Adobe Stock

Gesinn ewéi en Aadler oder héieren ewéi e Luchs – dat wier super! Leider sinn eis Sënner am Verglach zu dësen Déiere just Duerchschnëtt. Mee léisst sech do vläicht nach eppes maachen? Kann ech meng Sënner trainéieren ewéi zum Beispill mäi Bizeps, Mister Science?

Jo, dat geet. Mir kënnen tatsächlech eis Perceptioun trainéieren. De Verglach mam Bizeps ass allerdéngs net ganz richteg. Well an deene meeschte Fäll trainéiere mir net eis Hardware. Duerch reegelméisseg Übunge kënne mir awer eis Software verbesseren.

Mat Hardware si sécher Aen, Nues oder Ouere gemengt. Oder?

Jo, genee. Eis Sënnesorganer si fir d’éischt emol esou eppes ewéi Sensoren, wéi mir se vun technesche Geräter kennen. D’Aen huelen elektromagnéitesch Welle vum Liicht op a wandele se an de Kuckzellen an elektresch Impulser ëm. D’Ouere registréieren, wéi sech de Loftdrock ännert, a produzéieren och dozou déi passend elektresch Signaler. D’Richzellen an der Nues an d’Knospen op der Zong, déi d’Schmaachen erméiglechen, registréiere cheemesch Moleküllen an iwwersetzen se. Nees eng Kéier an elektresch Impulser. Dat selwecht maache speziell Zelle vun der Haut mat mechanesche Reizer ewéi Drock oder Vibratioun.

An da kënnt eist Gehier an d’Spill?

Richteg. Dat setzt d’elektresch Impulser a Sënnesandréck zesummen. Dëst geschitt a verschiddene Regioune vum Gehier duerch verschidden Nervenzellen. Hei ginn et Generalisten a Spezialisten, déi d’Informatiounen, déi empfaange ginn, ënnerschiddlech traitéieren. Zesumme setze si doraus e Bild zesummen, dat mir objektiv wouerhuelen. Mee net just d’empfaange Signaler si wichteg, mee och d’Erfarungen, déi mir schonn am Laf vun eisem Liewe gesammelt hunn. Well d’Gehier benotzt dës, fir d’Andréck anzeuerdnen, déi mer zum Beispill héieren oder gesinn. Dat ass d’subjektiv Perceptioun.

Béid Forme loosse sech trainéieren. Dat hu Fuerscher an Experimenter gewisen. Heibäi hu se och festgestallt, dass déi jeeweileg Prozesser awer an ënnerschiddleche Regioune vum Gehier oflafen. Aner Fuerscher hunn erausfonnt, dass sech beim Training engersäits d’Generalisten a Spezialisten ëmwandele kënnen an anerersäits d’Zesummespill tëschent dësen zwou Forme gestäerkt gëtt.

A wéi kann ee seng Sënner dann elo praktesch trainéieren?

Dat hänkt natierlech vum Sënn of. Esou hu Medezinner zum Beispill erausfonnt, dass ee säi Gerochssënn verbessere kann, andeems een all Dag bewosst un Doftprouwe richt. Dat ass virun allem fir Mënsche wichteg, déi hire Gerochssënn duerch eng Infektioun ewéi zum Beispill Covid temporär verluer hunn.  De Goût dogéint léisst sech beispillsweis duerch Verzicht schäerfen. Einfach emol wärend enger Zäit op all intensiv Goûte verzichten. Duerno, esou soe Fuerscher, géif een eng Explosioun vun de Goûten erliewen.

De Cyborg-Aktivist Neil Harbisson ass zum Synonym fir d’Flexibilitéit vum Gehier ginn. Vu Gebuert u konnt hie just gro Faarftéin gesinn. Dowéinst huet hie sech eng Antenn an de Kapp implantéiere gelooss. D’Antenn iwwersetzt verschidde Wellelängte vum Liicht a sengem Kapp a Vibratiounen, déi hien dann als Geräischer héiert. An hien huet säi Gehier esou trainéiert, datt et bestëmmte Geräischfrequenze mat bestëmmte Faarwen associéiert an esou faarweg Biller produzéiert. Heibäi huet en och de Sënnesberäich vum Mënsch op ultraviolett an infrarout Liicht erweidert. D’Fäegkeete vun eisem Kierper, d’Ëmwelt wouerzehuelen, sinn deemno erstaunlech an nach laang net komplett erfuerscht. An dowéinst ass d’Fuerschung esou spannend.

