FNR

D’Marianne, dat als Enseignant (vun SCRIPT) fir science.lu schafft, mécht en interessant Experiment mat Peffer um Waasser. Reng gemuelene Peffer schwëmmt op der Waasseruewerfläch, well en sech éischtens net am Waasser opléist an zweetens well d’Waasser op der Uewerfläch eng Zort Haut huet. Experten nennen dës: Uewerflächespaanung. Op dës „Haut“ loosse mer de Peffer also wéi en Teppech schwammen. Dëse Pefferteppech kënne mer elo „erschrecken“ andeems mir eng Drëps Spüli an d’Waasser ginn. De Spüli hieft nämlech Uewerflächespaanung vum Waasser op – en zerstéiert d’Haut. Dëst „platzt“ an dësem Experiment quasi wéi e Ballon an zitt de Peffer op der Uewerfläch mat un d’Säite vun eisem Gefäss.

Wärend der ganzer Zäit vum COVID-19 Homeschooling verfilme mir vu science.lu all Dag ee klengt Experiment fir Dech, wat ee mat wéineg Material doheem nomaache kann. Eis Zieler: Dech virwëtzeg maachen, Dech un d’staunen kréien an Dir d‘Freed um experimentéiere weider ginn.

Kuck net just de Video mee maach d‘Experiment no!

Dat mécht vill méi Spaass an dobäi mécht een dacks nach aner intressant Beobachtungen. Also sich d’Material an da lass! Heiansdo klappt et net bei der éischte Kéier – dat ass normal – kuck de Video nach emol genee oder sich am Internet no enger anerer Beschreiwung vum Experiment. Vill Spaass beim nomaachen!

 Däin Team vu science.lu

Aussi intéréssant

L'énergie du soleil Quel ballon éclate le plus vite au soleil ?

Dans cette expérience, la lumière solaire concentrée et la chaleur font éclater des ballons de différentes couleurs – ma...

FNR
Wanter-Experiment Bau e Schnéimännchen ouni Schnéi – a looss e schmëlzen

Bakpolver, Salz, e bëssi Spüli, Waasser, Deko, Esseg – a lass! En einfacht Experiment fir d’Chrëschtvakanz fir virwëtzeg...

FNR
Schallimoflütt 2.0 Bastel eng Flütt - mat engem Schallimo an engem Loftballon

Fann eraus, wéi den Toun vun enger selwer gebastelter Flütt méi héich oder déif gëtt jee nodeems wéi vill Plaz d’Schwéng...

FNR

Aussi dans cette rubrique

black balloon, blue ballon, transparent balloon with magnifiying glass
L'énergie du soleil Quel ballon éclate le plus vite au soleil ?

Dans cette expérience, la lumière solaire concentrée et la chaleur font éclater des ballons de différentes couleurs – mais pas les autres.

FNR
Wanter-Experiment Bau e Schnéimännchen ouni Schnéi – a looss e schmëlzen

Bakpolver, Salz, e bëssi Spüli, Waasser, Deko, Esseg – a lass! En einfacht Experiment fir d’Chrëschtvakanz fir virwëtzeg Kanner an Erwuessener.

FNR
Joseph playing a flute
Schallimoflütt 2.0 Bastel eng Flütt - mat engem Schallimo an engem Loftballon

Fann eraus, wéi den Toun vun enger selwer gebastelter Flütt méi héich oder déif gëtt jee nodeems wéi vill Plaz d’Schwéngunge vun der Loft hunn, déi den Toun mécht.

FNR