Wësse generéiert. Vill Léiertheorien, déi op d’Kopéieren an d’Nomaache setzen, baséieren op den Theorien aus dem Beräich vum Kognitivismus – zum Beispill Léieren unhand vun engem Modell oder Imitatiounsléieren. 

No den Theorië vum Konstruktivismus erschafe mir eis beim Léieren eng eege Welt. Mir konstruéiere se eis aus deem, wat mir beobachten, a bei neien Informatiounen iwwerpréiwe mir se nach emol. Et hänkt vu jiddwer Eenzelen of – esou d’Verfechter vun dëser Stréimung –, wat een an enger bestëmmter Situatioun léiert. Och déi eegen Erfarung spillt dobäi eng grouss Roll. Zum Beispill geet d’Léieren duerch Enseignéieren, bei deem sech Schüler d’Matière géigesäiteg bäibréngen, op d’Theorien aus dem Beräich vum Konstruktivismus zeréck. De Sozio-Konstruktivismus geet esouguer nach e Stéck méi wäit: E seet, dass d’Wësse vun all Persoun och ëmmer doduerch beaflosst gëtt, wat si am sozialen a kulturelle Kontext erlieft.  

Auteur: scienceRELATIONS/Kai Dürfeld 
Redaktioun: Michèle Weber (FNR), Robert Reuter (Universitéit Lëtzebuerg) 
Iwwersetzung: Danièle di Cato (why vanilla?) 

Infobox

Quellen
Mr Science op RTL RADIO

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d’Emissioune fënns du hei : http://radio.rtl.lu/emissiounen/science/

Auch interessant

En eidele Kapp Wat maache bei engem mentale Blackout?

D'Virbereedung op eng Prüfung kann nach esou gutt sinn. Wann et drop ukënnt, dann ass de Kapp heiansdo komplett eidel. W...

FNR
Schoulufank Wat bréngen Hausaufgaben eigentlech?

Hausaufgabe sinn a ville Familljen en desagreabelt a lästegt Thema. Bréngen se eppes beim Léieren– oder sinn se nëmmen e...

FNR
LALA - "Lauter lëschteg Lauter" Ein praktisch und wissenschaftlich erprobtes Leseförderprogramm für Vorschulen

Lernschwierigkeiten bei Kindern vorbeugen und ihnen so bessere Startchancen für die Schullaufbahn geben.

Auch in dieser Rubrik

Upload Kéint een e Gehier op engem Computer späicheren?

Kéint ee reng theoretesch e Bewosstsinn transferéieren, andeems een d’Gehier scannt an op e Computer oder eng Cloud eropluet?

FNR
Zecken
Gesondheetsschutz Wéi geféierlech sinn Zecken?

Zecken iwwerdroe Krankheeten. Mee: Et kann ee sech mat einfache Mëttele géint Zeckestéch schützen. Och d'Fuerschung entwéckelt Géigemëttelen.

FNR