AdobeStock/Andrey Popov
Links klassische Zigarette, rechts eine E-Zigarette (Vape)
Souwäit mir haut wëssen, ass Fëmmen däitlech méi schiedlech ewéi Vapen. Dee wichtegste Grond dofir ass d'Verbrennung vum Tubak: Dobäi entsti méi ewéi 7.000 cheemesch Stoffer, dorënner op d'mannst 250 gesondheetsschiedlech an 69 kriibserreegend Stoffer, wéi zum Beispill Godrong oder Kuelemonoxid. Beim Vapen dogéint gëtt eng Flëssegkeet erhëtzt, dee sougenannte „Liquid“. Doduerch fält d'Belaaschtung mat enger ganzer Rei vun dëse Schuedstoffer däitlech méi kleng aus. Gesond ass Vapen dofir awer nach laang net.
Wat genau ass da schiedlech dorun?
De Liquid, dee beim Vapen erhëtzt gëtt, enthält nieft den Trägerflëssegkeeten an Aromaen oft och Nikotin aus der Tubakplanz. Een Deel vum Liquid evaporéiert mat all sengen Inhaltsstoffer. Beim Ofkillen entstinn doraus ganz kleng Drëpsercher. Dës Mëschung aus Damp an Drëpsercher ass den Aerosol, deen een anotemt.
A genau do läit de Problem. Mam Aerosol geréit Nikotin déif an d'Otemweeër a vun do aus iwwer d'Blutt ganz séier an d'Gehier, wou e staark ofhängeg mécht. Aner Bestanddeeler vum Liquid kënnen d'Schläimhait an d'Longe reizen. Duerch dat staarkt Erhëtzen entstinn ausserdeem nei cheemesch Verbindungen. E puer dovu gëllen als gëfteg oder kriibserreegend a kéinten och dem Häerz-Kreeslaf-System schueden. A verschidde Schuedstoffer kënne souguer vum Apparat selwer stamen, wann zum Beispill Metaller aus der Heizspiral fräigesat ginn. Wat genau am Aerosol lant, hänkt vum Liquid, vum Apparat an dovunner of, wéi waarm e gëtt.
Da kënnt et also dorop un, wat beim Vapen alles mat ageotemt gëtt. Wat fir eng Stoffer si besonnesch problematesch?
Virun allem d'Aromae spillen eng Roll. Vill vun dëse Stoffer kenne mir aus Liewensmëttelen. Ob se awer geneesou onbedenklech sinn, wa mir se reegelméisseg anootmen, ass nach laang net fir se all gekläert. Verschidden Aromae kënnen d'Otemweeër reizen oder Zelle schiedegen. Beim Erhëtze kënne se ausserdeem dozou bäidroen, datt weider Schuedstoffer entstinn.
Modern Vapes enthalen oft nach Killstoffer, déi d'Inhaléiere méi agreabel maachen. Och iwwer hir Wierkung beim Anootme wësse mir bis elo net vill (Jabba et al., 2022 & 2023). An nach méi schwiereg gëtt et bei der Fro, wat passéiert, wa Leit esou Stoffmëschungen iwwer vill Joren ewech anootmen. Änlech ass et bei Geräter, déi Tubak erhëtzen: Sie kënnen op den éischte Bléck mat Vapes verwiesselt ginn. Mee amplaz vun engem Liquid erhëtzen si echten Tubak a setzen och schiedlech Stoffer fräi. Och do feele bis elo nach wichteg Äntwerten. An dowéinst bleift et spannend an der Fuerschung.
Wegwerf-Vapes: kleng Apparater, e groussen Offallproblem
Eewee-Vapes si keng modern Zigarettestëmp. Et si vollwäerteg Elektroapparater am Klengformat. Se enthalen eng Platinn, eng Heizspiral, Sensoren an e Lithium-Ionen-Akku. Zesummegesat besti se aus Plastiker, Industriemetaller a kritesche Rostoffer ewéi Kobalt, Néckel oder Antimon, deenen hiren Ofbau grouss sozial an ekologesch Problemer mat sech bréngt. Dobäi kommen den Tank oder d'Kartusch mat Reschter vum Liquid.
