Also just nëmme fir an d’Guiness Buch vun de Rekorder ze kommen, war déi Aktioun zwar zimlech krass! Mee do ass dach bestëmmt méi dohannert ?
Eigentlech war et e grousst Experiment fir nei Technologien an Ausrüstungen ze testen. An den Impakt vun esou Extremsituatiounen op eise Kierper stoung natierlech och am Mëttelpunkt. Du hues vläit scho vun deene Weltallreesen héieren, déi an deenen nächste Jore Wierklechkeet solle ginn. Also Reesen, wou ee mat engem Fliger un de Rand vun eiser Atmosphär flitt. An an deem Fall musse jo Evakuatiounsméiglechkeete getest ginn a Sécherheetsmoossnamen entwéckelt ginn.
Wat waren dann esou déi gréissten Erausfuerderunge bei deem Sprong?
Ech mengen dat war d’Schallmauer! Nach ni huet e Mënsch déi eleng duerchbrach, ouni de Schutz vun engem Fliger. Do wousst also kee wat géif geschéien. Si hunn natierlech Tester gemaach fir säi Liewen net onnëtz a Gefor ze bréngen, mee de genauen Impakt huet kee kannt.
An de fräie Fall war Peanuts?
Jo, mee dat ass awer scho säit de 60er Jore gewosst. De Joseph Kittinger ass deemools aus enger Héicht vun 31 km erofgespronge, an hält mat engem fräie Fall vun 4 Minutten an 36 Sekonne säit deem de Weltrekord. An de Felix huet deen iwweregens net gebrach!
Seriö? Hien ass jo awer vun 39 km gesprong!
Jo, mee grad dofir ass de Felix méi séier gefall. Well op 39 km bal keng Atmosphär méi ass, gëss de och net vum Loftwidderstand gebremst, an du beschleunegs vill méi! De Kittinger hat eng maximal Geschwëndegkeet vun 988 km/h, an de Felix vun 1342 km/h! Hie war also vill méi séier hei ënnen, an huet dofir de Fallschierm och schonn no 4 Minutten an 16 Sekonne missen opmaachen fir de fräie Fall ze bremsen. De Kittinger hat et also 20 Sekonne méi laang ausgehalen.
Krass, mee d’Saach ass jo gutt ausgaang! Vläit si mer dem Weltalltourismus dann elo e Schrëtt méi no!
Text: Corinne Kroemmer
Infobox
All 2 Wochen beäntwert de Mister Science op Eldoradio är Froen.
Dës Fro gouf den 04/10/11 opgeholl
Scheck och deng Fro op: mister.science_at_fnr.lu
Natierlech si virun deem extrem mediatiséierten Experiment eng Rei onbemannten Tester gemaach ginn, an Tester aus manner extremer Héicht.
Et ass ee groussen onbemannten Test gemaach ginn, fir sécher ze goen dass d’Ausrüstung an d’ganz Material prett wier, fir déi éischt richteg Spréng. Duerno huet de Felix Baumgartner 2 Tester gemaach, wou en aus 21 km, respektiv 29 km gesprongen ass. Op dëse Spréng huet e säi perséinleche Rekord gebrach, mat enger Geschwindegkeet vun 864 km/h. De 14 Oktober 2012 koum dunn de grousse Moment, an de Felix Baumgartner ass aus 39 km Héicht gesprong an huet eng maximal Geschwindegkeet vun 1 342,8 km/h während sengem fräie Fall vun 4 Minutten a 16 Sekonnen erreecht.
An de 60er Joren hun 2 Equipen ähnlech Experimenter gemaach:
Den Amerikaner Jospeh Kittinger ass de 16ten August 1960 erfollegräich aus 31 km Héicht gesprong, an huet de Rekord fir maximal Geschwindegkeet (988 km/h) a längste fräie Fall (4 Minutten 36 Sekonnen) gesat.
Eng russesch Equipe, de Pyotr Dolgov an den Yevgeni Nikolayevich Andreyev, sinn den 1schten November 1962 och aus enger Kapsel gesprongen. Den Andreyev huet säi Sprong aus 24 km erfollegräich hannert sech bruecht. Mee den Dolgov, deen en Drockkostüm an der Versuchsphase sollt testen, hat manner Chance bei sengem Sprong aus 28 km Héicht. Wéi en aus der Kapsel geklomm ass, ass e mam Helm entzwuesch widdergeknuppt an d’Viséier ass gerass. Säin Drochkostüm huet also de ganzen Drock verluer an den Dolgov ass gestuerwen.
D‘Nasa ass wuel dat gréissten a bekannteste Fuerschungsinstitut dat sech mam Weltall beschäftegt an ass d’dreiwend Kraaft hannert Projete wéi der Mars Missioun. Mee dat sinn esou grouss, eenzegaarteg an deier Experimenter, dass si mat deene beschte Spezialisten op der Welt zesumme schaffen. Sou huet zum Beispill d’Departement vun der Planéitefuerschung vum “Deutschen Zentrums für Luft- und Raumfahrt“ d’Kamera entwéckelt, mat deenen déi bekannte Marsopnahme gemaach gi sinn. Si schaffen donieft och um Ausbau vun ISS, enger internationaler Raumstatioun déi souzesoen e Fuerschungslabo mat Flilleken ass.
Säit den 80er Jore spillt Lëtzebuerg eng grouss Roll an der Weltraumfuerschung, dank der SES an hirem Know-how an der Satelitten-Industrie.
Säit 2005 si mir och Member vun der ESA, der European Space Agengy, a schaffe säit 2009 un transnationale Fuerschungsprojete mat. Fir eisen Know-how besser kennen unzewennen a weider ze entwéckelen, huet d’Regierung de Projet LuxLaunch an d’Liewe geruff. Doduerch gi lëtzebuergesch Firmen a Fuerschungsinstituter ënnerstëtzt fir bei Missioune vum Fuerschungsprogramm vun der ESA matzeschaffen.