Erdinneres

shotshop.com

Fir d’Wëssenschaftler ass d’Äerd hautdesdaags quasi duerchsiichteg. A besonnesch vill zu dësem Wësse bäigedroen huet d’Seismologie: d’Fuerschung un Äerdbiewen. Ëmmer wann et iergendwou op  der Äerd e Biewe gëtt, gëtt dat de Seismologen eng helle Wull vun Indikatiounen iwwer d’Banneliewe vun der Äerd.

A wéi funktionéiert dat?

En Äerdbiewen entsteet duerch ruckarteg Beweegunge vu ënnerierdeschem Gestengs. Dobäi gëtt d’Äerdkugel wéi eng Klack ugeschloen an a Schwéngung versat. An dobäi entsti verschidden Zorte vu Wellen a villerlee Frequenzen. An dës beweegen sech iwwer d’Äerduewerfläch awer och queesch duerch dat bannescht vun der Äerd.

Jee no der Zesummesetzung vum Material, wou d’Wellen doduerch ginn, breeden sech d’Wellen an aner Vitessen aus. Zudeem ginn d’Wellen ënnerwee gedämpft, gestreet a reflektéiert. Wa se da bis bei der Miessstatioun ukommen, sinn an de Welle vill Informatiounen iwwer d’Zesummesetzung an d’Struktur aus dem banneschte vun der Äerd gespäichert. Dës Informatioune kënnen d’Seismologe mathematesch erausfilteren.

A wat hunn d’Äerdbiewewelle verroden?

Aus den Analysen hunn d’Fuerscher geléiert datt d’Äerd änlech wéi eng Ënn opgebaut ass: si besteet aus méi Schichten déi ënnerschiddlech Eegenschaften hunn. Graff gesot besteet d’Äerd aus enger dënner Krust, engem Mantel an engem baussechten a banneschte Kär.

Gëtt et dann och aner Méiglechkeete fir dat Bannescht vun der Äerd ze erfuerschen?

Jo eng ganz Partie. Prezis Moossunge vum Äerdmagnéitfeld verroden eis d’Verdeelung vu magnéiteschem Materialien am Ënnergrond. Vulkanausbréch brénge Material aus der Déift un d’Uewerfläch, dat sech dann ënnersiche léist. An souguer e Bléck no baussen an de Weltall erméiglecht e Abléck an den Äerdkär.

Ok? Wéi léist de Weltall sech da fir Äerdënnersichungen notzen?

Et kleng onlogesch mee et sinn d’Meteoriten, déi nach aus der Fréizäit vun eisem Sonnesystem stamen, déi eis villes verroden. Déi sinn héchstwarscheinlech aus dem selwechte Material wéi eisen Äerdmantel oder den Äerdkär a verroden eis Detailer iwwer d’Zesummesetzung.

Geet dat och méi buedemstänneg?

Jo kloer. A Labosexperimenter gi Konditiounen, wéi se a grousser Déift sinn, nogemaach: mat extrem héijen Drock. Sou kann een erausfanne wéi bestëmmte Materialien ënner dëse Bedingunge verhalen. Dat hëlleft da bei dem Deite vun de seismesche Moossungen a dës Resultater wäerte sécher nach sou munch Iwwerraschung aus dem banneschte vun der Äerd un d’Uewerfläch bréngen. Do bleift d’Fuerschung also nach spannend.

Auteur: scienceRELATIONS
Editeur & Iwwersetzer: Michèle Weber (FNR)

Infobox

Mister Science op RTL RADIO

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d’Emissioune fënns du hei: http://radio.rtl.lu/emissiounen/science/

Aussi intéréssant

Univers Les satellites dans l’espace parlent avec la Terre.

Des centaines de satellites tournent autour de la Terre. Mais à quoi servent-ils au juste ?

FNR
Evolutioun Wéini gëtt et eis Welt net méi?

An engem sinn d’Fuerscher sech zimlech eens: Liewe soll et éigentwann keent méi op der Äerd ginn. D’Haaptursaach ass d‘...

FNR
Geodynamik En halleft Jorhonnert Miessungen zu Lëtzebuerg

Wann et iergendwou op der Äerd rubbelt, da mierke mir dat hei zu Lëtzebuerg.

Aussi dans cette rubrique

Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR
Den Toun mécht d’Musek Sinn eis Museksinstrumenter falsch gestëmmt?

Huet Musek mat engem Grondtoun vu 432 Hz e speziellen Afloss op Kierper a Geescht?

FNR