
(c) John
Heiansdo iwwerkënnt ee spontan eng fuerchtbar Angscht, an et weess een net firwat! D’Gedanken dréinen engem am Kapp rondrëm, et huet een Häerzklappen an et weess een nëmmi wat ee fir d’éischt soll man! Ass dat eng Panik-Attack?
Dat ass schwéier ze soen! Eng richteg Panik-Attack ass wierklech hefteg, a glécklecherweis immens selten! Do kriss de vun enger Minutt op déi aner onerkläerlech extrem Angscht, du verléiers all Kontroll an hues d’Gefill du giffs stierwen oder geckeg ginn!
Uh, dat klengt awer elo méi krass wéi dat Angschtgefill wat ech heinsdo hunn!
Eng Panik-Attack ass am Fong eng extrem hefteg Angscht-Attack. Eng Angscht-Attack ka méi oder manner schlëmm sinn a gëtt meeschtens duerch Stress, Middegkeet oder Iwwerfuerderung ausgeléist. Bei enger Panik-Attack weess ee meeschtens net wat se ausléist, mee d’Leit beschreiwen et als déi schlëmmsten Erfahrung aus hirem ganze Liewen!
Krass! Wat geschitt dann do genee?
Et fänkt mat onerkläerlecher Angscht un. Aus iergendengem Grond reagéiert däi Kierper, wéi wann en engem Grizzli giff vis-à-vis stoen! Adrenalin schéisst duerch de Kierper, fir en op e liewensgeféierleche Kampf virzebereeden: däin Häerz schléit méi séier, du hyperventiléiers an d’Blutt fléisst all an deng Muskelen.
Mee a Wierklechkeet ass jo guer kee Grizzli do…
Genee! Däi Kierper ass a Kampfpositioun, mee well‘s de net kämpfs, huet e kee Ventil fir rëm e Gläichgewiicht hirzestellen. Dofir tauchen dann all d’Symptomer vun enger Panik-Attack op: et gëtt der liicht am Kapp, du hues Tunnelbléck, d’Gefill du häss en Häerzinfarkt oder du kris net genuch Loft, an esou weider! Du hues also wierklech d’Gefill, du giffs stierwen an du verléiers komplett d’Kontroll. Mee meeschtens hëlleft et de Leit, fir einfach nëmmen ze wëssen an ze verstoen, wat an hirem Kierper geschitt. Dat gëtt hinnen d’Kontroll zréck a si kenne besser mat esou Attacken ëmgoen.
A wéi genee ee besser mat esou Attacken ëmgeet, dat fënnt een an der Infobox eraus!
Auteur: Corinne Kroemmer
Foto: © John