Fënnef Sënner an nach e puer méi

 

De Mënsch huet fënnef Sënner – esou huet et fréier zumindest emol geheescht. Mir héieren, kucken a richen. Dat sinn eis Fernsënner, well mir domat iwwer gréisser Distanzen Informatiounen iwwer eis Ëmwelt sammelen. Mir schmaachen a mir taaschten. Dat sinn eis Nosënner, well se just direkt um Kierper funktionéieren. Se loosse sech och dodrun ënnerscheeden, wéi eng Zort Informatioune se sammelen. De Kucksënn ass op elektromagnéitesch Welle geeicht. Den Héiersënn op Verännerunge vun der Densitéit an der Loft – déi mir ganz einfach Schall nennen. De Goût an de Gerochssënn registréiere cheemesch Verbindungen. An den Taaschtsënn reagéiert op mechaneschen Drock.

Dëse Fënneferpak huet d’Fuerschung scho längst erweidert. Well eise Kierper verfüügt iwwer nach e puer zousätzlech Sensoren. Ewéi d’Nozizeptoren. Dës registréieren zum Beispill Wäermt, wat eisen Temperatursënn ausmécht. An och wa mir eis schneiden oder stoussen, ginn dës Sensore Réckmeldung a mir spiere Péng. Ob mir roueg stinn oder eis beweegen, dat mellen eis virun allem eis Propriozeptoren. Dat sinn d’Sensoren, déi eis erlaben, Déifte wouerzehuelen. An och de Gläichgewiichtssënn spillt heibäi eng Roll. Dëse brauche mer zum Beispill beim Balancéieren oder beim Vëlofueren. An da gëtt et nach d’Viszerozeptoren, déi eis iwwer den Zoustand vun eisen Organer informéieren. Ass de Mo eidel oder d’Blos voll – se „soen“ eis et mat Sécherheet.

 

E Liewe laang formbar

 

Et gëtt een al ewéi eng Kou an et léiert een all Dag derzou. Fréier duecht een, dass just Kanner eppes léiere kënnen, mee haut ass gewosst, dass eist Gehier och am Erwuessenenalter nach immens verformbar ass. Neuroplastizitéit nenne Wëssenschaftler dat. Et gëtt se um Niveau vun eenzele Synapsen. Dat sinn d’Plazen, wou eng Nervenzell mat hire Kolleegen a Verbindung steet. Esou gëtt zum Beispill eng Verbindung méi staark, wat ee se méi dacks fuerdert. An dës Plastizitéit gëtt et um Niveau vu komplexe Regiounen am Gehier resp. am ganze Gehier. Esou ginn et beispillsweis bestëmmte Beräicher, an deenen d’Informatioune vun deenen eenzele Sënnesorganer ausgewäert a matenee verbonne ginn. Aus der Gréisst an der Lag vun dëse Beräicher loosse sech topografesch Pläng zeechnen. Fuerscher nennen dës „kortikal Kaarten“. An dës Kaarte sinn net fix. Duerch intensiivt Übe kënne se d’Beräicher veränneren. Sportler, Museker, Moler oder Spëtzekäch notzen dat scho laang, fir an hirem jeeweilege Metier Topleeschtungen ze bréngen.

 

„Kucken“ ewéi eng Flantermaus

 

Munch Déiere hu Sënner, vun deene mir Mënsche just dreeme kënnen. Eng Flantermaus zum Beispill. D’Téin, déi se „erausrifft“, si vill ze héich fir d’mënschlecht Ouer. Mee fir eng Flantermaus si se perfekt, well se produzéiere Biller, andeems se vun noen Objeten zeréckgeheit ginn. D’Déier hëlt se op a kritt e Bild vu senger Ëmgéigend. Echo-Ortung oder Biosonar nenne Fachleit dat. Och Waler notzen dat, fir am Waasser no Fudder ze joen. An et ginn och Mënschen, déi d’Echo-Ortung geléiert hunn. Jo, Dir hutt richteg héieren. Och eis Spezies ass kapabel, en eegene Biosonar anzesetzen. Zumindest rudimentär. Intensiv erfuerscht huet dat den Amerikaner Daniel Kish, dee schonn als klengt Kand béid Ae verluer huet. Mat senger Zong mécht hie Klickgeräischer. An héiert deenen hiren Echo. Säi Gehier huet hien esou trainéiert, dass et doraus e Bild vun der Ëmgéigend konstruéiert. Dat geschitt awer net an deem Beräich vum Gehier, dee fir d’Héieren zoustänneg ass, mee an deem fir d’Kucken. Dës Technik kënnen iwwregens och net blann Persoune léieren.

Auteur: scienceRELATIONS/Kai Dürfeld
Editeur: Michèle Weber (FNR)

Infobox

Aussi dans cette rubrique

Menstruatioun Firwat hu Frae Péng, wa se hir Reegel hunn?

Fir munch Fraen ass et all Mount dat selwecht: Wa se hir Reegel hunn, hu se esou wéi, dass se bal net kapabel sinn, eppes ze ënnerhuelen. Wouhier kënnt eigentlech dës Péng?

FNR
Sonnencreme
UV-Schutz Wéi funktionéiert Sonnecrème?

Wat heescht SPF15, 30 oder 50 a wéi dacks soll een sech acrèmen?

FNR