Adobe Stock/Dmytro
Stau op enger Autobunn.
Heiansdo entsteet e Stau, a léist sech op eemol erëm op, ouni datt ee laanscht en Accident oder e Chantier kënnt – e sougenannte Phantomstau. Mr Science, kënne Fuerassistenzsystemer oder automatiséiert an autonom Autoen hëllefen, esou Stauen z‘evitéieren?
Si kënnen op mannst hëllefen, Phantomstauen z’evitéieren oder se ofzeschwächen. Entscheedend ass awer d’Reaktioun op kleng Stéierungen am Verkéiersfloss – egal ob duerch den Automobilist, d‘Fuerassistenzsystemer oder den automatiséierten oder autonomen Auto.
Wéi entsteet dann iwwerhaapt e Phantomstau?
E Phantomstau entsteet ouni Accident oder Engpass. Bei staarkem Verkéier geet et duer, dass een Auto kuerz bremst. Den nächsten Auto reagéiert e bësse méi spéit a méi staark, an deen duerno nach méi staark. Sou schaukelt sech eng kleng Stéierung no hannen op, bis de Verkéier schlussendlech ganz zum Stoe kënnt (Sugiyama et al., 2008). Dobäi wandert d’Stauwell géint d’Fuerrichtung: wärend d’Autoe vir schonn erëm méi schnell fueren, bremsen hannendrun d’Autoen eréischt (Wu et al., 2026).
Kënnen d’Automobilisten dat net selwer evitéieren?
Si kënnen op mannst evitéieren, zur Bremswell bäizedroen. Et hëlleft genuch Ofstand ze halen, gläichméisseg ze fueren a matzäite vum Gas ze goen, wann ee méi wäit vir Bremsluuchte gesäit (Frank, 2026).
Dat mussen déi haiteg Fuerassistenzsystemer dach besser kënnen, oder?
Net onbedéngt. En Ofstandswarnsystem alertéiert den Automobilist nëmmen, wann den Auto ze wéineg Ofstand zu deem virdrun huet. (ADAC, 2026). Wéi staark sech eng Stéierung opschaukelt hänkt da vun der Reaktioun vum Automobilist of. En Ofstandsreegeltempomat ka vun sech aus den Ofstand zum Auto virdrun hale, bremsen oder erëm acceleréieren. E puer vun deenen haitege Systemer reagéieren awer ze lues oder méi staark wéi néideg. Da verstäerken si d’Bremswell, amplaz se ofzeschwächen. (Yu & Yeo, 2025). Dofir entwéckele Fuerscher speziell Fuerregler, déi sou Reaktioune méi geziilt steieren.
Wat maache Fuerregler dann anescht?
Si sinn esou konzipéiert, datt si méiglechst roueg reagéieren. Verschiddener benotzen dofir Informatioune vun de Gefierer virun hinnen, z. B. Verännerungen an der Vitesse. Anerer tauschen zousätzlech Donnéeë mat Gefierer méi wäit vir aus. Dat erlaabt esou Systemer méi fréi a méi douce ze reagéieren – an evitéieren, datt Stauwellen sech verstäerken (Hayat et al., 2025; Frank, 2026).
Firwat si sou Systemer dann nach net an eisem Alldag ukomm?
Un der Technik eleng läit et offensichtlech net. Déi néideg Kommunikatiounstechnologie ginn et scho méi laang. Och Fuerscher op der Uni Lëtzebuerg hu scho viru méi wéi 10 Joer doru geschafft. (Frank, 2026). D’Erausfuerderung läit doran, Systemer z’entwéckelen déi déi verschidden Hiersteller vu Gefierer gemeinsam notzen an och seerieméisseg abaue kënnen. D’Fuerschung weist also, wat méiglech wär – spannend bleift, wéi dorauser Alldag op eise Stroosse gëtt.
Vun der Fuerassistenz zum autonomen Auto - 5 Stufen
Fachleit ënnerscheede verschidde Stufe vun der Automatiséierung vu Gefierer – jee nodeems, wéi vill Aufgaben d’Gefier selwer iwwerhëlt a wéi staark de Mënsch nach agräife muss.
Stuf 1 – assistéiert Fueren: Eenzel Funktioune ginn iwwerholl. En Ofstandsreegeltempomat kann zum Beispill Ofstand a Vitesse reegelen. Sou Systemer kënne Stauwellen ënner Ëmstänn souguer verstäerken, wann se ze spéit oder ze staark reagéieren.
Stuf 2 – partiell automatiséiert Fueren: Den Auto ka selwer steieren, bremsen an acceleréieren. De Chauffer muss de Verkéier awer weider iwwerwaachen an zu all Moment iwwerhuele kënnen.
Stuf 3 – héichautomatiséiert Fueren: D’Gefier iwwerhëlt d’Aufgabe vum Fueren zäiteweis selwer. De Chauffer muss just nach agräifen, wann de System en dozou opfuerdert.
