Adobe Stock

Tatsächlech sinn e puer Studien zu der Conclusioun komm, dass sech eng Paus vu Facebook, TikTok, Instagram a Co. positiv op d’mental Verfaassung vun de Probanden auswierkt. Dat huet eng sougenannt randomiséiert kontrolléiert Studie erausfonnt, bei där 154 Probanden (Duerchschnëttsalter: 29,6 Joer) per Zoufallsprinzip an zwou Gruppen agedeelt goufen. D’Persounen aus där Grupp, déi eng Woch op d’sozial Medie verzicht huet, soten duerno, si géife sech besser spieren, hätte manner Angschtzoustänn an och manner Depressiounen.

Heescht dat, dass een éischter Depressioune kritt, wann een ze vill Zäit an de soziale Medie verbréngt?

Dat ass nach net genuch erfuerscht. Effektiv konnten eng Rei Studie weisen, dass munch Persounen e bësse méi depressiv Symptomer opweisen, wa se d’sozial Medie méi laang oder méi heefeg benotzen. E Fuerscherteam, dat d’Social-Media-Verhale vu ronn 4.000 Teenager iwwer véier Joer suivéiert huet, koum zu der Conclusioun, dass eng länger Zäit an de sozialen Netzwierker méi staark depressiv Symptomer mat sech bréngt. Bei dësen Evenementer handelt et sech allerdéngs ëm Korrelatiounen – also e statistesch beobachten Zesummenhang. Dat heescht net onbedéngt, dass d’Notzungszäit an d’depressiv Symptomer och kausal zesummenhänken – dass also deen éischte Phenomeen d’Ursaach vun deem zweeten ass. Net just d’Auteure vun dëser Studie, mee och vill aner vun hire Kolleege ginn nämlech dovun aus, dass net onbedéngt d’Zäit, déi een an de sozialen Netzwierker verbréngt, oder wéi oft ee se oprifft, deen ausschlaggeebende Punkt ass.

Mee wann et net d’Zäit ass, déi een an de soziale Medie verbréngt, wat ass et dann?

Et kéint wuel éischter un der Aart a Weis leien, wéi munch Leit d’sozial Netzwierker benotzen. Sozial Vergläicher – esou vermudden e puer Studien – kéinte sech méi negativ auswierken ewéi just d’Dauer, déi een an de soziale Medie verbréngt. D’Juegd no Unerkennung a Form vu Liken oder d’Fro, ob dat eegent Äusserlecht, de Besëtz oder d’Erliefnisser an der Vakanz dem digital presentéierten Optimum entspriechen, schéngen also éischter d’Ursaach fir depressiv Symptomer ze sinn. A wann d’sozial Medien eng Sucht ginn, da bréngt dëst laut enger Studie och méi depressiv Symptomer mat sech. A Fachkreesser gëtt dat „problematesch Notzung“ genannt. An et äussert sech zum Beispill an engem onmoossege Verlaangen no sengem „Stoff“.

Allerdéngs sinn d’sozial Medien nach e ganz jonke Phenomeen. Dat weist sech virun allem doduerch, dass bal all d’Ënnersichunge mat enger relativ klenger Zuel vu Probande gemaach goufen a quasi all d’Auteure vun de Studien drop hiweisen, dass zousätzlech, méi grouss ugeluechten Ënnersichungen néideg sinn. An dowéinst bleift d’Fuerschung zu dësem Thema weiderhi spannend!

Zäitverdreif

 

De STATEC huet 2021 de Social-Media-Gebrauch vun de Lëtzebuerger analyséiert. Laut der representativer Ëmfro sinn 62 Prozent vun all de Leit am Grand-Duché, déi den Internet benotzen, och bei mindestens engem soziale Medium ugemellt. Zirka 70 Prozent vun dëse Mënsche benotzen d’sozial Medien aktiv. Virun allem bei deene „jonke Semester“ sinn d’sozial Medie beléift. Déi 16- bis 24-Järeg si mat 83 % am social-media-affiinsten, direkt duerno kommen déi 25- bis 34-Järeg mat 80 %. Déi „eeler Semester“ leien dogéint bei 48 % (55–64 Joer) respektiv 31 % (65–74 Joer).