Wa se onbeduecht ewechgehäit ginn oder am normalen Drecksbac landen, ginn dës Rostoffer verluer. Och kënnen Nikotin, Schwéiermetaller an aner bedenklech Stoffer an d'Ëmwelt geroden a Biedem oder Gewässer belaaschten.
Besonnesch problematesch sinn d'Akkuen: Wa se an Dreckscamionen oder Zortéieranlage beschiedegt ginn, kënne se Feier fänken a Bränn ausléisen.
Eewee-Vapes gehéieren dofir net bei den Hausdreck, mee mussen als Elektroschrott entsuergt a recycléiert ginn.
D'Anatomie vum Aerosol: Wat stécht eigentlech an enger Vape?
Wat am Tank vun enger E-Zigarett stécht, ass nëmmen den Ausgangspunkt. Beim Erhëtze verännert d'Mëschung sech an esouguer den Apparat selwer ka Stoffer an den Aerosol fräisetzen.
D'Basis
Propylenglykol a Glycerin maachen de gréissten Undeel vu ville Liquids aus. Propylenglykol huet keng Faarf an ass éischter dënnflësseg. En déngt virun allem als Träger fir Aromaen an Nikotin. Glycerin ass méi déckflësseg a suergt ënner anerem fir deen dichten Aerosol. Béid Stoffer evaporéiere beim Erhëtzen a bilde beim Ofkille ganz kleng Drëpsercher.
Cheemesch komplett onverännert bleiwe se dobäi net. Bei héijen Temperature kënne se sech deelweis zersetzen. Dobäi entstinn ënner anerem Carbonyllen ewéi Formaldehyd, Acetaldehyd oder Acrolein. Dat ass gesondheetlech relevant: Formaldehyd gëllt als kriibserreegend, Acrolein ka beispillsweis d'Otemweeër staark reizen. Wéi vill vun dëse Stoffer entstinn, hänkt ënner anerem vun der Temperatur, der Leeschtung vum Apparat an der Zesummesetzung vum Liquid of.
Nikotin, Aromaen a Killstoffer
Vill Liquids enthalen Nikotin. Dorënner gi vill Aromastoffer gemëscht, z. B. Vanill, Friichten, Cola oder Knätsch. Vill vun dëse Stoffer ginn och fir d'Aromatiséiere vu Liewensmëttelen agesat. Dat heescht allerdéngs net automatesch, datt se och ouni Bedenken ageotemt kënne ginn.
Zousätzlech enthale modern Vapes oft syntheetesch Killstoffer. Se suerge fir e killt Gefill beim Anootmen, ouni datt se selwer no Menthol schmaache mussen. Fir vill Aroma- a Killstoffer feele bis elo ëmfaassend Donnéeën doriwwer, wat passéiert, wa Leit se reegelméisseg iwwer d'Long ophuelen (Jabba et al., 2022 & 2023). Bei verschiddener sinn a Labosstudien entzündlech oder zellschiedegend Wierkunge festgestallt ginn.
Wat beim Erhëtzen nei entsteet
Beim Erhëtzen zersetze sech awer net nëmmen eenzel Stoffer aus dem Liquid. Aus Trägerflëssegkeeten an Aromastoffer entstinn dobäi och ganz nei Verbindungen. Méi héich Temperaturen a Leeschtungen erhéije bei villen Apparater d'Quantitéit vun esou Reaktiounsproduiten. Wat fir eng de Benotzer tatsächlech anotemt, hänkt dofir net nëmme vum Liquid of, mee och dovun, wéi den Apparat bedriwwe gëtt.
Wat aus dem Apparat kënnt
Net alles, wat spéider am Aerosol stécht, staamt aus dem Liquid oder entsteet beim Erhëtzen. Den Apparat selwer kann och Stoffer bäisteieren. Heizspiralen, Léitstellen an aner Baudeeler kënne beispillsweis Metaller fräisetzen. Ënnersichungen hunn ënner anerem Néckel, Chrom, Bläi, Koffer a Mangan fonnt.
Bei e puer Eewee-Vapes huet d'Metallbelaaschtung wärend der Notzung däitlech zougeholl, méiglecherweis, well Baudeeler duerch Hëtzt a Kontakt mam Liquid alteren oder korrodéieren.
