Media4all, RTL, FNR

Do wou Energie ass, kann se och fräigesat ginn. An engem voll opgeluedenen E-Auto Akku ass déi selwecht Energie stockéiert wéi an 20-40 Liter Bensin (jee no Gréisst vun der Batterie). Batteriebränn ginn enorm vill an de Medien thematiséiert, mee si statistesch gesi seelen.

Zesumme mam CIS Esch/Uelzecht gouf en Brand vun engem modernen E-Bike Akku (500Wh) bewosst provozéiert fir duerno ze testen, wéi een dëse Brand läsche kann. En Akku vun engem Elektroauto ass 100-200 mol méi grouss wéi en E-Bike Akku mee ass genee wéi dësen aus ville klengen Zellen opgebaut.

E Crash mat iwwer 70 km/h iwwerlieft d’Batterie

An engem éischte Versuch gouf den Akku 2 mol aus 25 Meter Héischt ongeschützt fale gelooss. Heibäi acceleréiert déi 2,8 Kilogramm schwéier Batterie op 72 km/h. Obwuel en Opprall ee vun de méiglechen Zenarien ass, wou e Brand entstoe kann, hunn déi vun eis geteste Batterien ouni Problem dësen Test bestanen. Professionell Crashtester mat Elektroautoe confirméieren dëst Resultat.

Wéi entsteet e Batteriebrand?

Zu engem Batteriebrand kënnt et dann, wann an enger opgeluedener Batterie e Kuerzschloss entsteet. Déi 2 Polen an enger Batterie, d’Elektroden, däerfen an der Batterie net an direkte Kontakt kommen, well soss déi stockéiert Energie bannen duerch d’Batterie fléisse kann. Eng Separatorschicht an der Batterie verhënnert dësen direkte Kontakt vun den Elektroden. Wann dës Schicht awer zerstéiert gëtt oder bei engem Brand schmëlzt da fléisst vill Energie op ee Schlag a provozéiert eng staark Iwwerhëtzung. Dobäi verdämpt den Elektrolyt, e Gel deen an der Batterie de Luedungsfloss garantéiert. D‘Elektrolytgasen (wäissen Damp) verdämpe bei héijen Temperaturen a kënnen sech och entzünden.

Et sinn och eng Rei Bränn dokumentéiert déi bei engem falsche lueden zustane komm sinn. En Iwwerluede kann an der Batteriezell e Schued provozéieren, deen och erëm zu engem Kuerzschloss féiert. An modernen Akkuelementer sinn awer mëttlerweil Sécherungen agebaut géint Iwwerluedung an extern Kuerzschlëss.

Kann een e Batteriebrand läschen?

Wéi ernimmt gouf an eise Versich just mat engem E-Bike Akku geschafft dohier kann net 1 zu 1 op en Elektroautobrand geschloss ginn. No enger éischter Entzündung gouf de Brand problemlos mat e bësse Waasser geläscht an d’Batterien hu sech ofgekillt. D’Batteriezelle sinn awer an hirer Karkass gutt geschützt, an dohier konnt d’Läschwaasser d’Zellen net gutt erreechen. Bannen an der Karkass waren nach net all Zellen ausgebrannt mee schonn duerch déi grouss Hëtzt staark beschiedegt. Mat e puer Minutte Verzögerung konnt den Akkupack sech dofir op en neits entzünden.

Fir eng brennend Batterie definitiv ze läsche respektiv ofzekillen, brauch een dem CGDIS no méi Waasser wéi bei engem Bensinsbrand. Am Idealfall flut een d’Batterie komplett. Dëst ass a modernen Elektroautobatterië méiglech. Eng speziell Ëffnung erlaabt et de Pompjeeën dat komplett Batteriekompartiment ënner Waasser ze setzen. Am Waasser entlueden sech och no a no beschiedegt Elementer.

Recycling

Gebrauchte Lithiumionen Akkue ginn zu Lëtzebuerg vun der Asbl Ecobatterien geréiert. D’Superdreckskëscht sammelt souwuel beschiedegt wéi och onbeschiedegt Batterien an de Recyclingszenteren an a bréngt se bei Firmen, wou se ausernee geholl ginn, a verschidden Elementer, notamment Metaller wéi Kobalt, Néckel, Koffer an Aluminium kënne recycléiert ginn. Lithium ze recycléieren ass prinzipiell méiglech, mee ass momentan nach mat engem ze héijen techneschem an energeteschem Opwand verbonnen. An engem Lithiumionen Akku mécht de Lithiumundeel och just e puer Prozent aus.

Eise Fazit

Batteriëbedriwwe Gefierer sinn net ouni Gefor a mussen, genee wéi Gefierer mat Verbrennungsmotor, mat dem néidege Respekt a Know-How benotzt ginn.

Auteur: Joseph Rodesch (FNR)
Produktioun: Media4all, RTL, FNR

Mercien :

  • Joël Biever Instructeur zonal – Zone Sud
  • CIS Esch/Alzette
  • Clément Eudier
  • Cycles Schütz Dudelange
  • Ecobatterien
  • Superdreckskëscht
  • Cédric Gantzer CGDIS
  • Julieta Fernandez

Infobox

Pisa - de Wëssensmagazin

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Télé fir d'Emissioun Pisa Wëssensmagazin produzéiert. D'Sendung kënnt eemol de Mount Sonndes ab 19:00 op RTL Télé Lëtzebuerg. Déi ganz Sendung fënns de op pisa.rtl.lu

Aussi intéréssant

E-Motor Firwat brauchen elektresch Autoe keng Gangschaltung?

Mr. Science, stëmmt et, datt E-Autoen ouni Gangschaltung auskommen?

FNR
Moteur électrique contre moteur à combustion Voiture électrique ou diesel : quelle est la meilleure option pour le climat ?

Bien que les véhicules électriques n'émettent pas de CO2 pendant la conduite, leur fabrication consomme plus d’énergie q...

The Beauty of Slow Motion Comment un petit débris peut-il briser une vitre ?

Si l'on tape du poing sur la vitre latérale d'une voiture, on ne l'abime pas, alors qu'un petit débris peut la faire exp...

FNR

Aussi dans cette rubrique

Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR
Den Toun mécht d’Musek Sinn eis Museksinstrumenter falsch gestëmmt?

Huet Musek mat engem Grondtoun vu 432 Hz e speziellen Afloss op Kierper a Geescht?

FNR