Facebook ass virun allem bei de User iwwer 25 beléift. Instagram punkt éischter an der Altersklass 16–24 Joer. An TikTok gëtt vill vun deene ganz Jonke benotzt. Virun allem 16- oder 17-Järeger sinn hei aktiv. Wärend Instagram, Pinterest an TikTok éischter weiblech Fans hunn, gi LinkedIn an Twitter méi vu Männer benotzt. Bei Facebook ass d’Geschlechterverhältnis equilibréiert.

 

Firwat ass et esou schwéier, op d’sozial Medien ze verzichten?

 

Et ginn direkt e puer Grënn, firwat et ville Leit esou schwéier fält, op d’sozial Medien ze verzichten. Een dovun nennt sech FOMO. Dësen Akronym bezeechent d’Angscht, eppes ze verpassen (Fear Of Mission Out). Hei geet et virun allem ëm Informatiounen aus deene Beräicher, déi engem selwer wichteg sinn. Dowéinst wëlle mir dauernd online sinn. Wann dëst net méiglech ass, da leit anscheinend net just d’Liewensqualitéit dorënner, mee Angscht an Depressioune schénge sech och anzeschläichen.

D’sozial Medie si fir vill Leit längst eng Gewunnecht – a Gewunnechte sinn och net per se schlecht. Et ginn nëtzlecher, wéi beispillsweis all Dag schwammen ze goen, oder schlechter, wéi déi dräi Béier freidesowes no der Aarbecht. Gewunnechten ofzeleeën ass och guer net esou einfach. Nach méi schwiereg ass et, wann d’Gewunnecht eng Sucht ginn ass. Well et kann een och süchteg no de soziale Medien oder dem Internet am Allgemenge ginn: Experten nennen dat „substanzongebonnen Ofhängegkeet“ respektiv „abnorm Gewunnecht a Stéierung vun der Impulskontroll“. Och wann hei keng psychoaktiv Substanzen am Spill sinn, sinn d’Symptomer änlech ewéi bei enger Alkohol- oder Drogenofhängegkeet. D’Verlaangen no dem „Stoff“ ass ëmmer méi staark. Dat nennt sech Craving. De Konsum kann also net méi kontrolléiert ginn. Eigentlech wichteg Saachen am Dagesoflaf trieden an den Hannergrond a gi vernoléissegt. An e Verzicht féiert zu Entzuchserscheinungen – d’selwecht ewéi bei engem Drogenentzuch.

Spéitstens elo geet et net méi ouni professionell Hëllef. Déi kriss de bei deene follgende Vereenegungen:

 

anonym glécksspiller a.s.b.l. – „ausgespillt“

 

Zilgruppen:
Jugendlecher an Erwuessener, déi e problemateschen Ëmgang mat Glécksspiller an/oder elektronesche Medien (PC-/Online-Spiller, sozial Netzwierker, Internetpornografie asw.) hunn.

 

1b, rue Thomas Edison
L-1445 Strassen
Tel.: (+352) 26 48 00 38
info@ausgespillt.lu
akoenig@ausgespillt.lu
www.ausgespillt.lu

 

Centre ÄDDI.C

 

  • Erwuessener mat engem riskante Konsum oder enger Ofhängegkeet vun Alkohol, Medikamenter an/oder mat enger Suchtproblematik ouni Substanz
  • Persounen, fir déi eng vollstationär Therapie net indizéiert ass
  • Erwuessener, déi e Problem mat „Binge-Drinking“ hunn

 

Informatiouns- a Berodungszenter, spezialiséiert op d’ambulant Behandlung vu Suchtkranken
73, rue Adolphe Fischer
L-1520 Luxembourg
Tel.: (+352) 26 82 77 01
addic@chnp.lu
www.addic.lu

Auteur: scienceRELATIONS/Kai Dürfeld
Redaktioun: Michèle Weber (FNR)
Iwwersetzung: Danièle Di Cato (why vanilla?)

Infobox

Aussi intéréssant

Interview with Mai Thi Nguyen-Kim Why video is an important tool for science communication

Why is science communication so important, nowadays? Why is science and YouTube a perfect fit? science.lu interviewed Ma...

FNR
Chiffrement de bout en bout Un chercheur renforce la confidentialité des WhatsApp & Co

Exzellente End-to-End-Verschlüsselungsmethoden für Messaging-Dienste gibt es schon länger. Doch was ist, wenn ein Angre...