Am Tank stécht also eng verhältnisméisseg iwwerschaubar Mëschung. Wat zum Schluss ageotemt gëtt, ass cheemesch däitlech méi komplex.
Fëmmert, Netfëmmert, Duebelnotzer: Fir wien ass Vape manner schiedlech?
Ob E-Zigarette gesondheetlech e Virdeel bréngen, hänkt staark dovun of, woumat ee se vergläicht. Fir Netfëmmerte gëtt et kee gesondheetlechen Notzen: Wie virdru weeder gefëmmt nach gevapet huet, setzt sech duerch E-Zigaretten zousätzleche Schuedstoffer a meeschtens och Nikotin aus.
Bei Fëmmerte gesäit et anescht aus. Wie ganz vun Tubakzigaretten op E-Zigaretten ëmsteigt, vermeit e groussen Deel vun de Schuedstoffer, déi bei der Verbrennung vun Tubak entstinn. E-Zigarette kënnen ausserdeem dobäi hëllefen, mam Fëmmen opzehalen. Eng aktuell Cochrane-Review weist, datt nikotinhalteg E-Zigaretten dobäi méi effikass sinn ewéi klassesch Nikotinersatzproduite wéi Patchen oder Knätschen. Vun 100 Fëmmerte packe mat E-Zigaretten ongeféier aacht bis zéng Leit den Ausstig wärend op d'mannst sechs Méint, mat Nikotinersatz ongeféier sechs.
Ausschlaggeebend ass allerdéngs, datt ee komplett op E-Zigaretten ëmsteigt. Vill Leit benotzen E-Zigaretten zousätzlech zu normalen Zigaretten. Duerch dësen Duebelkonsum gëtt d'Belaaschtung duerch Tubakdamp net zouverlässeg reduzéiert. Eng aktuell Metaanalys huet bei esou Duebelnotzer fir eng Rei Erkrankungen esouguer méi héich Risike fonnt ewéi bei Leit, déi just gefëmmt hunn. Allerdéngs beroue vill vun den ausgewäerte Studien op Observatiounsdonnéeën, soudatt sech doraus net fir all Erkrankung en eendeitegen Zesummenhang tëschent Ursaach a Wierkung ofleede léisst.
Och nodeem ee ganz opgehal huet mat fëmmen, schéngt eng komplett Abstinenz déi bescht Variant ze sinn. Eng grouss südkoreanesch Kohortestudie mat méi ewéi 4,5 Milliounen Erwuessener huet bei fréiere Fëmmerten, déi dono all Dag E-Zigarette benotzt hunn, méi dacks Longekriibs a Longekriibsdoudesfäll festgestallt ewéi bei fréiere Fëmmerten, déi och op E-Zigarette verzicht hunn. Déi Studie kann allerdéngs net beweisen, datt d'Vapen d'Ursaach dofir war.
A wéi ass et mat Geräter, déi Tubak erhëtzen?
Net alles wat dämpt ass eng klassesch Zigarett oder eng modern E-Zigarett. Tëscht deene béide Forme gëtt et nach déi Geräter, déi Tubak erhëtzen oder Heated Tobacco Products - kuerz HTPs. Amplaz vun engem Liquid erhëtzen si echten Tubak, meeschtens mat spezielle Sticks. Wärend eng klassesch Zigarett beim Zuch Temperature vu bis zu ongeféier 900 Grad Celsius erreecht, bleiwe Geräter déi Tubak erhëtzen - jee no Gerät - däitlech do drënner. Bei engem IQOS-Gerät gëtt den Tubak z. B. op 320 bis 350 Grad erhëtzt. Doduerch entsti vill schiedlech Stoffer, déi och am Zigarettendamp virkommen, a gerénge Quantitéiten.
Harmlos ass den Aerosol trotzdeem net. En enthält och Nikotin a vill gesondheetsschiedlech Stoffer. En aktuelle Review vu 74 industrieonofhängegen Etüde weist: D'Konzentratioun vu ville schiedleche Stoffer, déi typesch fir Tubak sinn, wéi Nitrosaminer oder Carbonyler sinn zwar méi niddreg wéi am Zigarettendamp, mee eng Rei kriibserreegend Stoffer goufen awer och a méi héije Konzentratioune fonnt. Dobäi komme Substanzen, déi typesch fir déi Tubakserhëtzer sinn, dorënner Formaldehyd-Cyanhydrin a Verbindungen aus Plastiker.