Stuf 4 – partiell autonoomt Fueren: D’Gefier kann a bestëmmte Situatioune komplett selbststänneg fueren. Et kann sech och ouni Agräife vum Chauffer an e sécheren Zoustand bréngen.
Stuf 5 – vollautonoomt Fueren: D’Gefier iwwerhëlt d’Aufgabe vum Fuere komplett. E Chauffer ass net méi néideg.
Fir Phantomstauen ass et net just entscheedend, wéi vill e Gefier selwer iwwerhëlt, mee och wéi et reagéiert: wat méi douce a méi roueg, ëmsou besser gi kleng Stéierungen am Verkéiersfloss gedämpft – an eng Stauwell schaukelt sech net selwer op.
Gefierer déi matenee kommunizéiere géint Phantomstauen – Fuerschung zu Lëtzebuerg
Fuerscher vun der Universitéit Lëtzebuerg hu schonn 2013 ënnersicht, wéi sech Phantomstauen duerch Gefierer déi matenee kommunizéieren ofschwäche loossen. A Simulatiounen hu Gefierer Vitesserecommandatioune kritt. Grondlag dofir war d’Verkéierssituatioun méi wäit vir. Schonn e puer Recommandatiounen an eng begrenzten Zuel vu Kommunikatiounsschrëtter ginn duer, fir Stauwellen däitlech ofzeschwächen an haart Bremsmanöver z‘evitéieren.
E Joer méi spéit hunn d’Fuerscher e Kommunikatiounsprozess entwéckelt, dee vun Evenementer gesteiert gëtt: Gefierer schécken Informatioune weider, wann sech d’Verkéierssituatioun däitlech verschlechtert. A Simulatiounen huet sech de Verkéiersfloss schonn däitlech verbessert, wann nëmmen e klengen Deel vun de Gefierer mat deem entspriechende System equipéiert war.
Auteur: Hannes Schlender (scienceRELATIONS)
Édition an Iwwersetzung : Michèle Weber (FNR)
Infobox
ADAC: Abstandsmessung auf der Autobahn: Strafen und Bußgelder für Drängelnde, Abschnitt „Technik hilft: Abstandswarner und ACC“. Abgerufen am 28. Oktober 2026.
Frank, R. (2026): Persönliches Hintergrundgespräch mit Hannes Schlender, Oktober 2026.
Hayat, A., Alanqary, A., Bhadani, R., Denaro, C., Weightman, R. J., Xiang, S., Lee, J. W., Bunting, M., Gollakota, A., Nice, M. W., Gloudemans, D., Zachár, G., Davis, J. F., Delle Monache, M. L., Seibold, B., Bayen, A. M., Sprinkle, J., Work, D. B. & Piccoli, B. (2025): Traffic Smoothing Using Explicit Local Controllers: Experimental Evidence for Dissipating Stop-and-Go Waves with a Single Automated Vehicle in Dense Traffic. IEEE Control Systems, 45(1), 95–110. DOI: 10.1109/MCS.2024.3503402.
Sugiyama, Y., Fukui, M., Kikuchi, M., Hasebe, K., Nakayama, A., Nishinari, K. et al. (2008): Traffic jams without bottlenecks—experimental evidence for the physical mechanism of the formation of a jam. New Journal of Physics 10, 033001. DOI: 10.1088/1367-2630/10/3/033001.
Wu, Y., Ma, Z., Wang, Y., Jiang, Y. & Yao, Z. (2026): Nonlinear dynamics of traffic flow stability: A review from car-following to mixed-autonomy. Chaos, Solitons & Fractals 208, 118340. DOI: 10.1016/j.chaos.2026.118340.
Yu, H. & Yeo, H. (2025): Dynamic characteristics of commercial Adaptive Cruise Control across driving situations: Response time, string stability, and asymmetric behavior.Transportation Research Part C: Emerging Technologies 170, 104931. DOI: 10.1016/j.trc.2024.104931.
Fraunhofer IESE nach VDA. Autonomes Fahren Level – Selbstfahrende Autos in 5 Stufen. Aufgerufen am 3.11.2026
FORSTER, M., FRANK, R., Gerla, M., & ENGEL, T. (2014). A Cooperative Advanced Driver Assistance System to Mitigate Vehicular Traffic Shock Waves. In IEEE INFOCOM 2014 - IEEE Conference on Computer Communications (pp. 1968-1976).
FRANK, R., & FORSTER, M. (2014). Demo: A Recommendation Based Driver Assistance System to Mitigate Vehicular Traffic Shock Waves. In 2014 IEEE Vehicular Networking Conference (VNC) (pp. 129-130).
Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenn vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch presentéiert de Mr Science op RTL Radio, wat fir eng Fuerschung hanner Objeten aus dem Alldag stécht. All d’Emissioune fënns du hei: http://radio.rtl.lu/emissiounen/science/.