Video vum PISA-Wëssensmagazin

Am Kader vun enger RTL-Emissioun PISA - De Wëssensmagazin op RTL Telé Lëtzebuerg ass de Mr Science zesumme mam Olivier Catani op een 215 Meter héije Sendemast eropgeklommen - an huet vun do e réit Ee erofgehäit. Op dat ënnen heel ukomm ass, gitt dir um Enn vun dësem Video gewuer - a virdrun eng ganz Rëtsch interessant Informatiounen iwwert d'Geschicht an Technik vu Radio Luxembourg.

Auteur: Joseph Rodesch (FNR)
Video: RTL, Media4All

Infobox

PISA Wëssensmagazin

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Télé Lëtzebuerg fir d'Emissioun Pisa Wëssensmagazin produzéiert. D'Sendung kënnt eemol de Mount Sonndes ab 19:00 op RTL Télé Lëtzebuerg. Déi ganz Sendung fënns de op pisa.rtl.lu.

Aussi dans cette rubrique

Stierwen an Doud Wat geschitt mam Kierper nom Doud?

Allerhellege steet virun der Dier. Vill Leit besichen deen Dag d’Griewer vun hire Verstuerwenen an denken un si. An deen een oder anere freet sech dobäi vläicht, wat mat eis nom Doud geschitt.

FNR
Buschtawenzalot Wat ass eigentlech Dyslexie?

Wärend vill Kanner spilles liesen, stolperen anerer iwwer Buschtawen. Wouru läit dat a wat kann een dogéint maachen?

FNR
Gesondheet vun der Fra Wat ass Endometriose a wéi kann ee se behandelen?

Ongeféier all zéngt Fra am gebärfäegen Alter leit ënner dëser chronescher Krankheet, déi mat vill Péng verbonnen ass. Detailer zu Symptomer, Ursaachen, Diagnos, Behandlungsoptiounen a Fuerschung.

FNR