Och déi gesondheetlech Bewertung ass nach onsécher. Etüden zur kuerzfristeger Wierkung weisen z. B. Verännerunge beim Häerz-Kreeslaf-System an der Long. En aktuelle Review huet och Verännerungen am Bluttdrock, Gefässfunktioun an oxidativem Stress no HTP-Notzung fonnt. Laangzäitdonnéeë feele komplett. Deen Androck confirméiert och eng aktuell systematesch Iwwersichtsaarbecht. Déi huet 40 klinesch Etüden ausgewäert. Dovunner haten der 29 e Lien mat der Tubakindustrie an nëmmen 10 onofhängeg; eng Etüd konnt net eendeiteg agereit ginn. Nëmmen néng Etüden si méi laang wéi fënnef Deeg gelaf, 19 hu souguer nëmmen eng eemoleg Notzung ënnersicht. Bei 32 Studien gouf de Verzerrungsrisiko als héich agestuuft. Entspriechend virsiichteg fält de Fazit aus: Bis elo ginn d'Donnéeën nach net duer, fir belaaschtbar Aussoen ze maachen.
Auteur: scienceRELATIONS/Kai Dürfeld
Redaktioun : Michèle Weber (FNR)
Iwwersetzung: Nadia Taouil (www.t9n.lu)
Infobox
Goniewicz ML, Smith DM, Edwards KC et al. Comparison of Nicotine and Toxicant Exposure in Users of Electronic Cigarettes and Combustible Cigarettes. JAMA Network Open. 2018;1(8):e185937. doi: 10.1001/jamanetworkopen.2018.5937.
National Cancer Institute (NCI): Harms of Cigarette Smoking and Health Benefits of Quitting. https://www.cancer.gov/about-cancer/causes-prevention/risk/tobacco/cessation-fact-sheet
Solingapuram Sai KK, Zuo Y, Rose JE, Garg PK, Garg S, Nazih R, Mintz A, Mukhin AG. Rapid Brain Nicotine Uptake from Electronic Cigarettes. J Nucl Med. 2020 Jun;61(6):928-930. doi: 10.2967/jnumed.119.230748. Epub 2019 Nov 1. PMID: 31676729; PMCID: PMC8008769.
Stewart BW et al. The carcinogenicity of e-cigarettes: a qualitative risk assessment. Carcinogenesis. 2026;47(1):bgag015. doi: 10.1093/carcin/bgag015.
Nicholas D Buchanan, Jacob A Grimmer, Vineeta Tanwar, Neill Schwieterman, Peter J Mohler, Loren E Wold, Cardiovascular risk of electronic cigarettes: a review of preclinical and clinical studies, Cardiovascular Research, Volume 116, Issue 1, 1 January 2020, Pages 40–50, https://doi.org/10.1093/cvr/cvz256
Jabba SV et al. Ice Flavors and Non-Menthol Synthetic Cooling Agents in E-Cigarette Products: A Review. Nicotine & Tobacco Research. 2023. https://tobaccocontrol.bmj.com/content/32/6/769.long
Jabba SV et al. Synthetic Cooling Agents in US-marketed E-cigarette Refill Liquids and Popular Disposable E-cigarettes: Chemical Analysis and Risk Assessment. Nicotine & Tobacco Research. 2022. https://academic.oup.com/ntr/article/24/7/1037/6528985?login=true
Leventhal AM, Tackett AP, Whitted L, Jordt SE, Jabba SV. Ice flavours and non-menthol synthetic cooling agents in e-cigarette products: a review. Tobacco Control. 2023;32(6):769–777. doi: 10.1136/tobaccocontrol-2021-057073.
