AdobeStock/annebel146 (mat Hëllef vu KI generéiert)

Wichteg ass d'Energiequell vum Stroum, mat deem den Elektroauto geluede gëtt.

D’Europäesch Kommissioun wëll de Verkaf vun Autoe mat Verbrennermotor an Europa ab 2035 stoppen - eng vun de Mesure fir bis 2050  klimaneutral ze ginn. A China explodéiert grad de Marché un Elektroautoen. An d'erneierbar Energie ginn a groussem Tempo ausgebaut an de Präis dofir geet staark erof. Dat alles weist an d'Richtung, dass den Elektroauto wuel wäert an Zukunft d'Dominanz vum Verbrenner briechen. Mee Mr Science, ass den Elektroauto wierklech méi ëmweltfrëndlech?   

Fir d’éischt ass et jo mol sou, datt egal wat mir produzéieren, mir jo musse an de meeschte Fäll Rohstoffer aus dem Buedem huelen an dës veraarbechten – dat ass nie ëmweltfrëndlech an dat frësst Energie. En Elektroauto huet zwar insgesamt vill manner mechanesch Deeler wéi e Verbrenner, mee bei senger Produktioun entsteet den Ament nach 1,5 mol souvill CO2 wéi beim Verbrenner, haaptsächlech well d’Batterië-Fabrikatioun zimlech Energie a Ressourcenopwänneg ass.

Et ass awer elo schonn sou, datt, wann een déi gesamt Liewensdauer vum Auto kuckt, den Elektroauto zu Lëtzebuerg tatsächlech nëmmen hallef sou vill CO2-Emissiounen produzéiert wéi e vergläichbare Verbrennermodell. Dat aus zwee Grënn: 1. Well den Elektromoteur  méi energieeffizient ass wéi de Verbrennermoteur. An 2. Well de Stroummix zu Lëtzebuerg zu engem groussen Deel aus erneierbaren Energiequelle staamt.  

Eent nom aneren. Wat heescht “méi energieeffizient”?  

‘Méi energieeffizient’ heescht, datt den Elektromotor déi zougefouert Energie bal komplett a Beweegung ëmsetzt – konkret 80-90%. Beim Verbrenner gëtt e groussen Deel vun der Energie an Hëtzt ëmgewandelt a geet verluer.  An der Praxis bedeit dat, datt den Elektroauto vill manner Energie brauch, fir déi selwecht Distanz ze fuere wéi e Verbrenner. 

Wann een e vergläichbaren Automodell kuckt, z. B. e VW Golf mat 150-200 PS, da brauch den Elektroauto den Equivalent vun Energie déi an 1,7L Bensin stieche fir 100 km ze fueren. An des Analys baséiert sech op der Well-to-Wheel-Efficiency, d.h. et ginn och Energieverloschter mat aberechent, déi bei der Produktioun vu Bensin oder Diesel, oder Stroum entstinn. Mat engem Elektroauto fiert een also sou effizient, wéi wann een e Verbrenner hätt dee manner wéi 2L op 100 km verbraucht.   

Oder en anere Verglach: Den Elektroauto huet zwar am Ufank en ca. 1,5 mol méi héijen CO2-Fopussoofdrock bei der Produktioun. Ma doduerch dass e beim Fuere manner CO2 produzéiert, ass séng CO2-Bilanz ab 25.000-100.000 km Fahrt besser wéi déi vum Verbrenner, je nodeems wéi eng Autosmodeller ee matenee vergläicht.

De LIST huet heizou eng webpage gemaach, wou een eenzel Autosmodeller matenee vergläiche kann hinsiichtlech hierer CO2-Bilanz: https://climobil.connecting-project.lu/

Ok, mee de Stroum fir an den Elektro-Auto muss jo och produzéiert ginn, genee wéi Bensinn oder Diesel?   

Genee, wa Stroum just mat Hëllef vu fossille Quelle produzéiert gëtt, z. B. a Kuel- oder Gaskraaftwierker, dann entsteet och vill CO2. Deen Ament géif den Elektroauto keen oder kaum CO2 am Verglach mam Verbrenner aspueren. Mee dat ass net de Fall, well aktuell staamt de Stroum zu Lëtzebuerg schonn zu iwwer 50% aus erneierbaren Energiequellen.  Mat deem Stroummix ass dem Elektro-Auto säin CO2-Foussofdrock wärend der Notzung 3 bis 4 mol méi kleng wéi engem vergläichbare Verbrenner säin. An den Undeel un erneierbaren Energien wäert an Zukunft just klammen.

Wat och dacks vergiess gëtt, ass datt d’Produktioun an d’Eruschaafen vu Bensinn oder Diesel jo och schonn opwänneg ass an och vill Energie consomméiert - wou och bei all Schrëtt zousätzlech CO2 entsteet ier de Brennstoff iwwerhaapt am Tank ass.   

Jo mee de Lithium fir d’E-Auto-Batterie muss jo och erugeschaft gi, genee wéi Bensinn oder Diesel?  

Jo, do gëtt Lithium a vill aner Metaller gebraucht, mee an dem Wuert „gebraucht“ stécht nach een anere Virdeel vum Elektroauto par Rapport zum Verbrenner. Et gëtt näischt zerstéiert mee just benotzt. Beim Verbrenner ginn de Bensinn an den Diesel einfach verbrannt, fir de Moteur unzedreiwen a  sinn da fort. An duerno brauch een Neies. Dee gëtt also VERbraucht, an d’Batterie vum Elektroauto gëtt just GEbraucht. An och wann eng Batterie an engem Elektroauto emol ausgedéngt huet, da gëtt se net ewech gehäit. Jee no hirem Zoustand ka se nach als stationären Energiespäicher genotzt ginn. Oder d’Material gëtt recycléiert a weider genotzt an ass eben net fort.    

An d’Effizienz vu Batterië wäert och an Zukunft nach besser ginn. Aktuell gëtt och vill un Natrium-Batterie gefuerscht. Natrium ass e Bestanddeel vu Kachsalz. Deen ass gënschteg a vill méi einfach ze gewanne wéi Lithium.  Beim Elektroauto kommen non stopp nei Innovatiounen op de Maart, mee beim Verbrenner  kënne mer keng grouss technologesch Entwécklunge méi erwaarden. D‘E-Mobilitéit gehéiert momentan sécherlech zu deene spannendsten an dynameschste Gebidder vun de Fuerschung an do wäerten nach vill Iwwerraschungen op eis duer kommen. 

Auteur: Michèle Weber, Joseph Rodesch (FNR)
Éditeur: Jean-Paul Bertemes (FNR)

Infobox

Aussi intéréssant

Akkubrand Wéi geféierlech ass eng Batterie?

Wann opgeluede Batterië schwéier beschiedegt gi kann et zu engem Brand kommen. Wat léist sou e Brand aus, a kënnen d‘Bat...

FNR , RTL
E-Motor Firwat brauchen elektresch Autoe keng Gangschaltung?

Mr. Science, stëmmt et, datt E-Autoen ouni Gangschaltung auskommen?

FNR
Moteur électrique contre moteur à combustion Voiture électrique ou diesel : quelle est la meilleure option pour le climat ?

Bien que les véhicules électriques n'émettent pas de CO2 pendant la conduite, leur fabrication consomme plus d’énergie q...