Turner A, Scott JW, Backshall-Kennedy T, Dabrowski MC. Deconstructing contemporary disposable vapes: A material and elemental analysis. Science of the Total Environment. 2024;954:176292. doi: 10.1016/j.scitotenv.2024.176292. https://www.sciencedirect.com/science/article/pii/S0048969724064489?via%3Dihub
Nakamura K et al. Ignition and fire-related incidents caused by lithium-ion batteries in waste treatment facilities in Japan and countermeasures. Resources, Conservation and Recycling. 2024;202:107398. doi: 10.1016/j.resconrec.2023.107398. https://waseda.elsevierpure.com/en/publications/ignition-and-fire-related-incidents-caused-by-lithium-ion-batteri/
Flora JW et al. Chemical Composition of Aerosol from an E-Cigarette: A Quantitative Comparison with Cigarette Smoke. Chemical Research in Toxicology. 2016. doi: 10.1021/acs.chemrestox.6b00188.
Sherwood CL, Boitano S. Airway epithelial cell exposure to distinct e-cigarette liquid flavorings reveals toxicity thresholds and activation of CFTR by the chocolate flavoring 2,5-dimethylpyrazine. Respiratory Research. 2016;17:57. doi: 10.1186/s12931-016-0369-9. https://link.springer.com/article/10.1186/s12931-016-0369-9
Jameson JB et al. Determination of chemical constituent yields in e-cigarette aerosol using partial and whole pod collections, a comparative analysis. Frontiers in Chemistry. 2023;11:1223967. doi: 10.3389/fchem.2023.1223967.
Lindson N, Butler AR, McRobbie H, Bullen C, Hajek P, Wu AD et al. Electronic cigarettes for smoking cessation. Cochrane Database of Systematic Reviews. 2025; Issue 1. https://www.cochranelibrary.com/cdsr/doi/10.1002/14651858.CD010216.pub8/full
Glantz SA, Oliveira da Silva AL. Comparison of e-Cigarette and Cigarette Use and Dual Use Associations With Disease: Updated Systematic Review and Meta-Analysis. Public Health Reports. 2026;141(4):509–523. doi: 10.1177/00333549251403349. https://journals.sagepub.com/doi/10.1177/00333549251403349?url_ver=Z39.88-2003&rfr_id=ori:rid:crossref.org&rfr_dat=cr_pub%20%200pubmed
Kim YW, Park EJ, Kwak KI, et al. Electronic cigarette use after smoking cessation and lung cancer risk. Nature Medicine. 2026;32:2410–2419. doi: 10.1038/s41591-026-04469-5. https://www.nature.com/articles/s41591-026-04469-5
Davigo M, van Schooten FJ, Opperhuizen A, Remels AHV, Talhout R. The chemical profile and toxicological impact of heated tobacco products. Inhalation Toxicology. 2026;38(2):77–94. Doi: 10.1080/08958378.2026.2615967. https://www.tandfonline.com/doi/full/10.1080/08958378.2026.2615967#abstract
Braznell S, Dance S, Hartmann-Boyce J, Gilmore A. Impact of heated tobacco products on biomarkers of potential harm and adverse events: a systematic review and meta-analysis. Tobacco Control. 2026;35(3):391–403. Doi: 10.1136/tc-2024-059000. https://pubmed.ncbi.nlm.nih.gov/40300839/
Salman R, Talih S, El-Hage R, Haddad C, Karaoghlanian N, El-Hellani A, Saliba NA, Shihadeh A. Free-Base and Total Nicotine, Reactive Oxygen Species, and Carbonyl Emissions From IQOS, a Heated Tobacco Product. Nicotine & Tobacco Research. 2019;21(9):1285–1288. Doi: 10.1093/ntr/nty235. https://academic.oup.com/ntr/article/21/9/1285/5203659?login=false
Ben Saad S, Hrizi C, Balloumi N, Ben Mansour A. Effects of Heated Tobacco Products compared to Conventional Cigarettes on Cardiovascular System: A Systematic Review. La Tunisie Médicale. 2025;103(9):1183–1194. Doi: 10.62438/tunismed.v103i9.6233. https://pubmed.ncbi.nlm.nih.gov/41848134/
Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenn vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch presentéiert de Mr Science op RTL Radio, wat fir eng Fuerschung hanner Objeten aus dem Alldag stécht. All d’Emissioune fënns du hei: http://radio.rtl.lu/emissiounen/science/.